29.6.05

Blëtzer fotograféiren

Eng Digitalkamera ass schonn eppes Flottes: et kann ee Biller läschen an dat kascht och näicht. Ech hat grad näicht Besseres ze dinn, dofir hunn ech hënt mol versicht e pur Blëtzer ze fotograféiren. D’Resultat ass net berauschend, mee ech si scho ganz zefridden dass ech der e pur erwëscht hunn.

Donnerwieder

Labels:

« Self Caisse » am GB

Et gëtt jo ëmmer besser am GB zu Louvain-la-Neuve. Elo ginn d’Caissièren ofgeschaaft. Et gëtt just nach eng „richteg“ Keess, an déi aner Caissièren sinn domat beschäftegt de Leit bäizebréngen hir Artikele selwer ze scannen. Si hunn dofir well Keessenautomaten déi engem erklären (per Sproochausgab) wat ee maache soll. Et ass awer net grad sou einfach wéi ee menge kéint: d’Flieessband schéngt d’Artikelen ze weien (net dass ee just mécht wéi wann een den Artikel gescannt hätt …). An dat ass dann och prompt schief gaangen well ech meng Vittelsfläsch gestallt hunn an net geluecht. D’Band ass viru gelaf, dobäi huet d’Fläsch gewackelt an ass falsch gewie ginn.

Wann awer alles bis gescannt ass geet et. Et muss ee just nach wiele wéi ee bezuele wëll (an dat dann och man). Mee Mënzen ageheien ass dann awer relativ lästeg. An ech sinn och direkt gewarnt ginn (vun der Caissière aus Fleesch a Blutt) dass, wann ech eng Kéier mat Schäiner a Mënze gemëscht bezuele wéilt, als éischt misst d’Mënzen ageheien an dann réischt d’Schäiner. Et géif mech interesséiren wat dobäi rauskënnt wann een dat falsch mécht.

Et kann och gutt sinn dass et ee vun den éischte GBen ass wou dat elo getest gëtt, well ëmmerhinn hu se zu LLN jo eng immens jonk Clientèle déi wahrscheinlech relativ gutt domat eens wäert ginn.

15.6.05

E Javascript Unix

Ech — sinn — total — sprachlos. JS/UIX ass eng Unix-Implementatioun an — JavaScript! Et ass kaum ze gleewen mee et kann ee sech an engem relativ realisteschen Terminal an der Dateihierarchie rondrem bewegen, Verzeechnisser uleeën, Dateien mam vi editéiren, a lauter anere Blödsinn man. Ok, et fënnt ee relativ séier Limitatioune (wann een dono sicht), mee dat do toppt sou zimlech alles wat ech bis elo u JavaScript-Spillereie begéint hunn. Kuckeswert fir all Unix-Geek.

Update: DHTML Lemmings ass allerdings och net schlecht, mee do goufen et — wee wonnert et — juristesch Problemer …

14.6.05

Touch Typing

Mat 10 Fanger tippen ass eng ganz praktesch Saach, an ech sinn immens frou mer et virun e pur Joer bäibruet ze hunn, allerdings hunn ech an der Lescht net méi genuch geübt, sou dass et oft drop erausleeft entweder séier ze tippen oder feelerfräi. Wéi och ëmmer, op typingtest.com ka jidderee problemlos (Java virausgesat) teste wéi séier en tippe kann. Ech kommen op passabel 70 WPM netto. (Ee Gléck dass keng Zuelen a Sonderzeechen an sou weider dra virkommmen …)

7.6.05

Phishing IQ Test II

Wéi gutt ass een am Phishing-Erkennen? Mam Phishing IQ Test II léist sech dat erausfannen. Eng vun den 10 Test-Mails hat mech ausgetrickst kritt: do hat eng legitim Mail sech nawell gutt als Phishing-Versuch getarnt. Oje …

6.6.05

Doping

Den ZDF huet e ganz interessanten Interview mam Ex-Velosprofi Jesus Manzano.
ZDF: Wie wurde bei den Urinproben mit den Substanzen umgegangen?
Manzano: Es gab eine Methode mit einem Korn, das man in die Penisöffnung einführte. Diese Körnchen, die wie Reiskörner aussahen, sind in den heimlichen Labors der Sportärzte hergestellt worden. Die Partikel in den Körnchen verfälschten die Urinprobe.

3.6.05

Bohunice V1

Die Slowakei hat sich verpflichtet, den Reaktor 1 des Kernkraftwerks Bohunice V1 spätestens zum 31. Dezember 2006 und den Block 2 dieses Kernkraftwerks spätestens zum 31. Dezember 2008 abzuschalten und diese Blöcke anschließend stillzulegen.
Dat ass den Inhalt vum VERTRAG ÜBER EINE VERFASSUNG FÜR EUROPA, TEIL IV - ALLGEMEINE UND SCHLUSSBESTIMMUNGEN, 9. PROTOKOLL BETREFFEND DEN VERTRAG UND DIE AKTE ÜBER DEN BEITRITT DER TSCHECHISCHEN REPUBLIK, DER REPUBLIK ESTLAND, DER REPUBLIK ZYPERN, DER REPUBLIK LETTLAND, DER REPUBLIK LITAUEN, DER REPUBLIK UNGARN, DER REPUBLIK MALTA, DER REPUBLIK POLEN,DER REPUBLIK SLOWENIEN UND DER SLOWAKISCHEN REPUBLIK, TITEL IX BESTIMMUNGEN ÜBER DIE REAKTOREN 1 UND 2 DES KERNKRAFTWERKS BOHUNICE V1 IN DER SLOWAKEI, Artikel 64, iwwert dee mer, ënnert anerem, den 10. Juli däerfen mussen ofstëmmen.
Wann ech allerdings un eng „Verfassung“ denken, stellen ech mer dat e bëssen anescht vir. Dass eise Premier eis elo och nach erpresst iwwerzeegt mech net onbedingt „Jo“ ze stëmmen. Et ass sécherlech net alles schlecht — ganz am Géigendeel — mee als Zielsetzung vun der Unioun eng gutt Wirtschaft an d’Wettbewerbsfähegkeet ze hunn, an dat ganz offensichtlech als méi wichteg anzestufe wéi dat Sozialt, halen ech dann awer fir verfeelt.
Artikel I-3 Die Ziele der Union
(1) Ziel der Union ist es, den Frieden, ihre Werte und das Wohlergehen ihrer Völker zu fördern.
(2) Die Union bietet ihren Bürgerinnen und Bürgern einen Raum der Freiheit, der Sicherheit und des Rechts ohne Binnengrenzen und einen Binnenmarkt mit freiem und unverfälschtem Wettbewerb.
(3) Die Union wirkt auf die nachhaltige Entwicklung Europas auf der Grundlage eines ausgewogenen Wirtschaftswachstums und von Preisstabilität, eine in hohem Maße wettbewerbsfähige soziale Marktwirtschaft, die auf Vollbeschäftigung und sozialen Fortschritt abzielt, sowie ein hohes Maß an Umweltschutz und Verbesserung der Umweltqualität hin. Sie fördert den wissenschaftlichen und technischen Fortschritt. […]
(TEIL I, TITEL I, Artikel I-3 Die Ziele der Union)
Dovu kann da jiddereen hale wat e wëll, mee ech sinn net wierklech iwwerzeegt.