31.7.05

Flickr

… ass e flotten Online Service fir seng Fotoen an de WWW ze setzen an aneren ze weisen. D’Umellung ass erfreelech einfach, an et muss een näicht uginn ausser seng E-Mail Adress. Dorop gëtt een och ausdrécklech higewisen; sougur fir Paranoïder wéi mech ass dat tiptop ;-)

Soubal een d’Biller eropgelueden huet kann ee bestëmmen ween se däerf kucken (nëmme Flickr Memberen, d’Famill, jiddereen) a wee Kommentare schreiwe kann, oder sougur Tags dobäi maache kann (dass d’Biller méi liicht ze fanne sinn). Et kann een se a „Photo Sets“ (eng Art Album) organiséiren a vun anere Säite (wéi z.B. enger Blog ;-)) drop linken. Mee fir Blogs gëtt et och speziell Fonktiounen dass een direkt iwwert eng Foto blogge kann. Flickr schreift dat dann automatesch op d’Blog (wann een se bis konfiguréiert huet).

Wat ech och ganz flott fonnt hunn ass d’Integratioun vun de Creative Commons Lizenzen. (Dobäi geet et drëm explizit anere Leit d’Erlaabnis ze ginn déi Fotoen ze benotzen. Ouni sou eng Erklärung dierften se gur a glat näicht. Z.B. op kee Fall printen oder um Hard Disk ofspäicheren.)

Mee zeréck zu Flickr. Jidderee kann och direkt d’Fotoen a verschiddene Gréissten ukucken oder eroflueden. D’Original allerdings nëmmen wann den Fotograf dat an den Astellungen erlaabt. Mee dat kann deen nëmme wann e fir de „Flickr Pro“ eng 25$ d’Joer bezillt. An domat si mer bei den Aschränkunge vum gratis Flickr: „just“ 20 MiB Upload de Mount, am „Photo Stream“ si just déi 200 lescht Fotoen ze gesinn, an et kann een d’Originaler net ofruffen. An anere Wierder: fir e gratis Déngscht kritt een immens vill gebueden.
Bee on flower

Labels:

Night Glow

Am Kader vum Mobilux Trophy 2005 woar gëscht en „Night Glow“ mat Light Show a Freedefeier. Dat Ganzt huet sech um Iechternacher Séi ofgespillt.
Night Glow

Labels:

24.7.05

De Fall Jean-Charles de Menezes

Ech si erschreckt, geschockt, dégoûtéiert, perplex.

Säit e Freiden de moien hunn ech et lusch fonnt dass d’britesch Polizei just gesot huet si hätt e „Verdächtegen“ erschoss, mee kee Grond firwat. Keng Bomm, keng Waff, keng Bedrohung. Äusser engem héichgeféierleche Wantermantel.

Säit gëscht weess dann och dee leschten dass et eng rücksichtslos Hiriichtung woar. An dat krasst: et wir jidderengem — mär zumindest — genau d’selwescht gaangen. Wat nämlech an der offizieller Stellungnam du léiwer net méi erwähnt ginn ass: d’Officers woaren an zivil. Wann ech géif mierken dass ech vun e pur Männer verfollegt ginn, géif dat mech och stutzeg man. Irgendwann kréich ech och déck de Schiss an ech géif och ufänke mat dovu lafen. Resultat: Kappschëss nodeems de „Verdächtegen“ scho längst um Buedem louch.

Mee fir ze katzen ass et mer säit ech gelies hunn dass „shoot to kill“ dunn och nach verteidegt ginn ass:
[Sir Ian Blair, le chef de la police de Londres,] a cependant défendu la nouvelle stratégie de « shoot and kill », seule capable à ses yeux de neutraliser des kamikazes et de sauver des vies. « J’ai conscience que des minorités parlent de la politique du tirer pour tuer ; mais c’est une politique (…) qui vise à protéger », a-t-il assuré.
Ech fille mech jiddefalls zudéifst getraff dass déi Démontage vum Rechtsstaat och nach gutt geheescht gëtt. Géint Noutwir hunn ech natirlech näicht. Mä d’Sprengkraaft vun halluzinéierte Bommen ass awer relativ begrenzt …

D’Reaktioun ass selbstverständlech dass elo keen Auslänner, a scho gur kee Moslem, sech méi traut mat engem Rucksak an e Metro oder e Bus ze klammen. Wéi een domat enger vun de Wuerzele vum Terrorismus, nämlech der Radikaliséirung, virbeuge wëll ass mer e Rätsel.

Update: Dem Spiegel online säin Artikel ass méi détailléiert a liesenswert. Ënner anerem:
[De fréiere Polizeichef Lord Stevens:] „Es gibt nur einen sicheren Weg, um einen Selbstmordattentäter an der Tat zu hindern — zerstöre sein Gehirn auf der Stelle.“ Scotland-Yard-Chef Ian Blair sagte ebenfalls, es gebe zum finalen Kopfschuss keine Alternative, sobald der Verdacht besteht, dass ein Verdächtiger einen Sprengstoffgürtel trägt und zünden könnte. (Spiegel online, Betounung vu mär)
Wow, nach méi krank:
Bislang ist noch nicht abschließend geklärt, ob der 27-jährige Brasilianer von Polizisten oder Angehörigen einer Armeeeinheit erschossen wurde. Sollten Militärangehörige in Zivil für das Geschehen verantwortlich sein, dann würde die Sache nach britischem Gesetz nicht weiter verfolgt werden. (tagesschau.de)

21.7.05

Eis Sprooch

Och wann ech et flott fannen op Lëtzebuergesch ze bloggen, sinn ech mer awer bewosst dass ech meng Mammesprooch nach net mol feelerfräi schreiwe kann. Dat kéint sech allerdings ännere wann ech bis Zäit fonnt hunn d’Introduction à l’orthographe luxembourgeoise vum François Schanen a Jérôme Lulling ze liesen. Dat Dokument gëtt et op Lëtzebuergesch an op Franséisch, ass 140 Säite stoark a kann ee sech vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise eroflueden. Freet sech just firwat op där Säit quasi alles op Franséisch ass. :-/

Vun deenen zwee Auteuren gëtt et iwwregens och de Luxdico, e Lëtzebuergesch–Franséisch, Franséisch–Lëtzebuergesch Dictionnaire. Dee gëtt et am WWW, mee och a Buchform (fir 24,95€). Deen ass als Lëtzebuerger wuel haaptsächlech praktesch fir d’Schreifweis vun engem Wuert nozekucken. Dofir gëtt et allerdings och de Projet Cortina deen een hei teste kann.)

Ween awer just d’Haaptregele kenne léire wëll, verweisen ech einfach op eis Rechtschreifreform vun 1999. (Jo, net nëmmen déi Däitsch hunn sou eppes gemaach …) A wann ech schonn am gaange sinn alles opzelëschte wat mer sou afällt, da kann ech och nach direkt déi flott a praktesch Broschür vun eisem Schoulministère erwähnen, déi ech „deemols“ am Lycée ausgedeelt krut.

Labels:

13.7.05

Pervers

Ass car sharing onfair Konkurrenz fir Bus-Firmen? Nee, net an den USA …

12.7.05

Bürokratie

E „Certificat de nationalité“? Hmm, dat misst jo kee Problem sinn. Ah sou, et brauch een en Extrait aus dem acte de naissance? Hmm, jo. Och ee vum Papp? Ma kloer, well di kafkaesk Bestëmmunge vum Ministère de la Justice schreiwe vir dass ee muss lückelos bis 1920 kënnen zeréck goen! Also och nach Bop an Urgrousspapp. An dono dauert et just nach 3 Woche bis een den Certificat geschéckt kritt. E Samschden woar eng Annonce am Wort déi ënnert anerem dat hei verlaangt huet:
un certificat de nationalité ou une attestation certifiant qu’une demande en obtention a été introduite
An ech hunn a ménger Naïvitéit gemengt meng carte d’identité hätt alt irgend e minimale Wert. Mee scheinbar huet jo souwisou jiddereen eng gefälschten, oder wat soll dee Blödsinn? Ech si mol gespaant wat op dem Certificat nach Groussarteges certifiéiert gëtt, äusser halt dass ech Lëtzebuerger sinn.

De comble: als naturaliséierte Lëtzebuerger brauch ee just en Extrait aus dem eegenen acte de naissance.

P.S. Wéi schreift ee „carte d’identité“ richteg am Lëtzebuergeschen? Kleng wéi am Franséischen, oder „Carte d’identité“ oder etwa „Carte d’Identité“? (Ech behaapten allerdings net dass dovun ofgesin alles richteg geschriwwe wir.)

10.7.05

Jo

Sou, Lëtzebuerg huet et hannert sech. Et bleiwe just nach déi leschte Büroen aus der Stad ze zielen. Eng komplette Oplëschtung fënnt een op verfassung-fir-europa.lu.

Interessant ass dass déi südwestlesch Gemengen fir den Nee sinn. Et wir mol ganz interessant dat méi no ze analyséiren. Huet dat mat der Situatioun vun der Arbed ze dinn? Eventuell méi Aarbechtslosegkeet? Méi Frontalieren? Oder huet d’Propagandamachinerie deen Eck vum Land vergiess?

7.7.05

Optesch Täuschungen

Eng ganz faszinant Säit iwwert allméiglech optesch Täuschungen huet de Michael Bach erstallt. Méi däitlech kann een net virgefouert kréien dass eis Aan an eist Gehir zimlech vill eraninterpretéiren an dat wat eigentlech d’Realitéit ass. Dat hei gëtt et och als risege Poster. Zimlech beandrockend!

Me Vogel an Héichform

Ech weess dass et peinlech woar — peinlech genuch dass et net mol widderholl ginn ass — an och e bësse shocking, mee wann ee mat der richteger Virstellung un déi Saach erugeet… Fir et kuerz ze man: ech hu scho laang net méi sou gelaacht wéi bei der Show déi den Me Vogel gëscht am „Débat“ iwwer d’Verfassung ofgeliwwert huet. Ween et verpasst sollt hunn kann et am RTL Videoarchiv kucken. Mee allzevill Entscheedungshëllef fir e Sonnde ass awer éischter net geleescht ginn …

Wat mer allerdings net gefällt ass dass no ISP diskriminéiert gëtt: just SpeedSurf-Clienten däerfen de 768kbit/s Stream kucken. Gi mer dach mol ee Moment vum Kantschen Imperativ aus: Wat wir d’Internet wa jiddereen no ISP géif diskriminéiren, a wa bei all Service en aneren ISP dee „richtegen“ wir?

6.7.05

Keng Softwarepatenter! :-)

Yeah, d’Europaparlament huet d’Directive iwwer d’Patentéierbarkeet vu computerimplementéierten Erfindunge verworf! Duerch extremen Zoufall hat ech sougur grad zur richteger Zäit entdeckt dass d’Sëtzunge vum EP sougur live gestreamt ginn. Den éischte Saz deen aus de Boxen koum woar d’Conclusioun dass d’« position commune », also d’Directive u sech komplett verworf ginn ass. :-)

Wat heescht dat elo konkret? D’Lag bleift sou onkloer wéi virdrun. Zweifellos wir et besser gewiescht eng amendéiert Directive ze hunn déi ee fir allemol seet dass (reng) Software net patentéierbar ass. Dat ass zwar eigentlech elo och scho sou, mee dru gehale gëtt sech leider net. Mee trotzdem bleift de legale Wert vun de bestehende Patenter zimlech geréng, well se nach ëmmer net ageklot kënne ginn, well et se jo u sech net dierft ginn.

Et bleift ze hoffen dass irgendwann (och wann ech irgendwou gelies hunn dass d’Komissioun elo 3 Joer keng nei Directive doriwwer ausschaffen dierft) en neien Harmoniséirungsversuch ënnerholl gëtt, an deem da fir d’Éiwegkeet festgehale gëtt dass Patenter op Software der Innovatioun schueden an deemno och keng ausgestallt däerfe ginn.

E gudden Dag fir d’europäesch Demokratie, mee virun allem fir d’europäesch Softwareindustrie. Et bedeit och vill méi Sëcherheet fir „meng“ Software: keng Rechtsonsëcherheete méi wéi z.B. LZW-Compression am .gif-Format, MP3e lauschteren oder erstellen, d’MPEG2 Codecs vun den DVDen, IDEA an RSA-Support am OpenSSL an am gnupg, oder Topegkeete wéi patentéierte Fortschrëttsbalken.

2.7.05

Wow, 1 VW-PS sinn 0,91 reell PS

Ech si platt — einfach nëmme spraachlos. Wéi onverschimmt Volkswagen d’Leit anscheinend uschäisse wëll. Do heescht et bei verschiddene Modeller vum Golf z.B. „77 kW / 115 ch“. An dobäi sinn ee PS per Definitioun (!) ca. 0,735 kW. 77 kW sinn also 105 PS, kee méi a kee manner. Grad wéi 400 cm och keng 5 m sinn. Bei anere Modeller klappt et dann awer besser, do heescht et dann „77 kW / 105 ch“. Do muss wuel ee bei VW zeréck an de Lycée.

Wou mer grad dobäi sinn: an der Liewensmëttelindustrie ginn et der och déi net bis 3 ziele kënnen. Oder méi exakt bis 4,186. Well wéi do heiansdo d’Ëmrechnung vu kJ op kcal gemaach gëtt ass grad sou rätselhaft a grujeleg.

Update: Ech hat vergiess ze soen dass déi Diskrepanz bei Volkswagen Lëtzebuerg ze fannen ass. Bei Volkswagen Däitschland heescht et „85 kW / 115 PS“. Si hunn hiren Auto also net als méi stoark durgestallt (a PS), mee als ze schwaach (a kW).