23.6.06

PDF-Dateie verschaffen

Wéi jidderee weess ass et eng Doudsënn Word-Dokumenter ze e-mailen wann dat net ausdrécklech erwënscht ass. D’Virdeeler vu PDF-Dateie sinn hoffentlech bekannt. Heiansdo stellt sech dann awer d’Fro, wéi een déi Dateie weiderverschaffe kann. Iwwer d’Joren hunn ech e pur nëtzlech Programmer kennegeléiert.
  • De PDF Toolkit (pdftk) ass de wuel wichtegste Programm: et ass eng virtuell Agrafeuse mat där ee Säiten aus PDF-Dokumenter beliebeg zu neie PDFe kombinéiren kann. Uwendungsméiglechkeeten: Annexen un e Rapport drunhänken; am OpenOffice Draw en Deckblat fir e pdflatex-Dokument man.

  • Net ze ënnerschätzen: pdfjam. Domat kann een PDFen ëm 90° dréien oder e pur Säiten op eng man (ähnlech wéi mam psnup fir Postscript-Dateien).

  • A verschiddene Grafikprogrammer kann een EPS-Dateien afügen, awer keng PDFen. Dee Problem ass awer séier geléist: mat pdftops (gehéiert zu Poppler/xpdf) oder pdf2ps a PS ëmwandelen, an duerno mam ps2epsi eng EPS-Datei erstellen.

  • Mam pstoedit kann ee PDFen deelweis editéierbar man. Zum Beispill kann een eng PDF an eng SVG-Datei ëmwandelen an dann am Inkscape eng Vektorgrafik erausplécken. Dat ass allerdings alles anescht wéi zouverlässeg.

  • Zu gudder Lescht nach e bëllegen Hack: wann een eppes op eng PDF bäimole wëll (z.B. am OOo Draw), kann ee sech hëllefen andeems een d’PDF am Gimp opmécht, 300dpi astellt, copy, an den OOo Draw pasten.

1 Kommentare:

Am/um 12.07.06, 17:48 , Anonymous Anonym meinte...

Den Klassiker (zumindest fier Windoof) ass awer emmer nach FreePDF XP (http://freepdfxp.de/fpxp.htm).
Ouni Werbung oder soss blöd Limiten kann een aus all Programm PDF'er genereieren, verschlesselen, eenzel Saiten dreien etc etc etc ... einfach gudd :)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite