26.7.06

Spritverbrauch vu Klimaanlagen

Bei den aktuellen Temperaturen (verschidde Leit nennen dat jo „schéint“ Wieder!?) kéint ee sech jo mol d’Fro stelle em wéivill d’Autosklimaanlag de Bensinsverbrauch erhéigt. Wann ech soe „bis zu 5,7l/100km“, denkt ee vläicht als éischt un irgend e schwéire Luxusschlitt mat iwwerdriwwener Ausstattung. A Wierklechkeet ass et awer den erschreckende Wert vun engem Ford Fiesta.

Weider Detailer fënnt een an dësem interessanten Artikel zu enger plusminus-Sendung.

25.7.06

LaTeX-Schrëften

Dass LaTeX net nëmme seng eege Computer Modern-Schrëfte benotze kann ass jo bekannt. Et ginn eng ganz Rei Packages fir d’Textschrëften ze änneren. Méi kriddleg gëtt et allerdings wann een och wëll d’Mathésschrëfte wiesselen. An der Free Math Font Survey ginn eng ganz Rei interessant Alternativen virgestallt déi et sech lount eng Kéier auszeprobéiren.

Labels: ,

24.7.06

Kappwéi

… kréien ech alleng scho beim Gedanken op engem Notebook ze schaffe mat blénkegem Schierm. Wéi ech haut awer alt erem festgestallt hunn schéngen anstänneg, wëll heesche matt, Schiermer um Ausstiewen ze sinn.

Dofir e klengen Hiweis un d’Computerindustrie: Ech si ganz frou dass der verhënnere wëllt dass déi béis Hacker meng Passwierder ausspionéiren andeems se mer iwwert d’Schëller luussen. Mee wir et net méi einfach (a méi bëlleg) e klenge Rëckspigel op de Bord vum Display ze pechen, amplaz e 15" grousse Spigel anzesetzen? Dann hätt ech och ëmmer alles am Bléck, an ech kéint sougur tatsächlech um Notebook schaffen.

Elo awer mol seriö. Ech hu mëttlererweil erausfonnt dass d’glossy displays tatsächlech och solle Virdeeler hunn, besonnesch wann d’Sonn direkt op de Schierm schéngt. Meeschtens sëtzen ech allerdings net op enger Parkbänk oder enger Terrass wann ech schaffe wëll. An an zouene Reim, wéi a Computerbuttécker, fällt mer da virun allem eppes op: iwwerall blénkt a reflektéiert et a vu lauter Geliits erkennt ee bal net méi wat iwwerhaapt um Schierm geschriwwe steet. Ass dat Fortschrëtt?

Ech hoffe just dass ech net nach muss en Occasiouns-Notebook kafen, nëmme fir deem gröbsten denkbaren Designfeeler aus dem Wee ze goen. Ech schéngen iwwregens net den eenzegen ze sinn deen et einfach nëmmen topesch fënnt.

20.7.06

Online CAS

Maxima ass e Computer Algebra System deen ënnert der GPL entwéckelt gëtt. Als grafesche Frontend fir dëse Kommandozeileprogramm bitt sech de WxMaxima un. Ween allerdings nëmmen heiansdo eng Klengechkeet ze rechnen huet kann elo och grad sou gutt op e Web Frontend zeréckgräifen deen ënnert math.msarnoff.org ze fannen ass. Eng mathematesch Palette erliichtert engem d’Aginn vun de Rechnungen. Standardméisseg ginn d’Resultater a beschter TeX-Qualitéit ugewisen, et kann een awer och de Maxima oder TeX Code uweise loossen.

Labels:

HP Color Laserjet 2605dn

Virun e pur Deeg ass mäin neie Printer ukomm: en HP Color Laserjet 2605dn. Aus enger ganzer Rei Grënn hat ech mäin alen Tënteprinter (HP Deskjet 920c) sat: e woar lues, d’Qualitéit op Standard-Pabeier woar schlecht an en hat e risegen ënneschte Rand deen net konnt beprint ginn.

Den 2605dn ass de bëllegsten Netzwierkprinter vun HP dee voll Linux-kompatibel ass (Driver vun HP selwer!). Bis elo kann ech e just recommandéiren. Nodeems ech eng ganz Rei Transportsécherungen rausoperéiert hat, konnt ech lassleeën. Den éischte Printout woar allerdings enttäuschend: déi véier Foarwen woaren net alignéiert (Ofweechunge bis zu 0,5mm!). No enger Kalibréirung woar dee Problem awer behuewen an d’Printqualitéit huet iwwerzeecht. Wann e bis am gaangen ass mat printen ass e relativ séier (wat dat och ëmmer heescht), an d’Qualitéit, zemols vun Text, ass phänomenal. En Hoken deen eigentlech quasi all Laserprinter huet ass d’Zäit déi e brauch fir d’Rasterdaten ze berechnen. Bei komplexen Dokumenter mat héichopléisende Biller kann dat schon mol iwwert eng Minutt daueren. Mee an deene Fäll muss een dat fairerweis vergläiche mat de Fotoprintzäiten déi en Tëntesprutzer brauch, an déi sinn och net grad kuerz.

Problemer hat ech bis elo just mat der integréierter Duplexeenheet. Am OpenOffice klappt et problemlos, am Adobe Reader net, an de KPDF wëll se ëmmer benotzen – géint mäi Wëllen. (Jo, ech hunn d’Astellunge kontrolléiert.) De KPDF-Problem kéint eventuell vum Gentoo-Poppler-Patch kommen. Dat muss ech awer nach ënnersichen. Fir de Moment printen ech PDFen also mam KGhostView oder mam Adobe Reader.

Alles an allem schéngt et awer den ideale Printer ze si fir Linux-User déi e gewësse Print-Volumen hunn. Méi ausféierlech Testberichter fënnt ee bei vnunet.com an IT Reviews. Bestallt hunn ech dat gutt Stéck bei Pixmania.lu fir 432€ (+9,90 Versand). Allerdings sinn ech gur net glécklech iwwert d’Tatsaach dass hir Wëllkomm-Mail mäi Passwuert am Kloertext enthalen huet. En SSL/TLS-Login sicht een och vergebens. Wéinstens ass de Präis immens gënschteg.

Labels: ,

18.7.06

LaTeX vs OpenOffice Writer vs Scribus

Dëse klenge Verglach soll den Ënnerscheed weisen tëscht exzellenten Textëmbrochalgorithmen (LaTeX) engersäits a brauchbaren (Scribus) respektiv schappegen (Writer, Word) anerersäits. Dofir hunn ech dräi kleng Test-PDFe präparéiert (PDF1, PDF2, PDF3). Fir ze vergläichen kann een déi dräi Dateien a separate Vieweren opzeman, jeweils Fit Page oder Fit Width astellen an dann mat Alt-Tab hin an hir wiesselen. Nach besser ass et natirlech déi dräi Dateien op engem anstännege Printer ze printen. Ech mengen et misst relativ séier kloer ginn wéi eng Datei déi typografesch bescht ass a wou d’Haaptënnerscheeder leien.

Iwwregens, den Text ass den Ufank vum Kleist séngem Michael Kohlhaas. Ech hunn eppes Däitsches gewielt, well déi relativ laang Wierder d’Opdeelung an Zeilen méi schwiereg misst man. Fir fair ze bleiwen ass de Layout all Kéiers identesch agestallt, och wann et onerklärlech Ofweichungen am Resultat ginn. D’Schrëft ass d’Latin Modern a Gréisst 10.

Ech konnt leider keng Testdatei am Word man (hunn dee Programm net, a wëll en och net). Trotzdem weess ech dass deen déi selwescht elementar Algorithme benotzt wéi den OpenOffice, an d’Resultat grad sou schlecht ass. Et ass traureg dass ee verschiddene Bicher schon um Zeilenëmbroch ofgesäit dass se am Word entstane sinn.

Labels: , ,

1.7.06

Genuine Microsoft Windows

Ech sollt DirectX 8 op en ale Laptop mat (legalem virinstalléierte) Windows 98 drop setzen. Daje alt hunn ech mer geduecht, dat ka jo net schwéier sinn. Dee Laptop kann ech net direkt un d’Internet uschléissen also lueden ech den DirectX ënner Linux erof an transferéiren en um USB Stick.

Op microsoft.com fannen ech och séier wat ech brauch: DirectX 8.1 fir Windows98. Mee do heescht et dann "Validation Required. This download is available to customers running genuine Microsoft Windows. Please click the Continue button to begin Windows validation." Dass dat ënner Linux schwéierlech klappe kann ass kloer. Also muss ech google fir eng Säit ze fanne wou et den DirectX erofzeluede gëtt.
De Comble ass allerdings dass et do e Link gëtt op e Microsoft Download-Server. An dat klappt ouni nerveg Validatioun oder ähnleche Blödsinn!

Firwat Microsoft mengt si missten hir User ëmmer méi schikanéiren ass mer e Rätsel. Ech si frou dass ech säit e pur Joer Windows-fräi sinn.

Wann d’Validation wierklech néideg gewiescht wir, hätt ech dee Programm deen den DirectX verlaangt huet net mol kënnen installéiren. An dat op engem legale Windows.