21.7.05

Eis Sprooch

Och wann ech et flott fannen op Lëtzebuergesch ze bloggen, sinn ech mer awer bewosst dass ech meng Mammesprooch nach net mol feelerfräi schreiwe kann. Dat kéint sech allerdings ännere wann ech bis Zäit fonnt hunn d’Introduction à l’orthographe luxembourgeoise vum François Schanen a Jérôme Lulling ze liesen. Dat Dokument gëtt et op Lëtzebuergesch an op Franséisch, ass 140 Säite stoark a kann ee sech vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise eroflueden. Freet sech just firwat op där Säit quasi alles op Franséisch ass. :-/

Vun deenen zwee Auteuren gëtt et iwwregens och de Luxdico, e Lëtzebuergesch–Franséisch, Franséisch–Lëtzebuergesch Dictionnaire. Dee gëtt et am WWW, mee och a Buchform (fir 24,95€). Deen ass als Lëtzebuerger wuel haaptsächlech praktesch fir d’Schreifweis vun engem Wuert nozekucken. Dofir gëtt et allerdings och de Projet Cortina deen een hei teste kann.)

Ween awer just d’Haaptregele kenne léire wëll, verweisen ech einfach op eis Rechtschreifreform vun 1999. (Jo, net nëmmen déi Däitsch hunn sou eppes gemaach …) A wann ech schonn am gaange sinn alles opzelëschte wat mer sou afällt, da kann ech och nach direkt déi flott a praktesch Broschür vun eisem Schoulministère erwähnen, déi ech „deemols“ am Lycée ausgedeelt krut.

Labels:

3 Kommentare:

Am/um 25.07.05, 19:53 , Anonymous Anonym meinte...

Ech froe mech wéi machbar et iwwerhaapt ass korrekt Lëtzebuergesch ze schreiwen. Bei verschiddene Saachen déi ech an der Introduktioun vun deem Buch gelies hunn kann ech just nach staunen.

"Dësem Nodeel entgeet ä nëmmen"
ä?!?!?! Soll dat net d'Wuert "een" sinn?

Oder d'Wuert "Bevëlkerung". Et ass dach ee Vollek, mat O? Ech hätt do jiddefalls net gezéckt "Bevölkerung" ze schreiwen.

Falls et do effektiv sou bizarre Regele gëtt da wäert ech wuel nach laang brauche bis ech mol eng Kéier feelerfräi Lëtzebuergesch schreiwe kann. Ech verhale mer einfach mol dass een "Bevëlkerung" seet an hoffen dass deen "ä" een Tippfeeler ass. :-o

 
Am/um 25.07.05, 20:27 , Blogger Tuxophil meinte...

Zu dem „ä“. Dat halen ech fir e Feeler. Et misst „een“ sinn (menger Meenung no) an dat gëtt dann zu „ee“ well een an deem Fall den „n“ jo och net ausschwätzt. (Äifeler Regel)

„Bevëlkerung“ ass richteg. Grad wéi „ëffentlech“, „nërdlech“, etc. De Bustaf (sp?) „ö“ gëtt et am Lëtzebuergeschen nëmmen als laangen ö wéi am „Fön“ oder „blöd“. E kuerzen (däitschen) „ö“ gëtt bei eis ëmmer „ë“ geschriwwen.

Anerersäits gëtt et och eng Regel dass Wierder déi een tels quels aus anere Sproochen iwwerhëlt onverännert geschriwwe ginn. Naja, wou een do d’Grenzen zitt … Mee dee Problem huet een och am Engleschen oder am Däitsche wou et fir vill Wierder (z.B. franséischer) zwou Schreifweise ginn.

Déi Referenz déi ech meeschtens erunzéien ass iwwregens eng Broschür vum Josy Braun: Eis Sprooch richteg schreiwen. Dréckerei: rapidpress, Bartreng. 1999/2000. Do fënnt ee Regelen, Erklärungen, Beispiller an Exercicer.

 
Am/um 25.02.07, 00:42 , Anonymous Anonym meinte...

ä?!?!?! Soll dat net d'Wuert "een" sinn?

dat ass een tippfeeler_mistake_

op youtube no Clips mam Lulling Jérôme sichen,
sou war dat deemools

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite