28.4.06

Lëtzebuerger Geschäftswelt

Soulues verstinn ech firwat d’Lëtzebuerger Geschäftswelt sou eng grouss Angscht virum noen Ausland huet. Am September 2005 hunn ech mer am Geschäft X an der Stad eng automatesch Swatch kaf. Si hat allerdings de Problem dass se 31 Sekonnen pro Dag vir gaangen ass, wat dann awer e bësse vill ass. An der Garantie steet och dass een se kéint areechen a regléire loossen. Enn Februar hunn ech se also zeréck gedroen. Mee well d’Auren just de 15. rausginn huet et schliesslech e Mount gedauert bis ech ugeruff krut meng Auer wir rem do.

„Meng“ Auer? Nee, e méi neie, mee doudellene Modell. Ech hunn dat natirlech refuséiert. Si hu mer ugebueden eng aner Auer aus hirer Vitrine ze huelen, mee sou eng super Auswiel haten se och net. Also wollt ech vu mengem Recht gebrauch man d’Suen remzefroen (well se jo net an der Lag woaren d’mise en conformité auszeféiren). Dat ass refuséiert ginn; ech kréich allefalls eng note de crédit. (An domat wir ech da gezwongen all Ablack mol bei hinne ranzesprangen ob se net zoufälleg e Modell hunn dee mer einegermoosse gefällt.)

De Grond aus deem d’Auer vu Swatch ersat gouf ass dass se anscheinend net méi ze kréie wir. Ausser wuel am Auchan. Oder zu Tréier. Oder ob honnert aner Plazen. Dofir wollt ech meng Sue jo och zeréck, fir mer se nei ze kafen. Zu Tréier, am Swatch-Butték, hunn ech dann einfach mol gefrot ob si näicht kéinte man. An zu méngem Erstaunen hunn ech ugebuede kritt dass si mer den Ersatz-Modell géife wiessele géint „mäin“ Modell (deen se nach 4mol haten!). Ech sinn also nach eng Kéier zeréck gefuer a si hu mer déi nei Auer zu hirem aktuelle Verkafspräis ugerechent a mer de gewënschtene Modell rausginn. Ech hunn allerdings missen 10€ Präisënnerscheed bezuelen (well déi „ellen“ bei hinnen och nach méi bëlleg woar wéi bei X). Mee dofir krut ech sougur en neie Garantie-Certificat deen rem 2 Joer gülteg ass.

Ech weess jiddefalls wéi e Butték ech wierklech recommandéire kann wann et em Swatch-Aure geet…

Blog.Worm

14.4.06

Start Me Up

Dass een ouni VNC net auskënnt ass jo mëttlererweil kloer ;-) Mee déi grouss Fro ass: Wee schalt mer mäi PC an wann ech ënnerwee sinn?

Mat Wake-On-LAN stellt déi Fro sech net. Ech schalten de PC selwer an, iwwert d’Internet wuel gemierkt. Hautdesdags schalten elektresch Geräter sech jo leider net méi vollstänneg aus wann een de Knäppchen dréckt, mee si bleiwen an engem stroumfriessenden Standby-Modus. Mee genau vun deem profitéiert de WOL: d’Netzwierkkoart (respektiv den Onboard-Chip) bleift un a lauert op e „Magic Packet™“ dat just signaliséiert dass de PC soll gestart ginn. (Natirlech gëtt ëmmer nëmmen ee PC ageschalt: deen dem seng MAC am Packet enthalen ass.) Et muss ee just kucken dass dee Magic Packet net am Router hänke bleift, mee op deen Detail ginn ech net weider an.

E klengen Hoken huet déi Saach allerdings schon: et muss een d’IP-Adress vum Computer kennen deen ee starte wëll. An e PC deen aus ass huet am Normalfall keng Internet-gülteg IP-Adress… Viraussetzung ass also en ADSL-Modem mat integréiertem Router deen dauernd online bleift och wann de PC aus ass. Dat ass hautesdags awer den Normalfall. Bleift nach ëmmer d’Fro wéi een un d’IP-Adress kënnt. Hei ginn et 2 Méiglechkeeten: déi bescht ass et keeft ee sech e modernen ADSL-Modem, deen integréierte Support fir „Dynamic DNS“-Déngschter (z.B. No-IP, DynDNS) huet. Dann huet de Router ëmmer en Internet-gültegen Hostname, wéi z.B. (fiktiv!) tuxophil.no-ip.com.

Den zweete Fall ass leider net sou elegant: wann de Router dat net ënnerstëtzt bleift näicht anescht iwwreg wéi sech d’IP-Adress vum Router op e Blat ze schreiwen. Ech si leider an deem Fall, a kucke lo mol op mäin ISP net zoufälleg all x Stonnen/Deeg d’Verbindung trennt a mer eng nei IP zouweist.

Net dass ech nach gezwonge sinn méngem ISP säi ganzen Address Space mat Magic Packets ze flooden ;-)

Update: Hmm, 3. Méiglechkeet: et kontrolléiert ee seng No-IP Konfiguratioun. Bis elo huet mäin Hostname ëmmer op 0.0.0.0 gewise wa mäi PC aus woar, mee dat läit net drun dass No-IP en Time-Out hätt, mee den Gentoo Init-Script mécht dat beim Shutdown! Ech hunn déi Zeilen emol geläscht. Elo misst mäin No-IP Hostname ëmmer op déi richteg IP weisen, äusser d’DSL-Verbindung wir getrennt ginn an de PC hätt nach keng Geleeënheet gehat, d’IP ze updaten.

11.4.06

Virtual Network Computing

VNC erméiglecht d’Iwwerdroe vum Bildschierminhalt op en anere PC. Op déi Manéier kann een op Distanz schaffen. Ech hunn et elo mol rem a Betrieb. An dat direkt duebel:
Éischtens hunn ech de KDE Desktop Sharing lafen. Deen erméiglecht et op Distanz eng lafend Session ze iwwerhuelen. Dat ass ganz praktesch fir Fernwartung oder Tech Support an der Famill. Sou kann ech awer och ganz einfach mäi PC verloossen an ageloggt bleiwen, a vun enzwousch anecht weider schaffen.
Zweetens hunn ech den TightVNC installéiert a loossen deen op enger Rei Ports lauschteren. Sou kann ech mech dann op Distanz aloggen an hunn nach d’Wiel tëscht enger Rei verschiddenen Opléisungen. (All Opléisung huet en anere Port.) Heibäi hunn ech mech gréisstendeels un den HOWTO vum Gentoo Wiki gehalen.
Wann ech d’Qualitéit op de Minimum erofsetzen léist et sech sougur einegermoossen bequem domat schaffen. Et kann allerdings och sinn dass den SSH-Tunneling dat Ganzt zimlech bremst, mee ouni SSH géif ech mech net trouen sou Saachen opzesetzen. Dofir wimmele meng Log-Dateie villzevill mat automatiséierte Viren- an Hackattacken.
Elo muss ech just nach oft genuch vergiesse „wichteg“ Saachen ze erleedegen, sou dass ech e valable Grond hunn domat ze schaffen ;-)

Elo hat ech eppes Wichteges bal vergiess: VNC ass plattformonofhängeg, et gi souwuel Serveren wéi och Clients fir all seriö Plattform.

Labels: