28.4.05

D’Computer Modern Schrëften ausserhalb vum (La)TeX benotzen

… ass gur net sou evident, hunn ech mol festgestallt. An dat alles wéinst engem blöden „Travail“ an der Philo (wat een dach net alles un iwwerflëssege Pflichtfächer huet …). Et ass mer drëm gaangen déi ganz Famill (souwäit méiglech) vunn den CM-Schrëften am Inkscape, Scribus an OpenOffice.org (Writer, Draw) kënnen ze benotzen, mee dann huet een et souwisou systemwäit um Lafen. (Ech misst vläicht präziséiren, dass dat hei wuel zum Deel GNU/Linux-spezifesch ass.) Well ech déi hei Saache wuel dach net laang géif verhalen, schreiwen ech se alt op meng Blog ;-)

Ganz séier hunn ech mol Applied Symbols fonnt, wou d’CM-Schrëften, mee och eng Mathésschrëft, d’UniMath ugebuede ginn. Et si jeweils Type 1-Schrëften déi Unicode-codéiert sinn. Mee well hei Suë fir eppes gefrot gi wat zum gréissten Deel vu Fräiwëllegen geschafe ginn ass, schéngt dat mer keng optimal Léisung ze sinn. D’UniMath ass awer relativ interessant muss ech soen.

Als nächst hätt een dann d’Computer Modern Unicode Schrëfte vum Andrey V. Panov. Den éischte Problem deen ech begéint hunn: dat méi modernt OpenType-Format fonktionnéiert zwar wonnerbar am ganze KDE, an och am Scribus, mee den OpenOffice.org erkennt se net (zumindest den 1.1.4). Mat den Type 1-Variante vun de selweschte Schrëfte fonktionnéiert et awer wonnerbar. Et huet een e komfortable Subset vu Unicode fir westlech Sproochsystemer, mee leider feelen all d’mathematesch a sonsteg Symboler. Déi pur üblech CM-Ligaturen, wéi (amplaz fi), oder (amplaz ffl), sinn awer grad sou enthale wéi d’Oldstyle Numerals. Verschidden Design-Gréissten oder richteg Small Capitals ginn et awer leider keng.

Eng drëtt Méiglechkeet sinn d’Latin Modern Schrëften déi eng komplett Re-Implementatioun vum ganzen CM-Set sinn, mat der Zielsetzung, laangfristeg déi vun der AMS gesponsort (an inkomplett: keng accentuéiert Zeechen) Type  1 Schrëften ze ersetzen. Hei gëtt et och eng Type  1 an eng OpenType Variant. Verschidden Design-Gréisste sinn awer dës Kéier grad sou enthalen, wéi d’Small Capitals. Iwwerhaapt ass dee Package relativ komplett a vu (ganz) gudder Qualitéit.

Leider huet vunn deenen dräi genannte Packages just dee komerziellen d’mathematesch Symboler. Déi sinn dann awer Unicode-codéiert, sou dass d’Benotzung (fir mol Diagrammen ze beschrëften oder sou) relativ gutt misst klappen.

Eng lescht Léisung sinn d’CM-Super Schrëfte vum Vladimir Volovich. Et ass eng automatesch Ëmwandlung vun den Original-Metafont Schrëften. D’Sammlung ass extrem komplett an huet e pur honnert (!) Font-Dateien, mee de groussen Nodeel dass et sech net anstänneg an de KDE abënnt.

Conclusion: Latin Modern ass vun exzellenter Qualitéit a fir westlech Sprooche gutt gëeegent. Just leider fënnt ee keng (CM-baséiert a fräi verfügbar) Schrëft déi de ganze Unicode Mathematical Operators Beräich ofdeckt. Dat huet wuel domat ze dinn dass een déi Zeechen net direkt aus de Metafont-Originalen erzeuge kann, aus dem einfache Grond well et keng Originaler ginn: vill Zeeche gi vum TeX gebastelt, d.h. en „≠“ („net gläich“) gëtt aus engem „=“ an engem „/“ zesummegesat.

Ech hoffen alt just dass dësen Artikel och eng Kéier engem aneren nëtzlech ass.

Labels: , , ,

25.4.05

RAM-Mangel

Ech menge sou lues kann ech mech „Poweruser“ nennen. Zumindest bräuch mäi System ganz oft, wann net sougur meeschtens, 200–300 MiB Swap … An dat natierlech op engem System mat 512 MiB RAM. E pur Serveren/Daemons (apache2, pureftpd, NFS, spamassassin, etc.) an dann nach déi eng oder aner Photo (oder en High-Res Scan) verschafft, Kontact, Kopete, amaroK a KGet souwisou, a scho gëtt et knapp wann een eppes „emerget“. Mäin nächste Computer wäert jiddefalls mindestens 1 GiB hunn, dat steet fest.

Labels: ,

21.4.05

Virenalarm

Dat hunn ech dovun anere Leit meng privat E-Mail Adress ze ginn. Knapp sinn ech pur mol Empfänger vu Massemails (20–30 Adressen am To:), scho geet et rëm lass mat de Viren. Ech hun nämlech e pur Méint keng méi kritt, mee dat hei weist rem ganz schéin wéi dat fonktionnéiert: ee verseuchtene PC als Empfänger geet dur. Dee verschéckt de Virus dann un all d’Adressen déi e fënnt. An dozou gehéiert dann och meng.

Ech kéint vläicht och nach erwähnen, dass ech dat nëmmen duerch Zoufall duerch e Bléck a mäi Virus-Verzeechnis am KMail entdeckt hunn. De ClamAV identifizéiert se ganz zouverlässeg. Dat ass iwwregens e ganz interessante Projet, well e beweist dass och Virescanner kollaborativ entwéckelt kënne ginn.

A falls et een interesséiert, et ass ëmmer den „Worm.SomeFool.P“.

20.4.05

Endlech Linux-Notebooks

Exzellent! Et gesäit aus wéi wann ech mer awer irgendwann eng Kéier kéint en Notebook kafen. Laut heise.de huet HP elo ugekënnegt Ubuntu sou unzepassen dass et komplett kompatibel mat enger ganzer Rei vun HP Notebooks ass :-))

An et soll een och kee Windows méi opgezwonge kréie wann een u sou engem Notebook interesséiert ass. Déi eenzeg Fro déi sech dann nach stellt ass: kucken se d’Driveren als fräi Software ze verëffentlechen (sou wéi am Fall vun hiren exzellente Printerdriveren) oder net?

Labels: ,

14.4.05

Million Dollar Baby

Résuméen a Kritiken fënnt een am Internet jo genuch, also faassen ech mech kuerz: exzellent Schauspiller an engem grandiose Film. Gitt e kucken!

An ech hunn elo bestëmmt de Präiss fir déi onnëtzte Filmkritik verdéngt …

12.4.05

Inpainting mat GREYCstoration

Säit nach net allzelaanger Zäit interesséire sech eng ganz Rei Leit fir d’GREYCStoration-Library vum David Tschumperlé. Mee net fir näicht! Et handelt sech ëm eng héichqualitativ Programmbibliothéik déi et erméiglecht Biller ze restauréiren, ze „enhancen“, oder sougur ouni groussen Opwand Objekter aus engem Bild erauszeretouchéiren. Et ass dat leschtgenanntent, oder méi präzis de sougenanntenen „Inpainting“, dat mech besonnesch faszinéiert. Dobäi ginn Deeler vun engem Bild déi eigentlech feelen (z.B. well een e Schrëftzug, oder soss eppes, aus dem Bild geläscht huet) „beschtméiglech“ ergänzt, an zwar op Basis vun deem wat rondrem ze gesinn ass.

Et kéint ee jo mengen dass dat, well et jo theoretesch gesinn onméiglech ass, kaum zu akzeptable Resultater féire kéint, mee d’Beispiller iwwerzeegen ee vum Géigendeel. Ech erlabe mer mol ganz einfach e Beispill ze „zitéiren“:

(Falls d’Biller irgendwann feelen, informéiert mech wann ech gelifft.)


Net schlecht wat ee mat PDEs alles sou maache kann. Ech jiddefalls kann et kaum nach erwoarden déi Funktionalitéit am Gimp ze hunn. Digikam a Krita schéngen do allerdings scho méi wäit ze sinn: den nächsten Digikam (0.7.3) wäert et als Plugin matbréngen, während de Krita et am Programm selwer integréiert. Beim Gimp wäert et wuel nach e bëssen daueren bis de Plugin normale Bestanddeel vum Gimp ass.

Labels:

9.4.05

S.M.A.R.T.

Wat ass S.M.A.R.T.? Ganz einfach, et steet fir Self-Monitoring, Analysis and Reporting Technology. Nach net kloer? Et handelt sech ëm eng Technik déi a sou zimlech all modernem Hard Disk ze fannen ass, an aktiv iwwerwaacht ob en net soulues de Geescht opgëtt. Wee scho mol en HDD hat deen futti gaangen ass, weess dass et sech meeschtens, mee net ëmmer, ukënnegt. Dat kënnen z.B. aussergewéinlech Geräischer sinn, oder awer Problemer beim Uman vum Computer.

S.M.A.R.T. ass ganz interessant well et scho ganz fréi op en Defekt opmierksam maache kann, an oft Problemer opdeckt déi een net géif bemierken ir et ze spéit wir. Den eenzege grousse Problem mat S.M.A.R.T. ass dass et vum Betriebssystem muss ënnerstëtzt an ausgelies ginn, an dat mécht souwäit ech weess keen aktuellt OS!

Fir Linux (mee och fir *BSD a sougur Windows) gëtt et d’smartmontools déi déi Aufgab iwwerhuelen. De smartd Daemon leeft dobäi am Hannergrond a soubal e bemierkt dass e sougenanntent Attribut (wéi z.B. d’Zougrëffszäit oder d’Zuel vun den defekte Sektoren) Werter unhëlt déi op en Defekt hiweisen verschéckt en eng E-Mail un den Administrator.

Op d’Konfiguratioun ginn ech elo net hei an; d’Ziel vun dësem Artikel ass just e bësse Reklam ze man fir eng Technik déi leider vill ze wéineg beuecht gëtt. An et soll och kee mengen „Hmm, mäi PC ass dach ze al“, well meng 2 HDDen, allen zwee aus dem Joer 2000, hu S.M.A.R.T. Mee rausfonnt hunn ech dat och réischt viru kuerzem.

Labels:

8.4.05

Panorama-Biller

Ëmmer rëm gesäit ee schick Panorama-Biller déi aus enger ganzer Rei eenzelne Fotoen zesummegesat goufen. Well ech och eng Digitalkamera hunn, wollt ech dat och mol probéiren. Dat Ganzt ass gur net mol sou schwéier. Zutaten: autopano-sift, enblend, hugin.

Dat kléngt elo scho relativ komplizéiert, ass et awer net. Autopano-sift ass e Programm dee “Control Points” bestëmmt. Dat si markant Punkten (z.B. en Eck vun engem Gebai) déi op e pur Fotoe virkommen an déi noutwendeg si fir d’Bild richteg kënnen zesummenzesetzen. Enblend ka Biller „zesummebitzen“, mee dofir muss e genau wësse wat wouhi gehéiert. An do kënnt de wichtegste Programm an d’Spill, den Hugin. Hugin ass als alleréischt mol eng grafesch Oberfläch fir autopano-sift (oder den autopano) an enblend. Doran definéiert een d’Kontrollpunkten, respektiv et korrigéiert een, falls néideg, déi automatesch generéiert vum autopano. Da léist een dat Ganzt „optiméiren“ (Parametere gi verännert bis alles beschtméiglech iwwerteneepasst). Als leschte Schrëtt mussen d’Fotoen ëmgerechent ginn a korrekt zesummegepecht ginn. Dëse sougenanntene “Stitching” iwwerhëlt wéi gesot den enblend. Komplett Tutorials ginn et op der Hugin-Säit.

Den Hugin ass grad wéi déi aner Programmer fräi Software, an ass fir GNU/Linux (a wuel och fir *BSD), mee och fir Mac OS X a Windows verfügbar. Och wann en op den éischte Bléck liicht oniwwersiichtlech wierkt, gewinnt ee sech awer ganz séier drunn an et kann ee bequem domat schaffen. Den eenzegen Hoken ass, dass déi Versioun déi ech asetzen (Hugin 0.5beta3) extrem instabil ass an oft crasht. Oft späicheren ass also néideg :-(

Ofschléissend mäin éischte Versuch:

Ech sinn allerdings selwer erstaunt wéi gutt et ginn ass (ofgesi vun den zerschniddene Leit) obschons ech weder d’Belichtung manuell agestallt hunn (fir se konstant ze halen) nach besonnesch dono gekuckt hunn d’Kamera exakt rondrem hir Achs ze dréien. Dee Panorama ass iwwregens aus 13 eenzelne Biller zesummegesat.

Labels: ,