5.6.06

Erwuessenesëcherung

D’Kannersëcherung an engem Auto kënnt jo wuel jiddereen. Mee wa Kanner aus dem Auto fale kënnen, kéinten Erwuessener jo vläicht och erausfalen. Sou oder sou ähnlech schéngen d’Iwwerleeunge vu Peugeot gewiescht sinn wou se den 206 entwéckelt hunn: déi hënnescht Dire loosse sech réicht vu bannen opman wann de Chauffer oder de Bäifuerer seng Dir opgemaach huet.
An der Beschreiwung hunn ech op den éischte Bléck näicht doriwwer fonnt. Wann d’Kannersëcherung aktiv ass kritt een d’Dire gur net méi vu bannen op (sou wéi dat soll sinn). Mee dass se sougur gespoart bleiwen wann d’Kannersëcherung deaktivéiert ass, dat nervt!

Ech hoffe just dass dat e Bug ass, a kee Feature. Jiddefalls wäert ech dat beim nächste Besuch an der Garage mol uschwätzen.

1 Kommentare:

Am/um 23.06.06, 14:38 , Anonymous Anonym meinte...

Also mäin 206 ass vun 2000 an domols wor dat awer nach net de Fall. Dat ass jo och totale Blödsinn. Soë mer mol, du féiers een entzwousch hin a wëlls ën séier eraus loossen...

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite