20.7.06

Online CAS

Maxima ass e Computer Algebra System deen ënnert der GPL entwéckelt gëtt. Als grafesche Frontend fir dëse Kommandozeileprogramm bitt sech de WxMaxima un. Ween allerdings nëmmen heiansdo eng Klengechkeet ze rechnen huet kann elo och grad sou gutt op e Web Frontend zeréckgräifen deen ënnert math.msarnoff.org ze fannen ass. Eng mathematesch Palette erliichtert engem d’Aginn vun de Rechnungen. Standardméisseg ginn d’Resultater a beschter TeX-Qualitéit ugewisen, et kann een awer och de Maxima oder TeX Code uweise loossen.

Labels:

1 Kommentare:

Am/um 21.07.06, 15:42 , Anonymous Anonym meinte...

Endlech krit lisp mol e bessi credit :) Maxima ass nähmlech deen eenzegen (mir) méi bekannte programm dee mat lisp geschriww ass. (ok, et gouf och schon Macsyma)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite