15.11.06

LaTeX Beamer


Leider menge vill ze vill Leit dass Präsentatioune gläichbedeitend wire mat PowerPoint (oder Impress). Dass deem net sou ass weisen déi zwee bekannsten LaTeX Packages: Beamer an Prosper/HA-Prosper. Wéi sou oft hunn ech mech och an deem Beräich op mäin éischten Androck verlooss, an deen huet mer gesot dass den HA-Prosper e vill méi flotten an interessante Site huet wéi de Beamer. Wat e Feeler!

Ganzer 214 Säiten Dokumentatioun bréngt de Beamer mat sech. Honnerte vun Optiounen ginn ausféierlech erklärt a beschriwwen a maachen dëse Package wuel zur flexibelster an effikasster Manéier LaTeX-Slides ze erstellen. Kuckt äerch op alle Fall mol d’Beispiller un.

Wéi üblech huet een och an dësem Fall déi üblech LaTeX Vir- an Nodeeler. Mee ganz wichteg schéngt mer awer ze sinn dass d’Standard-Dateiformat PDF ass an net méi PowerPoint. Ween huet net schonn mol Kapp gerëselt iwwert eng Präsentatioun wou verschiddenes net méi ze entschlëssele woar, well de PC op deem d’Präsentatioun gehale gouf net iwwert déi selwescht Schrëfte verfügt huet wéi den ursprüngleche Computer? Mat PDF ass dat kee Problem méi an als Bonus ass d’Präsentatioun zukunftssécher a plattformonofhängeg.

An net ze vergiessen: Et kann ee problemlos wëssenschaftlech Formelen integréiren ouni dass et a Klickorgien ausaart. An dat dierft fir vill Leit en net onwichtegt Argument sinn.

Een Nodeel huet dat Ganzt awer: kee vun de mär bekannte PDF-Viewer huet e Präsentatiounsmodus à la Powerpoint, an deem een um zweeten Display déi eigentlech Fullscreen-Präsentatioun lafen huet während een um Haaptschierm (Laptop) en Iwwerbléck iwwert all d’Slides huet.

Labels:

24.10.06

kompakten EPS


Wann ee mat LaTeX schafft an e pur Grafike bastele wëll, ass een oft op de PSTricks ugewisen (och wann PGF/TikZ net oninteressant ass). Da kann een awer leider keng Bitmaps méi am PNG-Format afügen: si mussen als éischt an eng Encapsulated PostScript-Datei ëmgewandelt ginn. Dat ass kee Problem, dem ImageMagick säin convert-Kommando mécht dat ouni mat der Wimper ze zucken. A schons ass aus enger 294 KiB PNG eng ­— oh, hëppla! — 63,3MiB EPS ginn. Dat mécht dem LaTeX zwar näicht aus, mee e pur sou Grafike man d’Weiderschaffen net grad méi komfortabel.

D’Léisung läit an de PostScript-Levels: am Level I (vun 1984) gëtt et nach keng Kompressioun fir Foarfbiller, am Level II sinn eng Rei Optioune bäikomm, mee eréischt am (aktuellen) Level III ass komplette Support fir kompriméiert Bitmaps implementéiert ginn. Fir déi Levelen ze benotze geet et dur dem convert dat matzedeelen. convert pic.png eps2:pic.eps gëtt mer eng Datei vun 2,6 MiB, a mat convert pic.png eps3:pic.eps bleiwe just nach 300 KiB iwwreg.

Iwwert dem Tippen hunn ech och nach festgestallt dass et sougur eng Méiglechkeet gëtt dem dvips ze soen dass e PNGen on-the-fly konvertéire soll. Domadde wier dëse Post also (quasi) komplett iwwerflësseg ;-)

Labels:

25.7.06

LaTeX-Schrëften

Dass LaTeX net nëmme seng eege Computer Modern-Schrëfte benotze kann ass jo bekannt. Et ginn eng ganz Rei Packages fir d’Textschrëften ze änneren. Méi kriddleg gëtt et allerdings wann een och wëll d’Mathésschrëfte wiesselen. An der Free Math Font Survey ginn eng ganz Rei interessant Alternativen virgestallt déi et sech lount eng Kéier auszeprobéiren.

Labels: ,

18.7.06

LaTeX vs OpenOffice Writer vs Scribus

Dëse klenge Verglach soll den Ënnerscheed weisen tëscht exzellenten Textëmbrochalgorithmen (LaTeX) engersäits a brauchbaren (Scribus) respektiv schappegen (Writer, Word) anerersäits. Dofir hunn ech dräi kleng Test-PDFe präparéiert (PDF1, PDF2, PDF3). Fir ze vergläichen kann een déi dräi Dateien a separate Vieweren opzeman, jeweils Fit Page oder Fit Width astellen an dann mat Alt-Tab hin an hir wiesselen. Nach besser ass et natirlech déi dräi Dateien op engem anstännege Printer ze printen. Ech mengen et misst relativ séier kloer ginn wéi eng Datei déi typografesch bescht ass a wou d’Haaptënnerscheeder leien.

Iwwregens, den Text ass den Ufank vum Kleist séngem Michael Kohlhaas. Ech hunn eppes Däitsches gewielt, well déi relativ laang Wierder d’Opdeelung an Zeilen méi schwiereg misst man. Fir fair ze bleiwen ass de Layout all Kéiers identesch agestallt, och wann et onerklärlech Ofweichungen am Resultat ginn. D’Schrëft ass d’Latin Modern a Gréisst 10.

Ech konnt leider keng Testdatei am Word man (hunn dee Programm net, a wëll en och net). Trotzdem weess ech dass deen déi selwescht elementar Algorithme benotzt wéi den OpenOffice, an d’Resultat grad sou schlecht ass. Et ass traureg dass ee verschiddene Bicher schon um Zeilenëmbroch ofgesäit dass se am Word entstane sinn.

Labels: , ,

2.12.05

Nach en exzellente LaTeX Tutorial

Ech si begeeschtert. Bis elo woar mer nëmmen dem Tobi Oetiker seng The not so Short Introduction to LaTeX2e (PDF) bekannt. (Ech schwätze lo just vu gréisseren Tutorials mat 3-stellege Säitenzuelen.)

Mee wann den Inhalt vum Prof. Dr. Dr. Thomas F. Sturm senger Einführung in das LaTeX-Textsatzsystem (PDF) och nëmmen hallef sou gutt ass wéi d’technesch Ëmsetzung, dann ass dat a must-have fir all LaTeX-Ufänger!

Labels: ,

6.10.05

SketchLaTeX

LaTeX ass jo schéin a gutt, wann et nëmme méi einfach wäer flott Graphiquen ze man déi an der üblecher LaTeX-Qualitéit beschrëft sinn. Selbstverständlech kann ee pstricks benotzen (flotten Tutorial), mee oft wir et vill méi einfach e Vektorgrafikprogramm (wéi den exzellenten Inkscape) kënnen ze benotzen. Dat mam Inkscape ass leider (nach) net méiglech, mee fir de Skencil gëtt et e ganz flotte Plugin: de SketchLaTeX erméiglecht et „LaTeX Objects“ ze erstelle. Do gëtt een da bequem seng Formel an, an d’Resultat gëtt direkt als Vektorgrafik an d’Datei agebonnen (Screenshot). Mee well et en egestännegen Objekttyp ass kann een och nach nodréiglech d’Formel ëmänneren. Et kéint käum méi einfach a praktesch sinn. :-)

Labels: ,

28.4.05

D’Computer Modern Schrëften ausserhalb vum (La)TeX benotzen

… ass gur net sou evident, hunn ech mol festgestallt. An dat alles wéinst engem blöden „Travail“ an der Philo (wat een dach net alles un iwwerflëssege Pflichtfächer huet …). Et ass mer drëm gaangen déi ganz Famill (souwäit méiglech) vunn den CM-Schrëften am Inkscape, Scribus an OpenOffice.org (Writer, Draw) kënnen ze benotzen, mee dann huet een et souwisou systemwäit um Lafen. (Ech misst vläicht präziséiren, dass dat hei wuel zum Deel GNU/Linux-spezifesch ass.) Well ech déi hei Saache wuel dach net laang géif verhalen, schreiwen ech se alt op meng Blog ;-)

Ganz séier hunn ech mol Applied Symbols fonnt, wou d’CM-Schrëften, mee och eng Mathésschrëft, d’UniMath ugebuede ginn. Et si jeweils Type 1-Schrëften déi Unicode-codéiert sinn. Mee well hei Suë fir eppes gefrot gi wat zum gréissten Deel vu Fräiwëllegen geschafe ginn ass, schéngt dat mer keng optimal Léisung ze sinn. D’UniMath ass awer relativ interessant muss ech soen.

Als nächst hätt een dann d’Computer Modern Unicode Schrëfte vum Andrey V. Panov. Den éischte Problem deen ech begéint hunn: dat méi modernt OpenType-Format fonktionnéiert zwar wonnerbar am ganze KDE, an och am Scribus, mee den OpenOffice.org erkennt se net (zumindest den 1.1.4). Mat den Type 1-Variante vun de selweschte Schrëfte fonktionnéiert et awer wonnerbar. Et huet een e komfortable Subset vu Unicode fir westlech Sproochsystemer, mee leider feelen all d’mathematesch a sonsteg Symboler. Déi pur üblech CM-Ligaturen, wéi (amplaz fi), oder (amplaz ffl), sinn awer grad sou enthale wéi d’Oldstyle Numerals. Verschidden Design-Gréissten oder richteg Small Capitals ginn et awer leider keng.

Eng drëtt Méiglechkeet sinn d’Latin Modern Schrëften déi eng komplett Re-Implementatioun vum ganzen CM-Set sinn, mat der Zielsetzung, laangfristeg déi vun der AMS gesponsort (an inkomplett: keng accentuéiert Zeechen) Type  1 Schrëften ze ersetzen. Hei gëtt et och eng Type  1 an eng OpenType Variant. Verschidden Design-Gréisste sinn awer dës Kéier grad sou enthalen, wéi d’Small Capitals. Iwwerhaapt ass dee Package relativ komplett a vu (ganz) gudder Qualitéit.

Leider huet vunn deenen dräi genannte Packages just dee komerziellen d’mathematesch Symboler. Déi sinn dann awer Unicode-codéiert, sou dass d’Benotzung (fir mol Diagrammen ze beschrëften oder sou) relativ gutt misst klappen.

Eng lescht Léisung sinn d’CM-Super Schrëfte vum Vladimir Volovich. Et ass eng automatesch Ëmwandlung vun den Original-Metafont Schrëften. D’Sammlung ass extrem komplett an huet e pur honnert (!) Font-Dateien, mee de groussen Nodeel dass et sech net anstänneg an de KDE abënnt.

Conclusion: Latin Modern ass vun exzellenter Qualitéit a fir westlech Sprooche gutt gëeegent. Just leider fënnt ee keng (CM-baséiert a fräi verfügbar) Schrëft déi de ganze Unicode Mathematical Operators Beräich ofdeckt. Dat huet wuel domat ze dinn dass een déi Zeechen net direkt aus de Metafont-Originalen erzeuge kann, aus dem einfache Grond well et keng Originaler ginn: vill Zeeche gi vum TeX gebastelt, d.h. en „≠“ („net gläich“) gëtt aus engem „=“ an engem „/“ zesummegesat.

Ech hoffen alt just dass dësen Artikel och eng Kéier engem aneren nëtzlech ass.

Labels: , , ,