30.5.07

Typographie

Ënnert Typographie versteet een d’Konscht en Text interessant, elegant a virun allem lieserlech ze gestalten andeems een engersäits fir e gudde Layout suergt (Makrotypographie) an anerersäits eng Rei Feinheeten am Text selwer bëuecht (Mikrotypographie). Als Hobby ass et net ongeféierlech: et entsteet ganz séier e gestéiert Verhältnis zu Dageszeitungen (well de redaktionelle Stress et scheinbar net erlaabt d’Texter nach eng Kéier ze iwwerliesen.)

Oft gesäit ee Feeler bei den Anführungszeechen, „rit“ Apostrophen, keen Espace virun den Doppelpunkten (am Franséischen), feelend Accenten op de Groussbustawen, falsch Ofkierzungen an nach vill aner Saachen.

Ween den Éiergäiz huet e méiglechst korrekten Text ze produzéiren, fënnt am Internet méi wéi genuch Siten an Dokumenter déi deem Thema gewidmet sinn. Ech hu mol déi a méngen Aan interessantst Aféirungstexter erausgesicht:

Däitsch
typokurz ass eng Iwwersiicht vun de wichtegste Begrëffer a Regelen déi am Däitschen üblech sinn. Ergänzend kann een am relativ kompletten Typolexikon Begrëffer noschloen. Wat Webdesign ugeet, sou schéngt mer dëse Site e gudden Iwwerbléck ze ginn iwwert alles Wëssenswertes.

Franséisch
Am Franséische gëtt et virun allem déi ganz flott petites leçons de typographie vum Jacques André. Ween et léiwer méi kuerz huet, fënnt e Résumé vun deene wichtegste Regelen op dësem Site. (D’Buch aus deem déi Regelen zitéiert sinn kann ech iwwregens nëmme recommandéiren!)

Englesch
E ganz schéi präsentéierten engleschen Text ass den Typography Primer vun Adobe, mee leider geet deen net souvill op déi praktesch Detailer an wéi den typokurz oder d’Leçons.

An no der Lecture kann een direkt ufänken mat trainéiren ;-)

Ee vun de wichtegsten Tipps iwwerhaapt ass awer ganz kloer d’Textveraarbechtung op déi richteg Sprooch anzestellen ir een ufänkt mat schreiwen. Da profitéiert een net nëmme vun enger (oberflächlecher) Rechtschreibkorrektur, mee eng Rei typographesch Regelen ginn automatesch applizéiert!

Labels:

E klengen Tableur-Tipp

Dëslescht hat ech mol rem eng Kéier mam OpenOffice Calc ze dinn (en Excel-Klon). Ech hunn eppes missen nosichen a sinn dobäi op en interessanten Tipp fir horizontal Balkendiagrammer gestouss. Dat speziellt drun ass dass se an den Zellen integréiert sinn. Beispill:

Labels: ,

23.5.07

Den Andy hat et net néideg sech unzeschnallen

… mee et woar jidderengem sch***egal well de Radiospot doudlangweileg woar.

Et solle jo nach ëmmer Toperte ginn déi sech oder hir Kanner net uschnallen. Wann eng Campagne do hëllefe soll muss se awer wuel e bësse méi drastesch ausfalen wéi dee rofgeleierten Pseudozeiebericht deen ech grad um RTL héiren hunn.

Firwat net en auslännesche Fernsehspot akafen? Beispill:

22.5.07

Vrooooooooooooooooommmmm



Den Tux bei den Indy 500!

Dat däerf op dëser Plaz wuel net onerwähnt bleiwen...

Labels:

21.5.07

Kino mol anescht

Eigentlech stinn ech jo éischter op seriö Filmer an engem seriöse Kino (a sinn dann och iwwerzeegtenen Utopolis-Verweigerer). Mee bei aller Spiessegkeet, den neien amerikanesche Virprogramm huet eppes.

3.5.07

Tafelrechnung mol anescht

Elegant:


Mee ech bezweifelen dass et hinnen hei gehollef hätt ;-)



(Merci, Mrs B. Hairpin, fir den 2. Video)

Sou, lo geet’s awer mol virleefeg dur mat der Mathé.

Labels:

Mathé mécht glécklech

... oder sou.

De Spiegel huet eng scheinbar grouss ugeluechten Enquête ënnert jonken Akademiker duerchgefouert. E pur Fakten aus dem Studentenspiegel si bemierkenswert. Sou stinn d’Mathematiker zum Beispill un zweeter Plaz wat d’Zefriddenheet mat hirem ofgeschlossene Studium ugeet.

Wann een dann nach d’Top Ten vun de beschtbezuelte Beruffer kuckt, stellt ee fest dass de Studium all kéiers mat Mathé op anstännegen Niveau verbonnen ass.

Do froen ech mech firwat d’Mathé an der Gesellschaft sou verpönt¹ ass. Net liese kënnen? Dramatesch! Mee schlecht an der Mathé? Do kann een driwwer laachen!

Wee weess, vläicht gëtt ee jo geschwënn wierklech bezuelt fir Wëssenschaften zu studéiren?

<rant>Wann ech nach wéist firwat dee blöde Blogger.com d’Alpha-Transparenz net ëmmer respektéiert! Et schéngt drun ze leien dass déi zweet Grafik eng vu Blogger verklengert Versioun ass, während déi éischt 1:1 méngem Upload entsprécht. Dee Bug nervt! Do muss ech wuel eng Kéier maulen.</rant>

¹Update (14.6.07): What Is the Value of Algebra?

Labels: