15.9.07

Eye Tattooing

Jo, genee dat. Autsch.

Update: Ech hu jo scho vill Sch*** um Internet gesinn, mee d’Modblog topt villes. Wow. An och nach 16 Säiten därs.

DAT MUSS VERBUEDE GINN!!!!! ;-)

E Luefgesang op Standarden

Bei dëser Meldung kann ech mer et net verknäife mäi Samsung YP-U2R¹ Muséksplayer ze luewen: et ass am Fong geholl en normalen USB-Stick deen och Musék ofspille kann, sougur där am — tada — Ogg Vorbis Format.

Mee et gi wuel nach ëmmer Leit déi net bekäppen dass Apple a puncto Lock-In opmannst grad sou schlëmm ass wéi Microsoft.

An dobäi wier et dach sou einfach: USB Mass Storage ass an sou zimlech all Betriebssystem integréiert an ass schonn dausendfach an aneren USB-Geräter implementéiert.

¹En huet allerdings keng 79€ méi kascht, mee just nach ~25€.

13.9.07

Franséisch schreiwen

… geet dach direkt vill besser vun Hand wann een deen een oder aner gudden Dictionnaire bei Hand huet. Nieft de Klassiker op Pabeier (oder CD) ginn et haut awer och eng Rei interessant Wierker um WWW. Ech hu mol déi pur (a méngen Aan) interessantst erausgepléckt:

Fir unzefänken fënnt een um Site vum CNRTL ganz praktesch Synonyms- an Antonymsdictionnairen. Manner praktesch, mee dofir ëm sou méi amüsant ass d’3d-Visualisatioun vu Proximitéitsgraphen:


Op der selweschter Plaz fënnt een och d’online-Versioun vun engem Dictionnaire dee séngem Numm all Éier mécht: den Trésor de la Langue Française. Weem dat alles ze neimoudesch ass, fënnt am Littré säi Gléck. Do kritt een dann och e pur Kuriositéiten vun deemols präsentéiert.

Wee sech a sénger Alldagskorrespondenz net ëmmer sëcher fillt deem hëlleft de Guide de rédaction, deen eis Regierung sou fein woar an Opdrag ze ginn, bestëmmt weider. Do fënnt een nieft Orthographe, Grammaire an Typographie och vill Ausdréck a Rotschléi fir (administrativ) Bréiwer an aner Schrëftstécker proper op d’Blat ze bréngen.

An zum Schluss nach e klenge Fernsehtipp: Merci, Professeur !
(Merci un d’bà2b™ fir den Tip.)

(Sou, déi Bookmarks gi mer dann och net méi verluer! =))

Labels: ,

12.9.07

Pechert 2.0

Lo wësse mer endlech firwat an all gréissere Stied Wifi-Netzer ageriicht ginn:
Westminster City Council is busy installing networked security cameras that can recognize parking permits and the plates of offending vehicles.
“Parking enforcement is the killer application that everyone is looking for”
(Quell, via engadget)

Dat do halen ech allerdings mol eng Kéier fir eng gutt Iddi. Méi kloer kann een de Leit jo kaum weise wou den Iwwerwaachungswahnsinn hiféiert.

Et sprengt mer allerdéngs de Verstand dass scheinbar dat eenzegt wat d’Englänner op d’Barrikade klamme léist d’Iddi vun enger obligatorescher carte d’identité ass.
Dobäi mangelt et dach net un Alternativen.

Eng grandios Iddi...

[…] use technology to prevent people from using or searching dangerous words like bomb, kill, genocide or terrorism (Quell)

Ok, ech hunn en (hoffentlech) vereinfacht oder aus dem Kontext gerapptent Zitat nach e bësse méi aus dem Kontext gerappt, mee verschiddene Politiker hir Iddien halen ni op mech, je no Laun, ze amüséiren oder ze schockéiren.

Ech froe mech wéivill Génociden sou ugefaangen hunn? Opmannst d’Türkei dierft et freeë wann dat Wiertche keng Sichresultater méi bréngt &hellip

faule Marketing

[Jo, ech weess, a leschter Zäit woar et zimlech roueg hei, an ech kann och net verspriechen dass dat sech an nächster Zäit ännere wäert.]

Passend zum Start vu CableTV fir Diddeleng, hat ech haut e Flyer an der Boîte. Sou ganz duerchsichteg woar déi Offer allerdings net:
20€ de Mount (resp. 60€ fir en 16Mbit/s) fir onlimitéierten Internet? Kléngt gutt, a genee dee Präis gëtt och am Wort vun haut zitéiert. E pur Zeilen driwwer stinn allerdings d’Détailer zu der Remarque « avec Contrat de Téléphonie »:
An anere Wierder: si hu guer keng Offer fir 20€. Entweder ass et ouni Telefon an et kascht 22€ oder et ass mat Telefon an et kascht 24€. Beim Top ass et nach méi lëschteg. Ouni Telefon 70€, mat Telefon 64€. Wann ech mat méngen aktuellen Aboe vergläichen ass hire Service finanziell zimlech interessant, mee op déi do Zort Marketing sinn ech leider allergesch. An et geet an deemselweschte Stil weider: si bidden engem de „Choix“ tëscht zwou Méiglechkeeten ze bezuelen. Dass per Rechnung bezuelen mat enger Taxe vun 1,25€ verbonnen ass stéiert mech schonn e bëssen, nach méi awer dass och d’Réductioun vun ~80€ (12 Méint) oder ~130€ (24 Méint) bei der Installatioun un d’Awëllegung zu enger Domiciliatioun gekoppelt ass. Et gëtt also rem eng Optioun suggéréiert déi et awer de facto net gëtt.
D’Fro déi de Flyer dann definitiv net beäntwert ass firwat ech Geschäfter mat enger Firma maache soll déi mech offensichtlech fir domm verkafe wëll.