9.5.06

ISO/IEC DIS 26300

Kierzlech sinn d’OpenDocument Dateiformater¹ vun der ISO offiziell unerkannt ginn. Och wann et op iso.org heescht si wiren nach “under development”, sou ass dat awer e grousse Fortschrëtt. Elo muss just nach d’EU diktéiren dass dat EU-internt Standard-Format an Zukunft OpenDocument heescht, da wire mer e grousse Schrëtt weider an der Eliminatioun vun ondokumentéierten an onbrauchbare Formater wéi dem Word säi .doc. E bëssen Hoffnung hunn ech sougur, d’EU hält di Saach nämlech genee am Aa.

¹Fir et kuerz ze man: dat ass d’Standarddateiformat vum OpenOffice a vum KOffice.

Labels: