16.10.07

Xenophobie an der Schwäiz

Wéi wann hir Plakatcampagne net schonn bedenklech genuch wir, huet d’SVP deem ganzen nach een drop gesat: Zottel rettet die Schweiz.

D’SVP ass iwwregens déi aktuell stärkste Partei an der Schwäiz. Majo dann.

1.10.07

brave new police state

Eng gewëss Portioun Online-Iwwerwaachung ass jo — mat e bësse Gegrommels — ze akzeptéiren. (Soulaang et net a Richtung vum Schäuble senge Wahnvirstellunge geet.) E gutt Beispill fir d’Geforen déi och lo scho vun eiser aktueller Iwwerwaachungsgesellschaft ausginn liwwert ausgerechent dat däitscht BKA:
Ein Jahr nach dem Anschlag bekam Grewe [deen näicht domat ze dinn hat, ganz am Géigendeel] Besuch von zwei Polizeibeamten, die ihn zwei Stunden lang befragten. Erst im Verlauf des Gesprächs erfuhr Grewe, wie die Polizisten auf ihn gestoßen waren. „Sie erklärten mir, ich sei auffällig oft auf den Seiten der Polizei gesurft“, erklärt Grewe. (Quell)
Wann elo schonn d’Policesäiten als verdächteg gëllen, da soll mol ee mer eng Säit nennen déi een nach besichen däerf ouni dass ee sech automatesch verdächteg mécht.

Wann ech drun denke wéi onbekëmmert ech nach viru Joren alles am WWW nogesicht hu wat mer grad duerch de Kapp gaangen ass schudderen ech mech haut.

Update: D’Späichere vun Date vun de Surfer ass an Däitschland iwregens illegal, mee därs woar sech de BKA, wéi et schéngt, net bewosst. =)