15.6.07

No Censorship on flickr

Wat soll ech soen? Ech hätt net erwoart dass Däitschland elo well als groussen Zensurstaat ugesi gëtt. (Bis op hiren heiansdo iwwerdriwwene Jugendschutz, an deen ass och eventuell Schold um aktuelle Misère.)

An trotzdem geheit flickr momentan Däitschland, Singapur a Korea an een Dëppen an erlaabt Yahoo IDs aus deene Länner just nach den Zougrëff op Fotoen déi als “safe” déclaréiert goufen. Eigentlech hunn ech nach ni bewosst no “moderate” oder “restricted” Biller gesicht an et kéint mer relativ egal sinn. Mee bei enger sou topeger, iwwerdriwwener an onnéideger Zensur wéi bei flickr ginn ech dann awer e bësse queesch.

Hei e klenge Workaround fir all déi déi och onglécklecherweis virun e pur Méint eng däitsch Yahoo ID ugeluecht hunn: de BugMeNot fir de Firefox erméiglecht engem (bis elo mol) den onbürokrateschen Zougrëff op all déi jugendgefährdent Nippelen déi et op flickr ze gesi gëtt. Just dass een déi dann natirlech net bei seng Favoriten am normalen Account bäisetze kann.

Hei ass iwwregens eng vu ménge Fotoen déi ech mol als “moderate” markéiert hunn falls ee säin Account teste wëll. Et géif mech interesséiren wat dobäi rauskënnt. (Déi eege Fotoen schéngen nach net zenséiert ze ginn…)

Update: Ech hunn de Post iwwerlies a complétéiert.

Labels:

13.6.07

Milk meets Coffee

Wat een net alles verpasst wann ee säi Kaffi schwoarz drénkt…


(Foto vum Irene Müller, via Boing Boing)

Labels:

29.12.06

Offenblitzmethode

… heescht mat onbegrenzter Beliichtungszäit ausléisen, mat engem Blëtz rondremlafen a soulaang blëtze bis ee mengt dass den CCD (oder den Negativ) genuch beliicht ginn ass. Alternativ kann een d’Motiv och mat Täscheluuchten ausliichten. Wann ee béides kombinéiert kritt een eventuell flott Foarfeffekter wéinst den ënnerschiddleche Foarftemperaturen.

Ech hunn e pur bescheiden Experimenter op de Flickr gesat.

Labels:

24.8.05

Interestingness

Säit der Aféirung Ufank des Mounts zitt et mech ëmmer rem dohin: Interestingness ass souzesoen d’Flickr-Versioun vum Pagerank-Algorithmus. Wéivill mol ugeklickt, drop verlinkt, als Favorite gespäichert, dat sinn nëmmen e pur vun de Kriterien déi bestëmme wéi interessant eng Foto ass. An déi interessantst kommen an d’Ausstellung: lescht 24 Stonnen, Kalenner. Wierklech beandrockend.

Bee on flower

Labels:

21.8.05

„Fotos digital – Tipps für die Bildgestaltung“

Wéi den Numm et seet geet et an dësem Buch eenzeg an ëlleng em d’Bildkompositioun. Et ass also keent vun deene sëllege Bicher déi ee wëlle beim Kaf beroden, d’Kamera erklären, Photoshop virféiren, Tipps fir d’Printe ginn, an dann nach e pur Säiten hu fir ze weise wéi een déi Fotoen dann eigentlech gestalte soll. D’Buch huet 127 Säiten, an ass als Täschebuch am vfv (Verlag für Foto, Film und Video) eräuskomm. Et kascht 15,95 €.

Zum Inhalt. D’Buch ass u sech „just“ eng Sammlung vum Jürgen Rautenberg (den Auteur vum Buch) sénge Foto-Tipps op digitalkamera.de. Déi passen dann all Kéiers ganz praktesch op 2–3 Säiten, sou dass een no Loscht a Laun dra bliedere kann a mol eppes iwwert „Farbe, die emotionale Komponente“, mol iwwer „Seltsam, im Nebel zu wandern …“ liest. D’Theme sinn och relativ vielfälteg; d’Haaptdeeler sinn „Grundwissen“, „Generelle Grundlagen“, „Themen: Gestalten“, „Themen: Motive“. D’Tipps si praxisfrëndlech a gi mat Hëllef vu Beispillfotoen erklärt. Beispillsäiten a weider Detailer fënnt een op digitalkamera.de.

Ech weess net wat ech soss nach vill soe kann. Insgesamt ass d’Buch wierklech empfehlenswert. Et ginn allerdings e pur kleng Mängel. Sou ass d’Emsëtzung als Buchform op e pur Plazen zimlech iwwert de Knéi gebrach. Z.B. gëtt an engem Tipp op dee verwisen dee jo d’nächst Woch, de souansouvillten wäert verëffentlecht ginn [op digitalkamera.de]. Oder et gëtt op en [digitalkamera.de-]Tipp verwisen deen awer net an d’Buch opgeholl ginn ass well et näicht mat Gestaltung ze dinn huet. „Stilleben“ a „Stillleben“ kommen ongeféier gläich oft vir. Dat sinn dann awer och déi eenzeg Kritikpunkten.

Labels:

31.7.05

Flickr

… ass e flotten Online Service fir seng Fotoen an de WWW ze setzen an aneren ze weisen. D’Umellung ass erfreelech einfach, an et muss een näicht uginn ausser seng E-Mail Adress. Dorop gëtt een och ausdrécklech higewisen; sougur fir Paranoïder wéi mech ass dat tiptop ;-)

Soubal een d’Biller eropgelueden huet kann ee bestëmmen ween se däerf kucken (nëmme Flickr Memberen, d’Famill, jiddereen) a wee Kommentare schreiwe kann, oder sougur Tags dobäi maache kann (dass d’Biller méi liicht ze fanne sinn). Et kann een se a „Photo Sets“ (eng Art Album) organiséiren a vun anere Säite (wéi z.B. enger Blog ;-)) drop linken. Mee fir Blogs gëtt et och speziell Fonktiounen dass een direkt iwwert eng Foto blogge kann. Flickr schreift dat dann automatesch op d’Blog (wann een se bis konfiguréiert huet).

Wat ech och ganz flott fonnt hunn ass d’Integratioun vun de Creative Commons Lizenzen. (Dobäi geet et drëm explizit anere Leit d’Erlaabnis ze ginn déi Fotoen ze benotzen. Ouni sou eng Erklärung dierften se gur a glat näicht. Z.B. op kee Fall printen oder um Hard Disk ofspäicheren.)

Mee zeréck zu Flickr. Jidderee kann och direkt d’Fotoen a verschiddene Gréissten ukucken oder eroflueden. D’Original allerdings nëmmen wann den Fotograf dat an den Astellungen erlaabt. Mee dat kann deen nëmme wann e fir de „Flickr Pro“ eng 25$ d’Joer bezillt. An domat si mer bei den Aschränkunge vum gratis Flickr: „just“ 20 MiB Upload de Mount, am „Photo Stream“ si just déi 200 lescht Fotoen ze gesinn, an et kann een d’Originaler net ofruffen. An anere Wierder: fir e gratis Déngscht kritt een immens vill gebueden.
Bee on flower

Labels:

Night Glow

Am Kader vum Mobilux Trophy 2005 woar gëscht en „Night Glow“ mat Light Show a Freedefeier. Dat Ganzt huet sech um Iechternacher Séi ofgespillt.
Night Glow

Labels:

29.6.05

Blëtzer fotograféiren

Eng Digitalkamera ass schonn eppes Flottes: et kann ee Biller läschen an dat kascht och näicht. Ech hat grad näicht Besseres ze dinn, dofir hunn ech hënt mol versicht e pur Blëtzer ze fotograféiren. D’Resultat ass net berauschend, mee ech si scho ganz zefridden dass ech der e pur erwëscht hunn.

Donnerwieder

Labels:

12.4.05

Inpainting mat GREYCstoration

Säit nach net allzelaanger Zäit interesséire sech eng ganz Rei Leit fir d’GREYCStoration-Library vum David Tschumperlé. Mee net fir näicht! Et handelt sech ëm eng héichqualitativ Programmbibliothéik déi et erméiglecht Biller ze restauréiren, ze „enhancen“, oder sougur ouni groussen Opwand Objekter aus engem Bild erauszeretouchéiren. Et ass dat leschtgenanntent, oder méi präzis de sougenanntenen „Inpainting“, dat mech besonnesch faszinéiert. Dobäi ginn Deeler vun engem Bild déi eigentlech feelen (z.B. well een e Schrëftzug, oder soss eppes, aus dem Bild geläscht huet) „beschtméiglech“ ergänzt, an zwar op Basis vun deem wat rondrem ze gesinn ass.

Et kéint ee jo mengen dass dat, well et jo theoretesch gesinn onméiglech ass, kaum zu akzeptable Resultater féire kéint, mee d’Beispiller iwwerzeegen ee vum Géigendeel. Ech erlabe mer mol ganz einfach e Beispill ze „zitéiren“:

(Falls d’Biller irgendwann feelen, informéiert mech wann ech gelifft.)


Net schlecht wat ee mat PDEs alles sou maache kann. Ech jiddefalls kann et kaum nach erwoarden déi Funktionalitéit am Gimp ze hunn. Digikam a Krita schéngen do allerdings scho méi wäit ze sinn: den nächsten Digikam (0.7.3) wäert et als Plugin matbréngen, während de Krita et am Programm selwer integréiert. Beim Gimp wäert et wuel nach e bëssen daueren bis de Plugin normale Bestanddeel vum Gimp ass.

Labels:

8.4.05

Panorama-Biller

Ëmmer rëm gesäit ee schick Panorama-Biller déi aus enger ganzer Rei eenzelne Fotoen zesummegesat goufen. Well ech och eng Digitalkamera hunn, wollt ech dat och mol probéiren. Dat Ganzt ass gur net mol sou schwéier. Zutaten: autopano-sift, enblend, hugin.

Dat kléngt elo scho relativ komplizéiert, ass et awer net. Autopano-sift ass e Programm dee “Control Points” bestëmmt. Dat si markant Punkten (z.B. en Eck vun engem Gebai) déi op e pur Fotoe virkommen an déi noutwendeg si fir d’Bild richteg kënnen zesummenzesetzen. Enblend ka Biller „zesummebitzen“, mee dofir muss e genau wësse wat wouhi gehéiert. An do kënnt de wichtegste Programm an d’Spill, den Hugin. Hugin ass als alleréischt mol eng grafesch Oberfläch fir autopano-sift (oder den autopano) an enblend. Doran definéiert een d’Kontrollpunkten, respektiv et korrigéiert een, falls néideg, déi automatesch generéiert vum autopano. Da léist een dat Ganzt „optiméiren“ (Parametere gi verännert bis alles beschtméiglech iwwerteneepasst). Als leschte Schrëtt mussen d’Fotoen ëmgerechent ginn a korrekt zesummegepecht ginn. Dëse sougenanntene “Stitching” iwwerhëlt wéi gesot den enblend. Komplett Tutorials ginn et op der Hugin-Säit.

Den Hugin ass grad wéi déi aner Programmer fräi Software, an ass fir GNU/Linux (a wuel och fir *BSD), mee och fir Mac OS X a Windows verfügbar. Och wann en op den éischte Bléck liicht oniwwersiichtlech wierkt, gewinnt ee sech awer ganz séier drunn an et kann ee bequem domat schaffen. Den eenzegen Hoken ass, dass déi Versioun déi ech asetzen (Hugin 0.5beta3) extrem instabil ass an oft crasht. Oft späicheren ass also néideg :-(

Ofschléissend mäin éischte Versuch:

Ech sinn allerdings selwer erstaunt wéi gutt et ginn ass (ofgesi vun den zerschniddene Leit) obschons ech weder d’Belichtung manuell agestallt hunn (fir se konstant ze halen) nach besonnesch dono gekuckt hunn d’Kamera exakt rondrem hir Achs ze dréien. Dee Panorama ass iwwregens aus 13 eenzelne Biller zesummegesat.

Labels: ,