26.4.07

Aner Länner, aner Mathé?

Wann dëse Verglach stëmmt, dann hunn d’Englänner e klenge Problem...
Vun offizieller Säit ginn et awer schonn Erklärungsversich.

Via /.

Update: Schued, ech hunn d’500£ vum Concours net gewonnen. Dofir ginn et awer elo e pur weider Détailer fir jiddereen deen drun interesséiert ass.

Labels:

25.4.07

Xbox 360 Laptop


Spillkonsolen interesséire mech am Allgemengen net am geréngsten, scho gur net déi vu Microsoft. Mee haut man ech eng Ausnahm.

Dat hei ass onbeschreiflech, brilliant, onbeschreiflech brilliant.

Ech si gespaant op den drëtten a leschten Deel.

Labels:

20.4.07

Grammaires-Correcteur fir Linux

Den Antidote RX fëllt eng laangjähreg Lacune an der Software-Offer fir Linux: et ass e Korrekturprogramm fir d’franséisch Sprooch. A méngen Aan ass dat awer scho bal niewesächlech, well de gréisten Atout sinn déi sëllegen Dictionnairen déi och matgeliwwert ginn. Hei e pur Screenshots:





Da ginn et awer och eng Rei „Guiden“ an deenen ee verschidden orthographesch a grammatesch Begrëffer respektiv Regelen noschloe kann:



Wat d’Korrektioun ugeet hat ech elo keng Loscht irgend e belanglosen a feelerhaften Beispilltext opzesetzen. Et sief just gesot dass d’Korrektur gutt fonktionnéiert a pertinent Erklärunge gëtt. Trotzdem ass et wéi bei all sou Programm ëmmer nach de Benotzer deen d’Grammaire perfekt beherrsche muss an net einfach blann dem Computer vertrauen däerf. Mee egal wéi gutt een iwwerliest, den Antidote fënnt awer nach ëmmer déi eng oder aner Klengechkeet déi een iwwersinn hat.

En net onwesentleche Virdeel ­(an Haaptkafgrond) ass natirlech d’Linux-Ënnerstëtzung. D’Original-CD enthält eng Linux-, Mac- a Windows-Versioun. D’Software muss aktivéiert ginn (grommel) an däerf nëmmen op 3 PCen (aus engem Stod) installéiert ginn. Bis elo ginn allerdings just Fedora a SuSE (SLED) offiziell ënnerstëtzt. Op méngem Kubuntu Dapper fonktionnéiert awer och alles problemlos. Ënner Kubuntu Edgy woar intensivt Gefummels néideg fir d’OpenOffice-Integratioun un d’Goen ze kréien, an ënner Gentoo fonktionnéiert den Antidote u sech zwar korrekt mee d’OpenOffice-Integratioun krut ech net un d’Goen. Dat ass dann d’Strof dass ee proprietär closed source Software keeft. Ech muss wuel kaum soen dass de Kaf mech eng gewëss Iwwerwannung kascht huet, besonnesch wou déi 120€ a stoarkem Kontrast stinn zu den 0€ fir Betriebssystem, E-Mail, OpenOffice, Scribus, Inkscape, Gimp et j’en passe.

Fazit:
  • Brilliant Redaktiounshëllef
  • Gutt Grammaireskorrektur
  • Gutt OpenOffice-Integratioun, insoufern se fonktionnéiert.
  • Keng fräi Software

Labels: , ,

14.4.07

Interessant Geschäftspraktiken

Sou gëtt ee räich:
From: Bill Gates
Subject: ACPI Extensions
One thing I find myself wondering about is whether we shouldn’t try and make the “ACPI” extensions somehow Windows specific.

It seems unfortunate if we do this work and get our partners to do the work and the result is that Linux works great without having to do the work.

Maybe there is no way to avoid this problem but it does bother me.

Maybe we could define the APIs so that they work well with NT and not the others even if they are open.

Or maybe we could patent something related to this.

Vun hei, via OSNews.

An da wonneren ech mech wann ACPI am Joer 2007 nach oft Schwieregkeete mécht. Et ass zwar en dokumentéierte Standard, mee leider konnt MS rëm hir üblech Praktiken ongehënnert duerchsetzen: e Standard iwwerhuelen awer eng feelerhaft Implementation schreiwen. Resultat: d’Majoritéit vun de BIOSen ass net standard-konform, mee ënner Windows fonktionnéiert et trotzdem.

Update: Et muss een allerdings och soen dass d’ACPI-Spezifikatiounen net grad kleng sinn an och relativ komplex. Wéi ëmmer ass de Linus och hei relativ “outspoken”:
Modern PCs are horrible. ACPI is a complete design disaster in every way. But we’re kind of stuck with it. If any Intel people are listening to this and you had anything to do with ACPI, shoot yourself now, before you reproduce. (Quell)
The fact that ACPI was designed by a group of monkeys high on LSD, and is some of the worst designs in the industry obviously makes running it at any point pretty damn ugly. And the fact that MB vendors don’t test it with anything else than Windows (and sometimes you wonder whether they do even that) doesn’t help. (Quell)

12.4.07

Jabber User Directory


Fir iwwer Jabber mat engem ze schwätzen brauch een deem anere seng Jabber User ID, wéi z.B. tuxophil@jabber.ccc.de (net ze verwiessele mat enger E-Mail Adress!). Wann een déi awer net weess kann een e Bléck an den Jabber User Directory werfen. Dat fonktionnéiert awer an all Programm liicht anescht, dofir ginn ech och net weider drop an.
Wat awer wichteg ass, ass dass ee bei Jabber net automatesch an deen zentrale Register agedroe gëtt (fir d’Privatsphär ze schützen). Dat muss een also eng Kéier selwer aus séngem Jabber Client eraus maachen.

A ween einfach mol mat Jabber-User schwätze wëll huet am Beschten e benotzt säi Google Account oder mécht sech een falls en nach keen huet. Den Jabber-baséierte Google Talk ass iwwregens och exzellent an den GMail Web-Interface integréiert.

Labels:

9.4.07

DSL Upgrade

Et schéngt demnächst e „klengen“ Upgrade vun de Leitungen ze ginn. :-)