20.7.06

HP Color Laserjet 2605dn

Virun e pur Deeg ass mäin neie Printer ukomm: en HP Color Laserjet 2605dn. Aus enger ganzer Rei Grënn hat ech mäin alen Tënteprinter (HP Deskjet 920c) sat: e woar lues, d’Qualitéit op Standard-Pabeier woar schlecht an en hat e risegen ënneschte Rand deen net konnt beprint ginn.

Den 2605dn ass de bëllegsten Netzwierkprinter vun HP dee voll Linux-kompatibel ass (Driver vun HP selwer!). Bis elo kann ech e just recommandéiren. Nodeems ech eng ganz Rei Transportsécherungen rausoperéiert hat, konnt ech lassleeën. Den éischte Printout woar allerdings enttäuschend: déi véier Foarwen woaren net alignéiert (Ofweechunge bis zu 0,5mm!). No enger Kalibréirung woar dee Problem awer behuewen an d’Printqualitéit huet iwwerzeecht. Wann e bis am gaangen ass mat printen ass e relativ séier (wat dat och ëmmer heescht), an d’Qualitéit, zemols vun Text, ass phänomenal. En Hoken deen eigentlech quasi all Laserprinter huet ass d’Zäit déi e brauch fir d’Rasterdaten ze berechnen. Bei komplexen Dokumenter mat héichopléisende Biller kann dat schon mol iwwert eng Minutt daueren. Mee an deene Fäll muss een dat fairerweis vergläiche mat de Fotoprintzäiten déi en Tëntesprutzer brauch, an déi sinn och net grad kuerz.

Problemer hat ech bis elo just mat der integréierter Duplexeenheet. Am OpenOffice klappt et problemlos, am Adobe Reader net, an de KPDF wëll se ëmmer benotzen – géint mäi Wëllen. (Jo, ech hunn d’Astellunge kontrolléiert.) De KPDF-Problem kéint eventuell vum Gentoo-Poppler-Patch kommen. Dat muss ech awer nach ënnersichen. Fir de Moment printen ech PDFen also mam KGhostView oder mam Adobe Reader.

Alles an allem schéngt et awer den ideale Printer ze si fir Linux-User déi e gewësse Print-Volumen hunn. Méi ausféierlech Testberichter fënnt ee bei vnunet.com an IT Reviews. Bestallt hunn ech dat gutt Stéck bei Pixmania.lu fir 432€ (+9,90 Versand). Allerdings sinn ech gur net glécklech iwwert d’Tatsaach dass hir Wëllkomm-Mail mäi Passwuert am Kloertext enthalen huet. En SSL/TLS-Login sicht een och vergebens. Wéinstens ass de Präis immens gënschteg.

Labels: ,

1 Kommentare:

Am/um 20.06.08, 13:37 , Anonymous Anonym meinte...

Good JOb! :)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite