11.10.06

DVD-Ofspillschutz

Et kënnt wéi et huet misse kommen: grad wéi sou munch Audio-CD kréien och elo DVDen en Ofspillschutz. Mat deem System soll et „onméiglech“ ginn DVDen op engem Computer ofzespillen. Ech fannen dat eng wonnerbar Initiativ déi mech viru finanziellem Ruin bewahrt. Well mäi Widescreen-Notebook huet mer grad rem Loscht ginn méi DVDen ze kucken ­– an ze kafen!

Mat sou massakréierten geschützten DVDen wäert ech et allerdéngs net anescht man wéi mat kopéiergeschütztenen Muséksscheiwen1: ech kafen se net. Och wann et mech wuel net viru gréisser technesch Erausfuerderunge géif stellen, sou sinn ech awer net bereed fir en express mannerwertegt Produkt Suen auszeginn.

E klengen Detail vun deem ech awer bis elo nach näicht gelies hunn ass, dass et net onbedingt méiglech ass eng op déi Manéier verkrëppelt DVD vun enger normaler ze ënnerscheeden. Well och eng ganz Rei normal DVDen droen d’Opschrëft „Diese DVD ist kopiergeschützt“, dat allerdings wéinst dem harmlosen an inefficacen CSS. (Oder iren ech mech?)

Sollt dee proposéierten Ofspillschutz wierklech ëmgesat ginn an net speziell gekennzechent ginn, da bléif fir mech just eng Léisung: komplette Verzicht. Mäi Portmonni seet Merci.


1 Vill Kopéierschutzen verstousse géint de Redbook-Standard an däerfen deementspriechend net als Compact Disc Digital Audio gezeechent ginn!

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite