25.3.05

Linux installéiren == Garantieverloscht !?

Ech woar leschte Freiden mol rem eng Kéier am Hifi International an hunn aus Spaass emol pur Froen iwwert hir Computere gestallt. Si hunn ëmmer Marke-PCen (HP an deem Fall); et weess een also souwisou net genee wat dran ass, a Windows kritt een och opgezwongen. Mee et muss ee jo net do kafen.

Egal wéi, ech froen also ob et och méiglech wir (am Butték) d’Linux-Kompatibilitéit ze testen andeems ech eng Live-CD, wéi z.B. Knoppix, booten. „Jo, natirlech“ woar d'Äntwert nodeems de Verkeefer sécher gestallt huet dass do der Windows-Installatioun um Hard Disk näicht geschitt. Direkt hannendrop huet e mech awer gewalteg geschockt, wou e mer gesot huet wann ech awer de Windows géif erof geheien géif d'Garantie annuléiert ginn. Ech hu gefrot wat dann d'Hardware mat dem OEM-Windows ze dinn hätt, a gouf beléiert dass et keng OEM-Versioun, mee dass de Computer mat engem « CD de restauration » ausgeliwwert gëtt an dass do am Kontrakt géif stoen dass den « Tatouage » deen um Hard Disk wir onbedingt misst erhale bleiwen. Deen Tatouage geet awer verluer soubal een eppes un der Partitionnéirung ännert. Et verléiert een awer net nëmmen d'Garantie, sougur de mattgeliwwerte Windows léist sech ouni deen Tatouage net méi installéiren!

Wann sou Methode wierklech legal sollte sinn, dann verstinn ech gur näicht méi.

Labels: