23.6.06

PDF-Dateie verschaffen

Wéi jidderee weess ass et eng Doudsënn Word-Dokumenter ze e-mailen wann dat net ausdrécklech erwënscht ass. D’Virdeeler vu PDF-Dateie sinn hoffentlech bekannt. Heiansdo stellt sech dann awer d’Fro, wéi een déi Dateie weiderverschaffe kann. Iwwer d’Joren hunn ech e pur nëtzlech Programmer kennegeléiert.
  • De PDF Toolkit (pdftk) ass de wuel wichtegste Programm: et ass eng virtuell Agrafeuse mat där ee Säiten aus PDF-Dokumenter beliebeg zu neie PDFe kombinéiren kann. Uwendungsméiglechkeeten: Annexen un e Rapport drunhänken; am OpenOffice Draw en Deckblat fir e pdflatex-Dokument man.

  • Net ze ënnerschätzen: pdfjam. Domat kann een PDFen ëm 90° dréien oder e pur Säiten op eng man (ähnlech wéi mam psnup fir Postscript-Dateien).

  • A verschiddene Grafikprogrammer kann een EPS-Dateien afügen, awer keng PDFen. Dee Problem ass awer séier geléist: mat pdftops (gehéiert zu Poppler/xpdf) oder pdf2ps a PS ëmwandelen, an duerno mam ps2epsi eng EPS-Datei erstellen.

  • Mam pstoedit kann ee PDFen deelweis editéierbar man. Zum Beispill kann een eng PDF an eng SVG-Datei ëmwandelen an dann am Inkscape eng Vektorgrafik erausplécken. Dat ass allerdings alles anescht wéi zouverlässeg.

  • Zu gudder Lescht nach e bëllegen Hack: wann een eppes op eng PDF bäimole wëll (z.B. am OOo Draw), kann ee sech hëllefen andeems een d’PDF am Gimp opmécht, 300dpi astellt, copy, an den OOo Draw pasten.

5.6.06

Erwuessenesëcherung

D’Kannersëcherung an engem Auto kënnt jo wuel jiddereen. Mee wa Kanner aus dem Auto fale kënnen, kéinten Erwuessener jo vläicht och erausfalen. Sou oder sou ähnlech schéngen d’Iwwerleeunge vu Peugeot gewiescht sinn wou se den 206 entwéckelt hunn: déi hënnescht Dire loosse sech réicht vu bannen opman wann de Chauffer oder de Bäifuerer seng Dir opgemaach huet.
An der Beschreiwung hunn ech op den éischte Bléck näicht doriwwer fonnt. Wann d’Kannersëcherung aktiv ass kritt een d’Dire gur net méi vu bannen op (sou wéi dat soll sinn). Mee dass se sougur gespoart bleiwen wann d’Kannersëcherung deaktivéiert ass, dat nervt!

Ech hoffe just dass dat e Bug ass, a kee Feature. Jiddefalls wäert ech dat beim nächste Besuch an der Garage mol uschwätzen.