25.10.05

eBay-Geschichten (an aner Saachen)

Firwat sinn ech äusserst skeptesch wat eBay ugeet? Eigentlech ginn et dofir zevill gutt Grënn fir se opezlëschten, mee 2 interessant Saache wëll ech rauspicken.

Als éischt mol den obligatoreschen P-P-P-Powerbook. Ech hu gëscht mol déi 28 Säite-PDF duerchgelies. Einfach nëmme brilliant. Do ass de Betrüger selwer beduxt ginn. Mee op wéi eng Manéier, dat ass just nach genial. (Dat schlëmmt dorun ass dass eBay Sëcherheet leider net eescht genuch hëlt, an dass et dowéinst vill Scammer bei eBay gëtt.)

An dann eppes méi Allgemenges (well et fir all Kaf/Verkaf gëlt). Et schéngt sech nach ëmmer net (zumindest a méngem Bekanntekreess) erëmgeschwat ze hunn dass et säit 2002 nei Gewährleistungsbestëmmunge gëtt. Op Basis vun der EU-Directive 1999/44/EG (de, fr) muss elo och e private Verkeefer 2 Joer (!) Gewährleistung op verkaaften Artikelen ginn! (z.B. bei eBay, oder Auto privat verkafen.) Et sief dann et schléisst een dat ausdrëcklech aus. An anere Wierder kann ee sech ganz gewalteg usch*** wann een en Auto privat verkeeft ouni an de Contrat ze schreiwen dass et „Unter Ausschluss jeglicher Gewährleistung“ ass. An et ass ganz wichteg dat absolut korrekt ze formuléiren. An dat ass net sou ohne, wéi d’PC Magazin bericht.

Update: Ahem, an elo rectifiéire mer dee Quatsch aus dem Abschnitt virdrun. Wat ech do beschriwwen hunn ass d’Situatioun an Däitschland. Dat gëlt do säit der Ëmsetzung vun der 1999/44/CE, mee gläichzäiteg hu se an Däitschland och dat bestehend Garantierecht komplett iwwerschafft. An anere Wierder, mat der Directive hunn déi Saachen nëmme bedingt ze dinn. Et ass also vill méi sënnvoll mol e Bléck an de Mémorial, an op den Artikel vum Konsumenteschutz ze geheien. Wann ech dat richteg verstinn (an IANAL), geet et am grousse Ganzen drëm dass de Verkeefer 2 Joer laang kann ugesicht ginn wann de „Bien“ deen e verkaf huet net conforme ass zu deem wat am Kontrakt steet. An anere Wierder wann ech no e pur Woche mol mierken dass eppes u méngem neien Occasiouns-Auto net an der Rei ass däerf de Verkeefer mech net einfach ofweisen a soen „domm gelaf“. Mee no lëtzebuergeschem Gesetz ass et och elo sou dass beim Verkaf vun Occasiounsgüter déi Frist kann op 1 Joer verkierzt ginn.
Ech misst och nach betounen dass déi üblech Händlergarantie (déi opkënnt wann en Apparat futti fiert; an 2 Joer minimum dauert) näicht mat där heite Saach ze dinn huet.
Elo froen ech mech awer wat déi Problematik mat der däitscher „Gewährleistung“ iwwerhaapt mat der 1999/44/CE ze dinn huet, well an der Directive steet:
Im Fall gebrauchter Güter können die Mitgliedstaaten vorsehen, daß der Verkäufer und der Verbraucher sich auf Vertragsklauseln oder Vereinbarungen einigen können, denen zufolge der Verkäufer weniger lange haftet als in Artikel 5 Absatz 1 vorgesehen. Diese kürzere Haftungsdauer darf ein Jahr nicht unterschreiten.

22.10.05

Den Asimo ass zu Lëtzebuerg

Am Kader vum Festival des Sciences 2005 ass haut a moar den Asimo zu Lëtzebuerg. Zur Erënnerung, dat ass den „humanoïden“ Honda-Roboter deen ënner anerem Trapen erop an erof goe kann. D’Virstellunge si gratis, mee et huet ee missen Tickete siche goen. Ze kréie si wuel keng méi. Et woar amüsant, mee zimlech kuerz. Jojo, dass déi Akkuen awer och ëmmer nëmmen eng hallef Stonn halen ;-)
Ech hunn e pur Fotoen op de Flickr gesat.
Asimo Asimo Asimo Asimo
E klenge Video hunn ech och gedréint. (Den Asimo geet d’Trap erop.)

Update: Ech hunn de Video geännert. Et ass elo XviD als Video-Codec, a PCM als Audio-Codec. D’Container-Format ass AVI.
Erstallt hunn ech de Video mat mencoder PICT0160.MOV -vf rotate=2 -ovc xvid -o asimo.xvid -oac pcm -xvidencopts pass=2:bitrate=-3000. Den éischte Video woar wahrscheinlech dem libavcodec säin mpeg4 fir de Video, och mat PCM-Audio, an dat ganzt an enger AVI. Manpages soll een eben och heiansdo méi am Detail liesen …

Update: De Raffael huet eng Rei flott Fotoen op séngem Flickr-Account.

20.10.05

Trojaner plënneren och lëtzebuergesch Bankkonten.

E ganz interessanten Artikel gëtt et um lëtzebuergesche „CASES“-Site: L’e-banking menacé par des trojans. Fir et kuerz ze man:
Dès qu’il est installé le trojan il désactive les Anti-virus et surveille l’accès vers Internet de la victime. Lors du lancement d’une application d’e-banking les mots de passe et autres données confidentielles sont envoyées au malfrat qui exploite le trojan automatiquement.
Bei de verlinktene Sophos-Säite gëtt et ënner „Advanced“ och eng Lëscht vun iwwerwaachtenen Domains. bcee.lu gehéiert dozou, mee bekanntlecherweis ass der BCEE hire Web-Banking op https://www.snet.lu ze fannen. Mee wee weess, vläicht ass dat jo an der nächster Versioun gefixt.

Lästeg .doc Dateien a .pdf ëmwandelen

Et kritt jo leider heiansdo eng Word-Datei. Net ëmmer ass et allerdéngs ubruet de Géintiwwer virun de Kapp ze stoussen an en ze nerven e soll engem dat dach am PDF Format ginn. An deem Fall muss ee kucke selwer eens ze ginn. OpenOffice.org fonktionnéiert relativ schlecht fir sou Zwecker, dee scheed also aus. Mee et ginn och Web- oder E-mail-baséiert Déngschter fir déi Konversioun duerchzeféiren. Ech hunn der e pur mol kuerz getest.
  • Dem Alain Knaff säin „Office2pdf“ akzeptéiert zwar scheinbar d’Mail mat 10 attachéierte Word-Dateien, mee eng Äntwert vum Server kënnt ni.
  • Den TOM Conversion Service fabrizéiert en onbrauchbart Resultat.
  • Dem CERN säin Conversion Service gëtt net eens mam .tar.gz Archiv mat den 10 Word-Dateien. („MemoryError“) Eenzel Dateien an och méi kleng Tarballs maachen awer keng Problemer. D’Resultat ass perfekt. Ze recommandéiren.

Update: Ups, CERN Link korrigéiert. Merci, Airborne.

18.10.05

Big Brother am Printer

Nei ass et jo net, dass Printer hir Seriennummer onsichtbar mat op d’Blat printen. Mee elo hunn ech mol duerch Zoufall bei heise.de en Artikel driwwer gelies wéi déi Informatiounen codéiert sinn.

Labels:

16.10.05

Domain names

Administratives als éischt: ech wäert an nächster Zäit leider net méi sou oft kënne posten wéi virdrun.

Mee fir dat hei muss einfach Zäit sinn :-)
Et soll een ëmmer zweemol nodenken ir een en domain name registréiert. Soss kann et engem goe wéi “Who Represents” (enger Datebank fir Promi-Agencen) déi mol kuerzerhand whorepresents.com registréiert hunn … Funny stuff.

Labels:

6.10.05

Jihad

President Bush said to all of us: ‘I’m driven with a mission from God. God would tell me, “George, go and fight those terrorists in Afghanistan.” And I did, and then God would tell me, “George, go and end the tyranny in Iraq …” And I did. And now, again, I feel God’s words coming to me, “Go get the Palestinians their state and get the Israelis their security, and get peace in the Middle East.” And by God I’m gonna do it.’ (Nabil Shaath, Palästinenseschen Ausseminister. Quell: BBC)

D’Énarquen

Vun deenen héiert ee jo heiansdo. Et handelt sech ëm d’Leit déi vun der franséischer École Nationale d’Administration kommen, enger (elitärer) Schoul déi quasi eng Viraussetzung ass fir Minister oder Präsident ze ginn. Amüsant: an der Wikipedia ass en Auszuch aus engem ENA-Rhetorik-Cours.

Labels:

SketchLaTeX

LaTeX ass jo schéin a gutt, wann et nëmme méi einfach wäer flott Graphiquen ze man déi an der üblecher LaTeX-Qualitéit beschrëft sinn. Selbstverständlech kann ee pstricks benotzen (flotten Tutorial), mee oft wir et vill méi einfach e Vektorgrafikprogramm (wéi den exzellenten Inkscape) kënnen ze benotzen. Dat mam Inkscape ass leider (nach) net méiglech, mee fir de Skencil gëtt et e ganz flotte Plugin: de SketchLaTeX erméiglecht et „LaTeX Objects“ ze erstelle. Do gëtt een da bequem seng Formel an, an d’Resultat gëtt direkt als Vektorgrafik an d’Datei agebonnen (Screenshot). Mee well et en egestännegen Objekttyp ass kann een och nach nodréiglech d’Formel ëmänneren. Et kéint käum méi einfach a praktesch sinn. :-)

Labels: ,

Nei Musék entdecken

Zwou flott Méiglechkeeten:
1. Gnoosic versprécht dat ze fannen vun deem een net mol woust dass een et gesicht huet… Einfach 3 Künstler aginn, a Gnoosic mécht Virschléi. Dat flott drunn: d’Datebank woar am Ufank eidel, an nëmmen duerch d’Eingabe vun de Leit huet d’AI geléiert wat beienee passt. Wéi gelongen et ass, dat décidéiert der am Beschte selwer.
2. Bei last.fm (fréieren AudioScrobbler) kann een e perséinleche Muséksprofil erstellen andeems een en entspriechende Plugin a séngem Lieblingsplayer benotzt (am amaroK ass dat built-in). Da ginn d’Titele vun de Lidder déi ee lauschtert u last.fm iwwerdroen, an déi Date ginn da benotzt fir musikalesch „Noperen“ ze fannen. Et ass och flott fir den „Dynamic Mode“ vum amaroK: et ginn automatesch ëmmer ähnlech Lidder un d’Enn vun der Playlist ugehaangen. Mee virun allem dat mat den Noperen ass flott fir nei Künstler ze entdecken. (Mee iwwer Dateschutz muss ee sech awer definitiv seng Gedanke gemaach: iwwerdroe gëtt net nëmme wéi eng Lidder gelauschtert goufe, mee och nach wéini.)