29.1.05

E pur Wuert iwwer SuSE 9.2 (Updated)

Ech hat kierzlech Geleeënheet e Bléck op SuSE 9.2 ze geheien, oder besser gesot en ze installéiren. Um Computer woar eng Standard-Installatioun Windows XP drop: 1 Partitioun, NTFS.

Als éischt eppes net onwichteges: Säit Novell SuSE iwwerholl kritt ee SuSE komplett als DVD-Image erofzelueden. Den Download ass gutt 3GiB mee mat ADSL ass dat kee Problem. Bräicht ee just nach en DVD-Brenner...
(Et kann een awer och eng Netzwierk-Installatioun man, wou dann alles direkt per FTP erofgeluede gëtt.)

Et boot een iwwer d’DVD fir e schicken iwwersichtleche Bootmenu ugewisen ze kréien, wou een dann „Installation“ auswielt. (Erfreelech ass och dass e RAM-Tester och ugebuede gëtt, grad wéi Boote vum Hard Disk, respektiv eng Rescue Optioun.)
An ab elo gëtt et net méi vill ze soen, alles SuSE-typesch schéi präsentéiert, iwwersichtlech, gutt erklärt. Et gëtt alles automatesch erkannt, da kritt een eng Iwwersiicht iwwert alles ugewise wou een dann nach Saache korrigéire kann (z.B. den Tastaturlayout) an da kann een déi eigentlech Installatioun starten.

Wat mech besonnesch un der ganzer Installatioun interesséiert huet, woar den Ëmgang mam NTFS verklengeren. Dat huet nämlech an der Vergaangenheet fir sou munch ee Problem gesuergt, mee dat ass keen Thema méi: SuSE huet automatesch d’Windows Partitioun erkannt, virgeschloen se op 40GiB ze verklengeren, eng 1GiB Swap-Partitioun unzeleeën an dann eng 60GiB Linux Root-Partitioun (Reiserfs) ze erstellen. Ech hunn näicht un deem Virschlag geännert a mäin OK ginn. Et woar absolut kee Problem, och wann de Windows et awer matkritt huet, well zumindest huet dee beim nächste Start seng Partitioun iwwerpréift.

Wat ech mech awer net getraut hunn (net mäi Computer) woar ze kucke wéi déi aktuell Situatioun mam Boote vu Windows ass. Aus Sécherheetsgrënn hunn ech et virgezunn de Linux Bootloader (Grub an deem Fall) op Diskett installéiren ze loossen. Well Windows XP (grad wéi den 2000) zimlech eegewëlleg ass wat d’Booten ubelangt, woar et nach ëmmer virzezéien de Bootloader net an den MBR schreiwen ze loosse, well anescht de Windows net méi ka gestart ginn. Ech wir ganz frou wann ee mech do op den neiste Stand brénge kéint. (Ka Grub ewell Windows XP booten? Lilo? Ëmmerhinn wëll SuSE de GRUB an den MBR schreiwen...)

Den eenzege Problem woar mam Printer, mee dat kann eventuell duerch eng Rei Updates geschitt sinn déi direkt duerchgefouert gi sinn. Nodeems de Printer am YaST (dem SuSE säi Konfiguratiounsprogramm) eng Kéier geläscht ginn ass, an neess dobäi gemaach ginn ass woar awer alles an der Rei.

Fazit: A manner wéi enger Stonn, an no enger kannerliichter Installatioun (am Verglach zu Windows XP + eng Office Suite + Acrobat Reader + Driver fir Grafikkoart, Printer, Sound, Mainboard, etc. + Grafiksoftware + Photoprogramm + ech mengen déi aner 100 Saache spueren ech mer), huet een e sécheren, kompletten a komfortable System installéiert deen näicht ze wënschen iwwregléisst. Ausser (aus rechtleche Grënn) Ofspille vu CSS-verschlësselten DVDs (wat awer déi meescht sinn).

Update (02.02.2005@16:59)
De Problem mam Printer woar dann awer e bësse méi hartnäckeg... No all Reboot ass de Problem rem de selweschten, de SuSE verhält d’Printer-Konfiguratioun einfach net. Ech hunn awer keng Méiglechkeet elo dono ze kucken. Wierklech schued dat do.

Update (09.02.2005@15:14)
Wollt just nach soen dass de Problem sech mëttlererweil vum selwen geléist huet. Wahrscheinlech duerch ee vun den automateschen Updates.

Labels:

28.1.05

Bookzilla gëtt et nach ëmmer ;-)

Och wann ech déi meescht vu ménge Kollege scho mol drop higewisen hunn, fannen ech et awer sënnvoll hei nach eng Kéier kuerz drop anzegoen: Et gëtt en Online-Bicher-Shop deen aktiv Fräi Software, méi präzis d’FSF Europe ënnerstëtzt: Bookzilla.
De Prinzip ass ganz einfach, am Beschten ech zitéire kuerz:
Für jedes verkaufte Buch erhalten wir eine Provision von 5%. Alle Provisionen gehen zu 100% als Spende an die renommierte Free Software Foundation Europe (FSF Europe).

D’Saach huet och wierklech keen Hoken, ech hu schon oft do bestallt. De Versand op Lëtzebuerg ass, grad wéi bei Amazon.de, gratis wann de Bestellwert iwwer 20€ ass. D’Auswiel ass net sou riseg wéi bei Amazon, d’Präsentatioun ass och net sou super, mee et hält keen een dovun of bei der Konkurrenz ze stöberen fir dann awer bei Bookzilla ze bestellen. ;-)

Nach e klengen Hinweis: Well et just en alternative Frontend fir Libri.de ass, kënnt eng Warnmeldung vum Browser dass den SSL-Zertifikat net an der Rei ass. Dat ass well dee fir libri.de ausgestallt ginn ass, mee dat kënnt der dann ignoréiren.

Vill Spaass beim Shoppen!

27.1.05

Blogger & Web Standarden

Sou, dat woar et! Ech man de Butték dicht!

Ok, net grad ;-) Mee et ass schued dass Web Standarden (wéi XHTML a CSS) nach ëmmer net korrekt ëmgesat ginn. E schéint Beispill ass dann rem meng Blog. Zwar soll d’Säit „XHTML Strict“ sinn (wéi jidderee liicht gesäit wann een se an engem Text-Editor opmécht), mee leider ass et domat net wäit hir, wéi dem W3C säi Validator engem dat weist.

Am World Wide Web ginn et jo scho genuch Kompatibilitéitsproblemer well d’Browseren hir eege Macken hunn (zum Beispill den IE), mee dat gëtt dann nach doduerch verschlëmmert dass d’Säite selwer sech net un d’Standarden halen. An dobäi sinn déi ganz kloer formuléiert an et ass wierklech net schwéier eng Säit konform ze man.

Mee wat erwoarden ech mer, zu Zäite wou et nach ëmmer Säite ginn déi „optiméiert“ si fir e bestëmmtene Browser. An, jo, dat ass grad sou verwerflech wann et optiméiert fir Konqueror oder Firefox ass.

Wow, ech hunn eng Blog.

Salut, Alleguer!

Meng Iddi mer fir e pur € e bësse Webspace matt PHP an Mysql ze leeschten hunn ech dann awer mol si gelooss. Ech hu mer geduecht, wann ech meng E-Maile jo och net um eegene Server hunn, mee engem Gratis-Déngscht uvertrauen, géif ech och net stiewen et d’selwescht ze man wat meng Blog ugeet. Mol kucken ob dës Kéier d’Euphorie e bësse méi laang unhält wéi matt der éischter Websäit.
Bis elo gesinn ech déi Saach och esou dass meng Blog wuel kaum wäert interessant ginn, a scho gur net fir Leit déi mech net kenne, wat mech awer wuel net wäert dovun ofbréngen e bëssen iwwert all Méigleches ze lästeren; sou wéi der mech also wuel kennt.
Eng Saach wéilt ech awer nach präziséiren: et soll einegermoossen anonym bleiwen. Also wa méiglech net mäin Numm, meng E-Mail, GSM-Nummer, oder wat och ëmmer posten. Hmm, ech mengen ech sinn e bëssen ze paranoid. :-)

Elo wurschtelen ech awer mol nach e bëssen a kucke wat Blogger sou ze bidden huet. En éischten Test wäert mol sinn op d’Apostrophe richteg durgestallt ginn (well ech tippe jo u sech mol UTF-8 an d’Textbox).

Schreift mer och roueg genuch Comments, da sinn ech happy. Lol.