4.11.06

De Woody Allen an den Inspector Gadget


Wat sollen déi zwee scho gemeinsam hunn?

D’Musek!

Beim Ofspann vum Scoop woar ech schon e bëssen erstaunt dass ech déi Melodie vun irgendwou kannt hunn. Séier ass mer agefall wouhir, mee dass et dem Inspector Gadget seng ass féiert zu enger anerer Fro: wéi kënnt et dozou? Da muss et bal irgend e klassescht Stéck ginn wat d’Inspiratioun fir béid Produktioune geliwwert huet.

Wéi di meescht kleng Alldags„problemer“ kann och dësen mat e bësse googlen geléist ginn. Wourop ech awer eigentlech eraus wëll ass dee klengen awer interessante Site deen ech dobäi fonnt hunn:
Op kickassclassical.com fënnt een dës an nach vill aner bekannte Melodien, a wou se iwwerall benotzt gi sinn. Och als Klassikmuffel kann et interessant sinn, kuerz bis eranzelauschteren. E bësse Kultur huet nach kengem geschued :-)

A fir déi déi et interesséiert, de Scoop ass eng typesch Woody Allen-Comédie, kaum innovativ, mee allemol witzeg an unterhaltsam. An e leeft an engem Kino an deem et net no Pizza(!) sténkt.

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite