29.12.06

Offenblitzmethode

… heescht mat onbegrenzter Beliichtungszäit ausléisen, mat engem Blëtz rondremlafen a soulaang blëtze bis ee mengt dass den CCD (oder den Negativ) genuch beliicht ginn ass. Alternativ kann een d’Motiv och mat Täscheluuchten ausliichten. Wann ee béides kombinéiert kritt een eventuell flott Foarfeffekter wéinst den ënnerschiddleche Foarftemperaturen.

Ech hunn e pur bescheiden Experimenter op de Flickr gesat.

Labels:

22.12.06

Stroossekonscht



Beandrockend.

(via mightyillusions)

13.12.06

kleng Iddi fir Chrëschtdag


Brilliant :-)

A souguer Linux-kompatibel.

(via User Friendly Link of the Day)

Labels: ,

Portabel Programmer

Wee flucht net heiansdo iwwer Windows-PCen op deenen ee keng Administratorrechter huet?
Do ass oft den eenzege brauchbare Programm de Minesweeper…

Ech schéngen awer net alleng an där Situatioun ze sinn: et gi mëttlererweil eng Onmass u Portable Apps (nach méi Programmer) déi ee ganz einfach a bequem op säin USB-Stick setze kann. Onverzichtbar sinn do wuel Firefox a GVim déi mech säit neistem iwwerallhinn begleeden.

Wat et leider nach net am portable gëtt ass den (exzellenten) PDFCreator. Dee muss nämlech e Printerdriver am System verankeren an dat geet nuneemol nëmmen als Administrator. Fir Word-Dokumenter kann een awer op den integréierten PDF-Export vum portablen OpenOffice zeréckgräifen.

8.12.06

Neies vun OpenDocument an Office Open XML

Nodeems OpenDocument jo kierzlech endlech ganz definitiv an offiziell vun der ISO verëffentlecht ginn ass, ass dat vu Microsoft entwéckelt Konkurrenzformat Office Open XML gëscht als ECMA-Standard ugeholl ginn.

Iwwer d’Qualitéit vun deem fonkelneie „Standard“ léist sech awer wuel nach diskutéiren. Extrait:
For legacy reasons, an implementation using the 1900 date base system shall treat 1900 as though it was a leap year. [Note: That is, serial value 59 corresponds to February 28, and serial value 61 corresponds to March 1, the next day, allowing the (nonexistent) date February 29 to have the serial value 60. end note] A consequence of this is that for dates between January 1 and February 28, WEEKDAY shall return a value for the day immediately prior to the correct day, so that the (nonexistent) date February 29 has a day-of-the-week that immediately follows that of February 28, and immediately precedes that of March 1. (Quell)
Einfach schéin.

Aneren amüsanten Detail: Mac-User wäerten nach e pur Méint woarde musse bis MS hinnen d’Méiglechkeet gëtt dat neit Office-Standardformat iwwerhaapt opman ze kënnen.

Labels:

7.12.06

Bëllegen Toner


No villem Gesichs hunn ech endlech en Online-Shop fonnt dee bëlleg Original-Cartouche fir mäi Printer huet a gläichzäiteg weess wou Lëtzebuerg läit: spot4. Do kascht eng Q6000A (schwoarz fir HP2605dn) nëmmen 55,19€ + 7,95€ Versand. Zum Verglach: hei am Land hunn ech se bis elo ëmmer nëmme fir ca. 95 gesinn, wann se iwwerhaapt ze kréie woar...

Leschten Donneschden hunn ech owes eng Bestellung gemaach a per Virement bezuelt. Ech krut direkt eng „Bestelleingangsbestätigung“ an den Dag drop eng Auftragsbestätigung. Gëscht ass eng Mail komm dass s’et verschéckt hätten (mat Tracking-Nummer!) an elo hunn ech se am Grapp.

An anere Wierder: professionnel, séier a bëlleg.
Eenzegen Nodeel: Ausland nëmme per Vorkasse.

1.12.06

Brillianten 1/sqrt(x)


Fir e Vecteur ze normaliséiren, deelt een en duerch seng Norme. „Fréier“ woar dat allerdéngs relativ zäitopwenneg. Éischtens wéinst der racine carrée an zweetens wéinst der Divisioun. An 3D-Applicatioune muss dës Operatioun awer honnerten an dausende mol pro Sekonn ausgeféiert ginn. Hei kann et sech scho mol lounen ze optiméiren.

An hei ass sou eng optiméiert Method:
float InvSqrt (float x){
float xhalf = 0.5f*x;
int i = *(int*)&x;
i = 0x5f3759df - (i>>1);
x = *(float*)&i;
x = x*(1.5f - xhalf*x*x);
return x;
}

Fir et kuerz ze man, et ass Newton-Raphson mat enger eenzeger Iteratioun (Zeil 6). De groussen Trick läit an den Zeilen 3 a 4, wou e méiglechst gudde Startwert gesicht. Dobäi gëtt de float x als int interpretéiert, an dono an enger Integer-Soustractioun benotzt! De float x gëtt also net ëmgewandelt, mee säi Bitmuster gëtt einfach als Integer ëminterpretéiert! Kann sou eng Operatioun iwwerhaapt e Sënn hunn? A virun allem, wat ass d’Bedeitung vum 0x5f3759df? Dës Froen ginn an engem interessanten Artikel vum Chris Lomont behandelt. Deen Artikel ass wierklech liesenswert fir jiddfereen deen iwwert dat néidegt Grondwësse verfügt. A méngen Aan illustréiert en och flott wat den Ënnerscheed tëscht Programméiren engersäits a Computer Science anerersäits ass.

Hautdesdaags wir déi Method allerdings kontraproduktiv: modern Hardware huet spezialiséiert Circuiten fir dës an nach aner oft gebrauchten Operatiounen. An déi si méi séier wéi all Software-Implementatioun. Ech hoffen dass deen een oder aneren et trotzdem interessant fënnt.

(Fonnt via Slashdot)

Labels: