29.5.05

DVD-Boykott

Ech hu mer viru kuerzem The Others op DVD kaf, an zwar exakt déi hei Ausgab. Mat Schrecken hunn ech misse feststellen dass een d’Original-Versioun nëmme mat forcéierte franséischen Ënnertitele kucke kann. An dat och réischt nodeem ech e pur Minutte laang Reklamen hu misse(!) kucken. Vun all deem steet natirlech näicht op der Verpackung. (Den däitsche Pulp Fiction weist op der Verpackung drop hinn dass een d’Ënnertitel net ofschalte kann.)

Fir et kuerz ze man: jo, ech kucke meng DVDen ënner Linux an do sch*** d’Playeren op déi Virschrëften. Ech kann also problemlos d’Reklamen iwwersprangen, an op Ënnertitel verzichten. Allerdings ëmginn déi Playeren och de CSS-„Kopéierschutz“ an dat ass, souwäit ech weess, illegal.

Et ass also „normal“ als Client déi hei Saache mussen z’akzeptéiren:
  • CSS-Kopéierschutz: Ech ka mer (theoretesch) keng Sécherungskopie man, oder eng fir ënnerwee am Zuch ze kucken, oder fir mat op d’Uni.
  • Region Codes: Ech ka mer net einfach eng DVD an der Vakanz kafen. Oder e Film deen hei nach net eraus ass, oder nie erauskomme wäert.
  • Forcéiert Reklamen: muss ech dozou iwwerhaapt eppes soen?
  • Forcéiert Ënnertitel: idiotesch. A virun allem Uschass falls et net op der Packung steet.
Nach kafen ech DVDen. An dat obschons ech se nach net mol legal kucke kann. Mee mat deene 4 Punkten déi ech grad opgelëscht hunn froen ech mech wéi laang ech der nach kafen wäert. Soubal d’illegal Kopien aus dem Internet qualitativ u gepressten DVDen erukommen gëtt et definitiv kee Grond méi se ze kafen. Oder gesinn ech dat falsch?

26.5.05

E brauchbare Unicode Font

Heiansdo wir et jo net schlecht eng Schrëft ze hunn déi relativ komplett ass, dat heescht net nëmmen e winzegen Deel vum Unicode enthält. E Set vun 3 Schrëften dee fir vill Zwecker — wann net sougur déi meescht — durgeet sinn d’Free UCS Outline Fonts. Dee Set besteet aus FreeSans, FreeSerif a FreeMono. Déi enthalen all Kéiers alles(?) fir europäesch Sprooche korrekt kënnen durzestellen, den International Phonetic Alphabet, mee och Arabesch, Hebräesch an nach vill anerer. Wat ech perséinlech besonnesch wichteg fannen ass dass immens vill mathematesch Symboler dran enthale sinn, insbesondere de ganze (La)TeX-Répertoire.
Hei e klenge Beispillscreenshot.

D’Fonts ginn et als TrueType an als OpenType. D’Lizenz ass d’GNU GPL.

Labels:

25.5.05

D’Wayback Machine

Schonn oft dovun héiren, mee nach nie benotzt. E grousse Feeler. D’Wayback Machine ass wéi den Numm et schonn undeit en Internet-Archiv. Dat fonktionnéiert wéi Google, dat heescht d’Web gëtt automatesch duerchkämmt, an all d’Säiten déi begéint gi ginn archivéiert. D’Biller inklusiv! Et fënnt een zwar net alles, mee 40 Milliarde Websäiten ass awer schonn e gudden Ufank.

Falls also eng Kéier eppes vum Web verschwënd, an ee keng lokal Kopie huet, ass et ëmmer mol e Versuch wäert. Klengt Beispill: ech selwer hu jo bedauert dass de lustege Logo vun dëser Säit verschwonnen ass. Kee Problem fir d’Wayback Machine: hei ass d’Säit!

Et ginn awer wuel och méi seriö Uwendungen …

Update:
Nach e pur interessant Ausschnëtter aus der FAQ:
How large is the Archive?
The Internet Archive Wayback Machine contains approximately 1 petabyte of data and is currently growing at a rate of 20 terabytes per month. […]

What type of machinery is used in this Internet Archive?
Much of the Internet Archive is stored on hundreds of slightly modified x86 servers. The computers run on the Linux operating system. Each computer has 512Mb of memory and can hold just over 1 Terabyte of data on ATA disks. […]

« LE CRIMINEL SERA JUGE »

oder awer « LE CRIMINEL SERA JUGÉ » ? Ween huet net mol eng Kéier héiren — oder ass et an der Schoul geléiert ginn — dass een am Franséischen keng Accenten op Groussbustawe mécht? Dee Blödsinn geet allerdings just op d’Aféirung vun de Schreifmaschinnen oder de Beliichtungsmaschinen zeréck déi, wéinst hiren Ursprungslänner, oft keng Méiglechkeet haten Accenten op Groussbustawen ze setzen. Dat ass hautesdags awer komplett irrelevant, an deemno och falsch. Laut der franséischer Imprimerie nationale gëtt et (an där Hinsiicht) keen Ënnerscheed tëscht Kleng- a Groussbustawen. (A jo, dat heescht och dass een « À » an net « A » schreift!)

A wee wësse wëll firwat déi Accenten eigentlech gutt sinn, dee kann et op L’accent tué ou l’accent tue ! erausfannen.

Labels:

14.5.05

Doublethink

Microsoft huet sech fir hir neisten Aktioun nawell en zimlech orwellschen Titel erausgesicht: „Thought Thieves“. Jugendlecher sollen e selwer gedréintene Film areechen, deen d’Thema „intellectual property theft“ behandelt.
Zitat vun der Websäit:
Thought Thieves is about people stealing and profiting from your creation or innovation. Think about it: how would you feel if you saw your hard work being passed off as the property of someone else? What would you do?
Zitat aus dem Umeldeformular:
I will formally licence, on terms acceptable to Microsoft, all intellectual property rights in my film and agree to waive all moral rights in relation to my film if requested to do so.
Wann dat kee schéint Beispill vun Doublethink ass …

11.5.05

Interessant.

Iwwer amerikanesch Nuklearwaffen:
[…] monieren die Liberalen zudem, dass die Bundeswehr noch immer an den „Vorbereitungen zu einem Einsatz“ solcher US-Bomben beteiligt ist. Tatsächlich üben deutsche „Tornado“-Piloten im rheinland-pfälzischen Büchel weiterhin den Nuklearkrieg. Etwa 150 Atombomben lagern laut FDP-Papier in Deutschland. Sie befinden sich in Büchel und Ramstein unter amerikanischem Verschluss.

Quell: „Atomwaffen — FDP gegen Bomben“, Der Spiegel 17/2005, S. 19
Zum selweschten Thema: Warum die FDP gegen US-Atombomben kämpft

6.5.05

E schlechte Choix.

Ech hu selte méi en onpassende Logo gesinn. :-)

Update: Schued, d’ganz Säit ass geläscht ginn.

3.5.05

Haut scho gejabbert?

Haut ass e groussen Dag: ech hunn elo ganzer 3 Jabber Contacts a méngem IM Client (Kopete). Vläicht misst mol méi Reklamm fir Jabber gemaach ginn …

Jabber ass kee Programm (wéi ICQ et ass) mee just e Protokoll fir IMs ze verschécken. Et ginn eng Onmass Jabber-Clients déi engem et erméigleche komfortabel ze kommunizéiren, sou wéi een et vun ICQ & Co gewinnt ass. Allerdings ass Jabber en „offene Standard“, dat heescht de Protokoll ass am Detail dokumentéiert a gëtt ëffentlech weider entwéckelt. Et kann also jiddereen et benotzen, an zwar mat engem beliebege Client. Virun allem geet och keen hinn a verännert de Protokoll express fir „net-original“ Clients auszeschléissen (wéi Microsoft an Yahoo et jo all pur Méint versichen). Nach e pur exzellent Argumenter fënnt een am offiziellen Overview.

Wat soll ech scho groussarteg méi soen: eng flott a praktesch Alternativ, déi net versicht engem Reklammen opzezwéngen a kee „Vendor Lock-In“ Effekt huet. Vläicht nach en Tipp: déi meescht Multi-Protokoll-Clients (wéi z.B. Gaim) ënnerstëtzen Jabber och. Firwat also net MSN & Co. duerch ee Programm ersetzen dat niewebäi och Jabber kann?

Labels:

Vestiaire am Supermarché

Ongewéinlech: am GB zu Louvain-la-Neuve ginn et well Schief an deenen ee säi Schoulsak aspäre kann (1€ Kautioun). Genau wéi een et vläicht aus enger Schwämm (oder enger vun eise Bibliothéike) kennt. Ob dat allerdings gutt ukënnt bezweiflen ech mol. An zu LLN gëtt et och en Delhaize …

1.5.05

Naturspektakel

Grad dann huet een de Fotoapparat natierlech verléint! Grommel. Ech konnt grad fënnef Minutte laang enger Spann nokucken, déi versicht huet eng Bei anzewécklen déi sech am Netz verfaangen hat. D’Bei huet sech dat awer net gefalle gelooss an huet kräfteg gezappelt a gestruewelt. Ech konnt sougur schéi gesinn wéi se de Stachel all Kéiers erausgemaach huet wann se sech zesumme gekrëmmt huet fir mat engem Stouss d’Spann ze picken. Dat konnt allerdings net vill ginn, well et woar där mat laange Been eng, an e Been ze treffe wäert wuel liicht onméiglech sinn …

D’Spann huet sech och ab und zu mol fir 5 Sekonnen zeréck gezunn, ir se dann rëm ugerannt komm ass. Et huet awer alles näicht genotzt: d’Bei konnt sech mat hirem Zappelen schlussendlech awer nach befreien.