24.7.05

De Fall Jean-Charles de Menezes

Ech si erschreckt, geschockt, dégoûtéiert, perplex.

Säit e Freiden de moien hunn ech et lusch fonnt dass d’britesch Polizei just gesot huet si hätt e „Verdächtegen“ erschoss, mee kee Grond firwat. Keng Bomm, keng Waff, keng Bedrohung. Äusser engem héichgeféierleche Wantermantel.

Säit gëscht weess dann och dee leschten dass et eng rücksichtslos Hiriichtung woar. An dat krasst: et wir jidderengem — mär zumindest — genau d’selwescht gaangen. Wat nämlech an der offizieller Stellungnam du léiwer net méi erwähnt ginn ass: d’Officers woaren an zivil. Wann ech géif mierken dass ech vun e pur Männer verfollegt ginn, géif dat mech och stutzeg man. Irgendwann kréich ech och déck de Schiss an ech géif och ufänke mat dovu lafen. Resultat: Kappschëss nodeems de „Verdächtegen“ scho längst um Buedem louch.

Mee fir ze katzen ass et mer säit ech gelies hunn dass „shoot to kill“ dunn och nach verteidegt ginn ass:
[Sir Ian Blair, le chef de la police de Londres,] a cependant défendu la nouvelle stratégie de « shoot and kill », seule capable à ses yeux de neutraliser des kamikazes et de sauver des vies. « J’ai conscience que des minorités parlent de la politique du tirer pour tuer ; mais c’est une politique (…) qui vise à protéger », a-t-il assuré.
Ech fille mech jiddefalls zudéifst getraff dass déi Démontage vum Rechtsstaat och nach gutt geheescht gëtt. Géint Noutwir hunn ech natirlech näicht. Mä d’Sprengkraaft vun halluzinéierte Bommen ass awer relativ begrenzt …

D’Reaktioun ass selbstverständlech dass elo keen Auslänner, a scho gur kee Moslem, sech méi traut mat engem Rucksak an e Metro oder e Bus ze klammen. Wéi een domat enger vun de Wuerzele vum Terrorismus, nämlech der Radikaliséirung, virbeuge wëll ass mer e Rätsel.

Update: Dem Spiegel online säin Artikel ass méi détailléiert a liesenswert. Ënner anerem:
[De fréiere Polizeichef Lord Stevens:] „Es gibt nur einen sicheren Weg, um einen Selbstmordattentäter an der Tat zu hindern — zerstöre sein Gehirn auf der Stelle.“ Scotland-Yard-Chef Ian Blair sagte ebenfalls, es gebe zum finalen Kopfschuss keine Alternative, sobald der Verdacht besteht, dass ein Verdächtiger einen Sprengstoffgürtel trägt und zünden könnte. (Spiegel online, Betounung vu mär)
Wow, nach méi krank:
Bislang ist noch nicht abschließend geklärt, ob der 27-jährige Brasilianer von Polizisten oder Angehörigen einer Armeeeinheit erschossen wurde. Sollten Militärangehörige in Zivil für das Geschehen verantwortlich sein, dann würde die Sache nach britischem Gesetz nicht weiter verfolgt werden. (tagesschau.de)

2 Kommentare:

Am/um 25.07.05, 19:58 , Anonymous Anonym meinte...

Krass! Ech wousst bis elo nach net dass déi civil wueren. An Uniforme kinnt ee jo soen "falls en näischt ze verbiergen hat, dann hätt e jo misse stoe bleiwe wann d'Police en dozou opfuerdert". Mä dat do ännert natierlech alles.

Do kann ee sech jo kaum méi trauen als Tourist op London ze goen. (Bon, an den US wäert e wuel net fundamental anescht gehandhaabt ginn.)

 
Am/um 25.07.05, 20:40 , Blogger Tuxophil meinte...

Aus Furcht vor weiterem Terror schickte die Polizei nach Medieninformationen inzwischen noch mehr Scharfschützen in Zivil auf die Straße. (Focus Online, och anerer hunn et bericht)

Flott, ne?

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite