29.9.06

Giel Tëppelcher

E Kichelchen fir deen dee mer op Anhieb soe kann wat op där Foto hei ze gesinn ass.


Et ass d’Identifikatiounsmuster dat mäi Foarflaser op all Blat print. Wéi virun e pur Joer rauskoum, hunn déi meescht (all?) Foarflaser-Printer en agebauten Iwwerwaachungsmechanismus. Fir besser kënne géint Geldfälscher virzegoen hunn d’Printerhersteller un d’Häerz geluecht kritt op all gedrécktent Blat d’Seriennummer vum Printer drop ze schreiwen. Dass et net stéiert an op den éischte Bléck net ze erkennen ass, ginn déi Informatiounen als repetitivt gielt Punktemuster geprint.

An effektiv, mam bloussen Aan kann een déi giel-op-wäiss Informatiounen net gesinn. Wann een d’Blat awer mat enger bloer LED beliicht ass de Kontrast vill méi stoark an et kann een d’Muster erkennen. E klengen Test weist och dass déi Punkten net do sinn wann ee schwoarz/wäiss print. Déi Technik schéngt also wierklech op de Kampf géint Geldfälscher zeréckzeféiren ze sinn.

Ech muss awer och soen dass et mech zimlech stéiert dass ech an alle Liewenslagen wéi e potentielle Terrorist oder, ausnamsweis, Geldfälscher behandelt ginn. Oh, Moment, ech liese grad dass et zu ménger eegener Sécherheet ass. Dann ass gutt.

Mee zeréck zu den techneschen Aspekter: an engem relativ interessanten Artikel gëtt och gewisen wéi dat Muster am Fall vun engem Xerox Printer opgebaut ass a wéi eng Informatiounen et enthält. Iwwerhaapt fënnt een um Site vun der Electronic Frontier Foundation vill Informatiounen zu dem Thema.

Well dat Gefummels mat der bloer Luucht net sou extrem praktesch ass, hunn ech et och mol mam Scanner versicht. Am Gimp hunn ech d’Bild an CMY opgespléckt, wat jo logesch ass wann ee giel Informatioune sicht… Nach de Kontrast erhéigen, a scho kënnt dat hei dobäi raus:


Elo stéiert just nach d’Gitter dat ech ursprünglech geprint hat, dass de Fotoapparat besser fokusséiert kritt. Een Haischen ass iwregens 2cm×2cm.

28.9.06

Perl

Hunn ech op /. fonnt:
''=~('(?{'.('-[@._}'^']))@+]').'"'.
(')})@.^'^'`]^/@|').',$/})')


Dach, éierlech, dat ass Perl.

Update: D’Zeil woar e bëssen ze laang; fir de copy&paste ze vereinfachen hunn ech et opgespléckt.

27.9.06

Säitepräis

Elo wou ech well e pur Säiten geprint hunn, ass et natirlech interessant en Duerchschnëtts-Säitepräis ze berechnen. Am Webinterface vum Printer hunn ech folgend Informatioune fonnt:

75% Schwaarz iwwreg
85% Cyan iwwreg
86% Magenta iwwreg
85% Giel iwwreg
744 Säiten insgesamt geprint (dovun 568 mat Foarfelementer)

Wann ech vun engem raisonnable Cartouchepräis vu 70€ ausginn1 a 500 Blieder Pabeier 4€ kaschten, kommen ech op
(0.25+0.15+0.14+0.15)×70/744+4/500 = 0.073€ pro Säit.
Ënnert deene 744 geprintene Säite woaren eng 12–15 Fotoen an A4 Gréisst. Insgesamt sinn ech ganz zefridde mat deem Resultat. Zemols wou Copy Shops bei ca. 3 Cent leien (an dat schwaarz/wäiss!).



1 Hei am Land éischter ëm déi 100€!?

Labels:

26.9.06

Pimp my DNS

Hei e klenge Linux/*BSD-Tipp dee besonnesch fir Konqueror-User vu Bedeitung ass:

Fir e Server am Internet ze kontaktéiren muss de Servernumm als éischt an déi entspriechend IP-Adress ëmgewandelt ginn. Déi Iwwersetzung mécht den Domain Name System. Eréischt wann dat geschitt ass kann de Browser, Mailprogramm oder FTP-Client mam Server Kontakt ophuelen. Eng DNS-Offro ze man kascht awer Zäit an ass oft komplett iwwerflësseg, well déi meescht Serveren hir IP-Adress seele bis ni änneren.

De pdnsd ass e Proxy DNS Server mat permanentem Cache. E Servernumm deen eemol ofgefrot gouf gëtt eng Woch laang gespäichert, sou dass net all Kéiers rem Zäit verschwend gëtt. De Firefox huet en integréierten (net-)permanente Cache a profitéiert deementspriechend kaum bis guer net vun engem systemwäiten DNS-Cache. D’Konqueror-Entwéckler hu sech awer op déi traditionnell Unix-Philosophie baséiert déi beseet dass all Programm eng Saach maache soll an déi gutt. Deemno ass et um System den DNS-Caching global ze iwwerhuelen an et soll net all eenzelne Programm d’Rad nei erfannen.

Hei e klengt Beispill vun zwou sukzessiven Offroe vu Google China:
$ dig google.cn | grep msec
;; Query time: 485 msec
$ dig google.cn | grep msec
;; Query time: 15 msec
Et gesäit ee schéin dass déi zweet Offro vill méi séier ass. Deementspriechend reagéiert de Browser mat dësem Cache méi séier op Mausklicks.

Weider Informatiounen fënnt een op der däitscher Gentoo-Wiki.

Labels:

22.9.06

Bumm!


Et schéngt einfach keen Enn ze huele mat Laptops déi explodéiren. Et konnt ee jo nach schmunzelen iwwert de Verbued en Apple oder en Dell mat an de Fliger ze huelen well se andauernd an d’Lut ginn. Mä dass elo och Thinkpads Feier fänken ass einfach nëmmen onerhéiert!

Et ass awer net ausgeschloss dass och an deene Fäll eng Sony-Batterie kéint Schold sinn. Mä d’Mark ass engem séier egal wann ee bis e Lithium-Feier um Schouss huet.

(E grousse Merci un engadget fir d’Informatiounen!)

11.9.06

9/11 ­— Five years later

[…] the FBI has no hard evidence connecting Bin Laden to 9/11.
(En FBI Spriecher)

Wéi sou oft bei gréissere weltpoliteschen Ereegnisser tauche fréier oder spéider eng ganz Rei ënnerschiddlech Theorien op, déi erkläre wëlle wat (wierklech) geschitt ass.

Am Fall vun 9/11 ass dat net anescht. No “9/11 truth” google geet dur fir eng Hellewull u méi oder manner verrécktenen Theorien, „Fakten“ an „Tatsaachen“ ze fannen. Wat di Saach an dësem Fall awer vläicht besonnesch pikant mécht ass déi grouss Éierlechkeet déi d’Bush-Regierung bekanntlech an de leschte Joren un den Dag geluecht huet. Wee sech eng Kéier langweilt ka jo mol e Bléck op d’Telepolis-Serie oder op dem Professor Jones säin Artikel geheien. Vläicht sollt een déi Leit jo net ze séier als verréckt ofstemplen.

10.9.06

Biometrie fir den Hard Disk

Eng vun de gur net mol sou onnëtze Spillereien op de ThinkPads ass den integréierte Fangerofdrocksensor. Zemols op engem Laptop ass et vu grousser Wichtegkeet seng privat a berufflech Daten ofzeséchere géint Déifstal. Bekannterweis hëlleft en normalt BIOS-Passwuert net ganz vill, well ee jo ganz einfach den Hard Disk an en anere Computer abaue kann. (Dovun ofgesinn ass e BIOS-Passwuert am Allgemengen zimlech onsécher.)

Säit e pur Joer kann een awer och en Hard Disk Passwuert festleeën wat am Hard Disk ofgespäichert gëtt (op de Magnéitplacken) an et vill méi schwéier mécht dëse Schutz ze ëmgoen — mee net onméiglech. Fir e wirklech séchere Schutz féiert nach ëmmer kee Wee laanscht eng komplett Verschlësslung vum ganzen Hard Disk (inklusiv Swap-Partitiounen).

De Clou um ThinkPad ass dass een och Fangerofdréck registréire kann déi dat Passwuert dann ersetzen. An der Praxis gesäit dat dann sou aus dass een direkt nom BIOS-Logo opgefuerdert gëtt de Fanger ze scannen. Soubal dat gemaach ass gëtt normal gestart. Falls de Fanger eng Kéier net sollt erkannt ginn (Verletzung, Sensor beschiedegt, etc.) kann een nach ëmmer mat Escape en normale Passwuert-Prompt kréien. Dat hëlleft awer nëmme wann een an der Tëschenzäit säi Passwuert net vergiess huet …

Den HDD-Schutz ass iwwregens nach laang net déi eenzeg Funktioun vum Fingerprintreader. E grousse Respekt geet un IBM/Lenovo fir déi exzellent Soft- an Hardware-Integratioun! (En informativen Artikel fënnt een op theregister.co.uk.)

Labels:

9.9.06

I ♡ trackpoints

Ech hätt zwar ni geduecht dass ech dat je eng Kéier géif behaapten, mee lo wou ech e ThinkPad hunn, huet et mech schonn intrigéiert firwat souvill Leit op hiren Trackpoint schwiren. Dofir hunn ech mol e bësse méi domat rondrem gespillt. A wat ech e méi benotze wat et mer ëmmer méi kloer gëtt datt et e Feeler woar eng Mini-Laptop-Maus ze kafen. (Gutt dass se nëmmen 9,99€ kascht huet.)

Ee vun de gréisste Virdeeler vum „Nippel“ ass ouni Zweifel dass een d’Hänn ni vum Clavier hiewe muss. Alleng schon den Zäitgewënn well een ni muss bis eriwwer op den Touchpad oder sougur bis op d’Maus ass enorm.

Dobäi kënnt dann nach dass een ni nogräife muss wéi et mat dem Touchpad de Fall ass. An zu gudder Lescht ass den Trackpoint vill méi präzis wéi een et am Ufank menge kéint. Mat e bëssen Übung klappt et da sougur sou gutt dass ee sech wonnert firwat net all Tastatur en integréierten Trackpoint huet. Leider ass de Contraire de Fall: Trackpoints sinn um ausstiewen an d’Auswiel un Notebooks mat Trackpoint gëtt ëmmer méi kleng. Et bleift just ze hoffen dass Lenovo nach laang um Trackoint festhält, zumindest an der ThinkPad-Gamme.

(Photo by shrkflickr.)

Labels: