26.7.06

Spritverbrauch vu Klimaanlagen

Bei den aktuellen Temperaturen (verschidde Leit nennen dat jo „schéint“ Wieder!?) kéint ee sech jo mol d’Fro stelle em wéivill d’Autosklimaanlag de Bensinsverbrauch erhéigt. Wann ech soe „bis zu 5,7l/100km“, denkt ee vläicht als éischt un irgend e schwéire Luxusschlitt mat iwwerdriwwener Ausstattung. A Wierklechkeet ass et awer den erschreckende Wert vun engem Ford Fiesta.

Weider Detailer fënnt een an dësem interessanten Artikel zu enger plusminus-Sendung.

2 Kommentare:

Am/um 26.07.06, 16:30 , Blogger Airborne meinte...

Daat ass wirklech mol eng interessant Studie, allerdings misst een do mei verglaichbar Resulater hun fir denen Zifferen vertrauen kennen ze gin. Falls weider Studien dei selwechet Resulater gengen gin wir et naiterlch och interessant ze wessen, wou dei Ennerscheeder vun verschidenen Modellen geifen hier kommen.

Am allgemengen wie et mol eng interessant fro welchen Feedback den zousetlechen Energieverbrauch vun Klimaanlagen am allgemgen op global Klimererwärmung hun... =)

 
Am/um 26.07.06, 22:31 , Anonymous Anonym meinte...

Ween 37°C "schéin" Wieder nennt ass ... net méi normal :S

Dat mat der Klima-Anlag kennen ech ... mir hun och en zimmlech groussen Van (deen mer allerdings och wierklech brauchen), an do kann een richteg schéin gesin wéi den Tourenzähler fällt wann een d'Klima ausmescht - dofier sin ech zB och zimmlech konsequent doran, d'Klima direkt auszemaachen soubal meng kleng Geschwester nees mengen se missten d'Fenster opmaachen. Dann gin ech zwar ëmmer béis vernannt, mee no 5 min maachen se d'Fenster och nees vu selwem zou ... Iwwerhaapt fueren ech soulaang wéi et ze erdroen ass ouni Klima.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite