14.2.06

HDD an Aktioun

Coole Video. (leider WMV)

(Merci, Raffael)

Labels:

1.2.06

Das Keyboard Economy Edition

Haut ass definitiv mäi grousse Blog-Dag…

Där hutt vläicht scho vum „Das Keyboard“ héiren. Wann net kënnt der äerch et jo mol ukucken. Zemols de Präiss.
Méi bëlleg geet et mat enger 5€ Spraydous :-)
Hei ass d’Resultat:

Ech hunn dee Clavier elo säit e pur Deeg am Asaz an ech hunn d’Fangeren nach net schwoarz. Also alles tiptop. Just aner Leit hunn heiansdo e Problem wann se drop tippe sollen ;-D

Update: Fir déi ganz Verréckte gëtt et awer och eng méi opwänneg Method déi ech ärch net virenthale wëll.

Labels:

Bootdisks

… NERVEN! Zemols wann ee kee Floppy-Lafwierk huet. Gutt dass et bootfäheg CDe ginn. Hei ass e klengen Tipp wann een rem sou en dämlechen DOS-exklusiv Programm muss lafe loossen deen och nach Schreifzougrëff op d’Diskett verlaangt:
Bei bootdisk.com eng Windows98 Boot Disk eroflueden a mat unzip entpaken. Dann am K3b eng Daten-CD erstelle mam concernéierte Programm. Mee, an dat ass dat wichtegst, et muss een den Disketten-Image als Boot Image konfiguréiren. Domat ass d’CD awer nach ëmmer read-only, oder? Hei den Trick: beim Boote lued een d’Driver fir d’CD-Lafwierk an da kopéiert een de Programm vun der CD op d’RAM-Disk bei d’Utilities. Well d’RAM-Disk kann natirlech beschriwwe ginn (och wann déi Date beim Reboot verluer ginn).

Hard Disk gëtt de Geescht op

Zumindest huet en eng Onmass defekt Sektoren. Mee HDDen hu jo Reservesektoren a wéi jidderee weess ginn déi defekt Sektoren reallocated soubal een déi Sektoren nei beschreiwt. De SMART seet mer ënnert anerem dat hei:
Reallocated_Sector_Ct   4
Reallocated_Event_Count 5
Current_Pending_Sector 0
Offline_Uncorrectable 5
Mangel u Reservesektoren dierft et also net ginn. Souwäit d’Theorie. Well an der Praxis gesäit dat liicht anescht aus. Ech hunn déi betraffe Partitioun (meng Root-Partitioun) ënnert Knoppix op d’/data Partitioun kopéiert:
dd if=/dev/sda6 of=/mnt/sda3 conv=noerror,sync
# ‘noerror’ a ‘sync’ sinn extrem wichteg!
… an dono gefsckt an rem zeréck geschriwwen. Kee Fehler, also misst den Hard Disk jo beim Liese gemierkt hunn dass eng Rei Sektoren defekt sinn (genuch Liesfehler am dd) a mussen ersat ginn. Mee komescherweis huet en dat net gemaach, well en
dd if=/dev/sda6 of=/dev/null conv=noerror
huet rem déi selwescht Liesproblemer wéi bei der éischter Kéier!

Also hunn ech de Samsung-Testprogramm lafe gelooss. Dee fënnt och eng ganz Rei Problemer a recommandéiert mer (op Engrish) ech sollt d’ERASE HDD Fonktioun probéiren an dono nach eng Kéier testen. Ma merci dann! Elo bleift mer also net vill aneres iwwreg wéi en zweeten HDD ze kafen, alles ze kopéiren, an dann den defekten HDD ersetzen ze loossen.

Wéinstens huet dat de Virdeel dass ech dann déi flott LVM-RAID-Modi probéire kann :-) Zwee Hard Disken kann och mol Virdeeler hunn.

Wann ech allerdings schonn dobäi sinn, wäert ech wahrscheinlech net méi reiserfs benotzen, och wann ech bis elo ganz zefridden domat woar. Dës Mails hu mer nämlech ze denke ginn! (Och wann den Titel wuel liicht, ëhm, iwwerdriwwen ass.)

Hmm, deen Hard Disk huet iwwregens réischt 5 Méint an et ass schonn den drëtten dee mer (an de leschten 7? Joer) ofkraazt. Vläicht ginn 79cm tëscht Subwoofer an Tower awer net dur …

Labels: