28.11.05

Eis Justiz

Ech wëll jo eisem Staatsapparat net ze no trieden, mee elo sinn ech dann awer och iwwerzeecht dovun dass d’Affaire Bommeleeër soll vertuscht ginn. Oder kann dat wierklech just Inkompetenz an Dommheet sinn wann ee fir sou eng bedeitend Enquête eng Hotmail (!) Adress mécht, an dann nach d’Wuert „Bommeleeër“ am Passwuert benotzt. Naja, vläicht hu se jo lo bäigeléiert. Irgendwéi fannen ech et sougur gutt dass hiren Account „gehackt“ gouf. Vläicht léiren se jo eppes draus …

Ech hoffe just dass ech ni wäert op eis Police/Justiz ugewise sinn. Traureg :-(

24.11.05

Nostalgie

Aus méngem Deuxièmes-Heft:
Déi ass och flott fir mol ze gesinn wéi schwaach CASen nach ëmmer am Équatioune léise sinn. Déi fannen nëmmen 2 oder 3 vun de Léisungen. Ausprobéire kann een dat zum Beispill am WebMathematics Interactive. Oder et lued ee sech déi exzellent Kombinatioun Maxima & TeXmacs erof.

Huet net zoufälleg een de Mathematica? Wat kritt deen eraus?

Labels:

17.11.05

Exorzismus

Exorzismus a Meta-Exorzismus (.doc).

P.S. Net ze eescht huelen. Jidderee soll denken a gleewe wat e wëll.

13.11.05

Sex Offenders

Vu Lëschte vun amerikanesche Sex Offenders hunn ech jo schonn héiren. Mee wéi wäit dat wierklech geet weist www.mapsexoffenders.com. Wat ee mat Google Maps dach net alles maache kann…

Woar de Prinzip net mol sou dass ee seng Strof ofsëtzt an dono einegermoossen onbehellegt rem an d’Gesellschaft integréiert gëtt?

(Quell: digg)

10.11.05

How it happened

Exzellent.

8.11.05

Noriichte vu leschter Woch

Schocker. Ech si mol amgaangen d’News vu leschter Woch opzeschaffen. Déi hei di wéi:
Patenter op Storys vu Bicher/Filmer
Novell to Standardize on GNOME

¡Estoy de vuelta!

Pasaba mis vacaciones a Lanzarote. He subido las fotos a Flickr.

Mäi Spuenesch ass grausam =) Ouni Dictionnaire sinn ech erschoss.

Wann ech d’Fotoen vum Parque Nacional Timanfaya nach opgebessert kréien lueden ech se och nach op de Flickr.

Labels: