2.1.06

Vista an DVD-Playback

Ech hu misse schmunzele wou ech op Slashdot gelies hunn dass Vista refuséiert DVDen ofzespille wann een e Lafwierk huet wat de Region Code net an Hardware controlléiert (also RPC-1, am Géigesaz zu RPC-2). A méngem ale PC hunn ech en NEC DVD-ROM mat gehacktener Firmware. Awer net sou e banalen Aus-RPC2-maach-RPC1-Hack: mäi Lafwierk ass nach RPC-2, mee no all Wiessel setzt et de Counter rem zeréck op 4 méiglech Ännerungen. Dat ass dach mol genial :-) Et ass scho bal schued dass ech dat schonn éiweg net méi hu missen ausnotzen: All déi gängeg FOSS DVD-Player knacken CSS a Region Code souwisou ganz a Software, et huet een also nie e Problem mat deem ganzen DRM-Dreck op DVDen. (Ausser dass et illegal ass DVDen ënner Linux ze kucken.)

Labels:

3 Kommentare:

Am/um 02.01.06, 21:25 , Anonymous Anonym meinte...

Ech hun mat DVD enner Linux ofspillen sou meng Problemer. Ech sin lo sou wäit, dat ech se kucken kann, allerdings net deinterlaced, an d'Menuer gin och net (muss direkt dat richtegt Kapitel uwielen). Boff, et ass mer relativ egal, ech kucken meng DVDen am léifsten um TV, mee wollt et mol einfach och um PC ariichten, "well et geet" ;-)
Wéieng Software / Libs brauch een dann dofier, fierdat alles leeft?

 
Am/um 03.01.06, 11:32 , Blogger Tuxophil meinte...

Wéieng Software / Libs brauch een dann dofier, fierdat alles leeft?
Ganz wichteg fir déi meeschte Kaf-DVDen ass mol d’libdvdcss. Leider ginn awer a villen Distributiounen d’Programmer déi d’libdvdcss kéinte benotzen künstlech ageschränkt (aus rechtleche Grënn).

Ménger Meenung no ass e Xine-baséierte Player, wéi z.B. de Kaffeine am beschte gëeegent fir DVDen ze kucken. Du muss da kucke fir libdvdcss, libdvdread, libxine a kaffeine ze installéiren oder upzedaten. Dat leeft bei de meeschten Distroen sou of dass de eng zousätzlech Installatiounsquell ugëss (Packman fir Suse, PLF fir Mandriva, etc.)

Dat ass awer mol eng vun deene Saachen déi ënner Gentoo vill méi einfach sinn (USE="dvd css"). :-)

Am Kaffeine fonktionnéiren d’Menuer problemlos, den Deinterlacing kanns de mat I an- oder ausschalten.

 
Am/um 03.01.06, 14:09 , Anonymous Anonym meinte...

Wäert dat dann mol probéiren :)
Op mengem Server benotzen ech och Gentoo, um Desktop PC allerdings Kubuntu. Wees selwer nemméi fierwat ech 2 verschidden Distroen installéiert hun, mee et leeft och eigentlech alles ganz gudd ;-)
Mee wéi gesot wäert ech meng DVDen schlussendlech trotzdem um TV kucken. Ech giff dat Presslofthammer-Geräisch vu mengem Kühler souwéisou net laang erdroen ;)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite