4.1.06

S3-Problemer

Wee scho mol mat Power Management ënner Linux ze dinn huet, weess wuel ëm wat et geet: Suspend-To-RAM, STR ofgekierzt. Am ACPI Jargon ass et de Sleep State S3 (S1 ass Standby, S4 Suspend-To-Disk, S5 Soft-off). Gëschter hat ech näicht besseres ze dinn wéi ze probéiren den S3 op engem 3 Joer ale PC (MSI KT4 Ultra, Athlon XP 1800+) un d’Goen ze kréien. Naiv wéi ech sinn hunn ech et ouni weider Präparatioune probéiert mat echo mem > /sys/power/state. De System huet sech ausgeschalt. Oder sou huet et ausgesinn. Well beim Ëmkucken am BIOS Setup hunn ech bemierkt hunn dass ech als éischt mol e WakeUp Event definéire muss. Dono ass en dann och tatsächlech rem wakreg ginn soubal ech e Knäppchen um Keyboard gedréckt hunn. Leider huet en dann awer normal geboot. Dat woar kee vu ménge Computer, dofir woar tatsächlech nach e kaum genotzte Windows 2000 drop. „Selbstverständlech“ ass den S3 do gaangen. Ech woar relativ begeeschtert (ech hat nach nie S3 an Aktioun gesinn): de PC huet sech scheinbar komplett ausgeschalt, kee Lüfter, kee Lafwierk, einfach nëmmen näicht. An trotzdem woar en no 2 Sekonne rem komplett wakreg.

Dat huet mer natirlech keng Rou gelooss. Also en neie Kernel compiléiert ouni irgendeppes (weder USB, nach AGP, nach Sound, nach CD-ROM). Sou minimalistesch wéi et méiglech woar. Keen Erfolleg. Och mam hibernate-Script (vum Suspend2 Projet) hat ech keen Erfolleg. Nodeems ech dann eng 20 „Crashes“ hannert mer hat (also Suspend ouni Resume, direkt Reboot) hunn ech schlussendlech opginn.

Wat ech awer och bäigeléiert hunn ass dass oft ACPI Problemer op eng fehlerhaft DSDT zeréckzeféire sinn. DSDT ass spezielle Bytecode dee vum OS interpretéiert gëtt. A wou kënnt e vill benotzten Compiler hir fir de Bytecode ze generéiren? Redmond. Et ass durgaang e Blëck an d’syslog ze geheien fir ze gesinn dass och dësem PC seng DSDT de String MSFT enthält. Déi fehlerhaft DSDTe sinn natirlech gur kee Problem, schliesslech gëtt Windows jo tiptop eens domat… An da wonnert ee sech dass Power Management ënner Linux oft mat Problemer verbonnen ass. (Ech soen allerdings elo net dass an dësem spezielle Fall MSFT schold drunn ass dass et net klappt.) Ajo, et gëtt och e vill méi strikte Compiler vun Intel, deen niewebäi och méi klenge Code generéiert, mee firwat sollt e Mainboard-Hersteller sech mat sou eppes ploen?

Ech si mol gespaant wéi gutt oder manner gutt dat op méngem Athlon64 doheem klappt.

Labels: ,

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite