15.6.07

No Censorship on flickr

Wat soll ech soen? Ech hätt net erwoart dass Däitschland elo well als groussen Zensurstaat ugesi gëtt. (Bis op hiren heiansdo iwwerdriwwene Jugendschutz, an deen ass och eventuell Schold um aktuelle Misère.)

An trotzdem geheit flickr momentan Däitschland, Singapur a Korea an een Dëppen an erlaabt Yahoo IDs aus deene Länner just nach den Zougrëff op Fotoen déi als “safe” déclaréiert goufen. Eigentlech hunn ech nach ni bewosst no “moderate” oder “restricted” Biller gesicht an et kéint mer relativ egal sinn. Mee bei enger sou topeger, iwwerdriwwener an onnéideger Zensur wéi bei flickr ginn ech dann awer e bësse queesch.

Hei e klenge Workaround fir all déi déi och onglécklecherweis virun e pur Méint eng däitsch Yahoo ID ugeluecht hunn: de BugMeNot fir de Firefox erméiglecht engem (bis elo mol) den onbürokrateschen Zougrëff op all déi jugendgefährdent Nippelen déi et op flickr ze gesi gëtt. Just dass een déi dann natirlech net bei seng Favoriten am normalen Account bäisetze kann.

Hei ass iwwregens eng vu ménge Fotoen déi ech mol als “moderate” markéiert hunn falls ee säin Account teste wëll. Et géif mech interesséiren wat dobäi rauskënnt. (Déi eege Fotoen schéngen nach net zenséiert ze ginn…)

Update: Ech hunn de Post iwwerlies a complétéiert.

Labels:

3 Kommentare:

Am/um 15.06.07, 22:08 , Anonymous Anonym meinte...

"This photo is unavailable to you." Bon, ass mer och eigentlech egal. Ech hun deen Hype em flickr souwisou ni verstaanen, vläit well ech scho joërelaang mäin eegenen Server mat genuch Plaaz fir all meng Fotoen hun. Bei flickr sin ech och just ugemellt, well ech mer et eemol wollt ukucken. Wat solls, iergendwann huet d'Web 2.0 Bloos jo musse platzen, wéinstens platzt se mat enger schéiner Userrevolt. Déi Saachen déi an Däitschland verbueden sin stin iwwregens schon an den Terms vu flickr selwer. Dat Ganzt ass just eng Idiotie vun Yahoo...

 
Am/um 15.06.07, 22:44 , Anonymous Anonym meinte...

Et kënnt net op en däitsche Account un, mee op d'IP-Adress, di kontrolléiert gëtt. Hat ech mol geliës. Do dierft den BugMeNot eigentlech och net vill weider hëllefen.

 
Am/um 16.06.07, 12:21 , Blogger Tuxophil meinte...

@thierry: Ech fannen de flickr och just flott wéinst dem agreablen Interface an dem gratis Storage. De Web 2.0 Aspekt mat de User Groups etc. ass mer zimlech egal. Ech si just ze knéckeg en eegene Server ze lounen. (An ech verbrénge schonn zevill Zäit virum PC.)

@pa: D’IP-Adress ze filteren wir dach vill ze logesch… (wann och net perfekt). Et ass awer tatsächlech sou dass gefiltert gëtt wann d’Yahoo ID eng däitsch ass, och wann d’IP-Adress eendäiteg eng lëtzebuergesch ass.

Déi däitsch Gesetzeslag ass awer wuel net onschëlleg un där Situatioun. Soss géif flickr sech jo kaum dorop beruffen an hiren Erklärungen.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite