23.10.06

22" > 19"


Virun allem an der Breet, huet de Pythagore gemengt.

Fir 379€ konnt ech einfach net widderstoen: ech hu mer gëscht en Acer AL2216W Bildschierm kaf. 22 Zoll am 16:10 Format, mat DVI.

A méngem „Lieblingsbutték“ (Hifi International) wosst de Verkeefer och direkt eng kompetent Äntwert op meng Fro ob en DVI-Kabel an der Këscht wir: „Huet dee Schierm en DVI-Uschloss??“.

Well awer tatsächlech e Kabel dobäi woar, hunn ech en direkt digital ugeschloss. Leider krut ech awer nëmmen eng pixeleg Opléisung vun 1024×768 gebueden (also och nach verzerrt). All d’Gefummels mat den X11 Modelines huet och näicht bruecht. Irgendwann hat ech es sat mat de Warnmeldungen (Xorg.0.log) dass 1680×1050 an 1440×900 méi grouss wéi d’BIOS-programméiert Limite vun 1280×1024 wieren.1 Per klasseschem Analog-Uschloss huet alles op Anhieb geklappt. Trotz D/A-A/D Wandlung ass d’Bild einwandfrei an dat ouni musse manuell nozehëllefen.

D’Bild ass och angenehm hell fir Filmer oder Fotoen ze kucken, mee fir ze Schaffe muss ech d’Hellegkeet sougur op 50% erofregele fir net geblend ze ginn.

Alles an allem sinn ech (bis elo) immens zefridden iwwert dat gutt Geschäft.

1 Dat kann effektiv eng Aschränkung vu ménger Grafikkoart sinn. An dëser Diskussioun gëtt vun engem ähnleche Problem geschwat deen och eng GeForce 5200 betrëfft. An dobäi hat ech mer extra eng mat DVI kaf fir zukunftssécher ze sinn. Souvill zum technesche Fortschrëtt.

5 Kommentare:

Am/um 23.10.06, 19:26 , Anonymous Anonym meinte...

Dat modernsten u mengem ganze Computer ass (an dat bäi wäitem) mäin Aldi 19" mat enger max. Opléisung vun 1240x1024. Den huet och DVI / VGA Uschloss, mee eng GeForce 2 MX huet eben nemmen VGA ;) Gleck ass et och dat déi al Kart iwwerhapt nach sou eng héich Opléisung ënnerstetzt (zwar sws nemmen mat 70 hz, mee dat mierkt een bei LCD'en jo nët). Bon, mier geet et duer (op alle Fall de Bildschierm) =)

 
Am/um 23.10.06, 19:28 , Anonymous Anonym meinte...

(Max Opléisung sollt natierlech 1280x1024 sin ...)

 
Am/um 17.04.07, 17:06 , Anonymous Anonym meinte...

ech hun deen selwechten an muss soen ech sin äusserst zefridden dermatt, ech krutt en deemols vier 310€, ma mettlerweil ass en souguer nemmen 280 € bei amazon, d muss een just een an d daitschland kennen, wou een en kann liweren lossen. bon trotzdeem gleckwonsch, an ech soen der wannste en bis eemol mat 1680 * 1050 laafen haas, wells de niemei eppes mei klenges.

 
Am/um 17.04.07, 21:49 , Blogger Tuxophil meinte...

@x3nu:
Et woar vläicht net ganz kloer, mee de Schierm leeft säit Ufank un mat 1680×1050, just eben iwwert VGA statt DVI.

An déi Opléisung bréngt et wierklech :-)

 
Am/um 19.04.07, 22:53 , Anonymous Anonym meinte...

vlait waar och einfach dei persoun, des sait vum schierm ze blöd alles ze verstoen

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite