24.7.06

Kappwéi

… kréien ech alleng scho beim Gedanken op engem Notebook ze schaffe mat blénkegem Schierm. Wéi ech haut awer alt erem festgestallt hunn schéngen anstänneg, wëll heesche matt, Schiermer um Ausstiewen ze sinn.

Dofir e klengen Hiweis un d’Computerindustrie: Ech si ganz frou dass der verhënnere wëllt dass déi béis Hacker meng Passwierder ausspionéiren andeems se mer iwwert d’Schëller luussen. Mee wir et net méi einfach (a méi bëlleg) e klenge Rëckspigel op de Bord vum Display ze pechen, amplaz e 15" grousse Spigel anzesetzen? Dann hätt ech och ëmmer alles am Bléck, an ech kéint sougur tatsächlech um Notebook schaffen.

Elo awer mol seriö. Ech hu mëttlererweil erausfonnt dass d’glossy displays tatsächlech och solle Virdeeler hunn, besonnesch wann d’Sonn direkt op de Schierm schéngt. Meeschtens sëtzen ech allerdings net op enger Parkbänk oder enger Terrass wann ech schaffe wëll. An an zouene Reim, wéi a Computerbuttécker, fällt mer da virun allem eppes op: iwwerall blénkt a reflektéiert et a vu lauter Geliits erkennt ee bal net méi wat iwwerhaapt um Schierm geschriwwe steet. Ass dat Fortschrëtt?

Ech hoffe just dass ech net nach muss en Occasiouns-Notebook kafen, nëmme fir deem gröbsten denkbaren Designfeeler aus dem Wee ze goen. Ech schéngen iwwregens net den eenzegen ze sinn deen et einfach nëmmen topesch fënnt.

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite