28.4.06

Lëtzebuerger Geschäftswelt

Soulues verstinn ech firwat d’Lëtzebuerger Geschäftswelt sou eng grouss Angscht virum noen Ausland huet. Am September 2005 hunn ech mer am Geschäft X an der Stad eng automatesch Swatch kaf. Si hat allerdings de Problem dass se 31 Sekonnen pro Dag vir gaangen ass, wat dann awer e bësse vill ass. An der Garantie steet och dass een se kéint areechen a regléire loossen. Enn Februar hunn ech se also zeréck gedroen. Mee well d’Auren just de 15. rausginn huet et schliesslech e Mount gedauert bis ech ugeruff krut meng Auer wir rem do.

„Meng“ Auer? Nee, e méi neie, mee doudellene Modell. Ech hunn dat natirlech refuséiert. Si hu mer ugebueden eng aner Auer aus hirer Vitrine ze huelen, mee sou eng super Auswiel haten se och net. Also wollt ech vu mengem Recht gebrauch man d’Suen remzefroen (well se jo net an der Lag woaren d’mise en conformité auszeféiren). Dat ass refuséiert ginn; ech kréich allefalls eng note de crédit. (An domat wir ech da gezwongen all Ablack mol bei hinne ranzesprangen ob se net zoufälleg e Modell hunn dee mer einegermoosse gefällt.)

De Grond aus deem d’Auer vu Swatch ersat gouf ass dass se anscheinend net méi ze kréie wir. Ausser wuel am Auchan. Oder zu Tréier. Oder ob honnert aner Plazen. Dofir wollt ech meng Sue jo och zeréck, fir mer se nei ze kafen. Zu Tréier, am Swatch-Butték, hunn ech dann einfach mol gefrot ob si näicht kéinte man. An zu méngem Erstaunen hunn ech ugebuede kritt dass si mer den Ersatz-Modell géife wiessele géint „mäin“ Modell (deen se nach 4mol haten!). Ech sinn also nach eng Kéier zeréck gefuer a si hu mer déi nei Auer zu hirem aktuelle Verkafspräis ugerechent a mer de gewënschtene Modell rausginn. Ech hunn allerdings missen 10€ Präisënnerscheed bezuelen (well déi „ellen“ bei hinnen och nach méi bëlleg woar wéi bei X). Mee dofir krut ech sougur en neie Garantie-Certificat deen rem 2 Joer gülteg ass.

Ech weess jiddefalls wéi e Butték ech wierklech recommandéire kann wann et em Swatch-Aure geet…

Blog.Worm

4 Kommentare:

Am/um 04.05.06, 19:39 , Anonymous Anonym meinte...

Ech gin säit éiwegen Zäiten ëmmer léiwer an d'Ausland akaafen, besonnëch Tréier. A punkto Service leien do Welten tëscht Lëtzebuerg an X (zB Tréier).

 
Am/um 04.05.06, 21:23 , Anonymous Anonym meinte...

Meng Riëd.

Wi den Euro agefouert gouf, hun d'Geschäftsleit jo och nach behaapt, datt lo jhiddereen ging gesin, datt ët iwwerhaapt kee Grond ging ginn, fir op Tréier akaafen zë goën, wéll do jo alles anscheinend mi bëlleg wir. Wi den Euro dunn do wor an een direkt konnt d'Präisser vergläichen, woren së ob eemol vill mi roueg.

Als Beispill: ë Buch. Do ass hannendrop schon ë Barcode vum Verlag aus drop geprint zesumme mam Präiss, soë mer 9,99€. Da kascht dat zu Tréier och 9,99€. Dogéint ass ë neie Präis driwwer gepecht, mat iwwert 10 oder 11 €. Firwat kascht dat dann hei méi wi zu Tréier? Okay, ech wees, Import, Steieren a sou, mä dat huët de Konsument net z'interesséiren, dee keeft eben dat bëllegst. De Rescht ass a soll och net säin Problem sin. Vum Service guër net éischt ze schwätzen...

 
Am/um 12.07.06, 18:02 , Anonymous Anonym meinte...

"Domm gaang" oder villmei "typesch Letzebuerg" kann een do just soen. Iwregens MUSSEN sie dier d'Suen erem gin (esou wait ech wees - ech sin awer och keen Spezialist) ob sie wellen oder net (natierlech wellen sie net ...).

 
Am/um 12.07.06, 23:21 , Blogger Tuxophil meinte...

Den Hoken ass natirlech deen dass ech selwer net Affekot sinn, a keng Loscht hunn een ze kontaktéiren fir eng Bagatell :-/

A wann een de Gesetzestext laang genuch liest kritt een Zweifel ob een tatsächlech mat 100%-eger Sécherheet d’Sue misst rëmkréien.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite