25.7.07

Self-referential Aptitude Test

Vill Spaass!

20.7.07

Och Brenner hunn eng Seriennummer...

Dass Foarflaser (och aner Printer?) sech op all Blat veréiwegen ass gewosst. Haut sinn ech da gewuer ginn dass CD/DVD-Brenner dat och man.
(Randnotiz: Wéi domm muss ee sinn den Harry Potter ze fotograféiren an d’EXIF-Daten net ze läschen?)

Labels:

19.7.07

¡Hasta la vista, Windows!


Wat e Schrott.

Sou, nom Résumé hei déi méi laang Versioun… Meng Elteren hu sech e Laptop zougeluecht: e Lenovo 3000 C200 (TZ0AZGE) (515€ bei Cyberport). Et kléngt zwar no Bëlleg-Laptop, mee trotzdem huet en alles wat ee brauch. Wat d’Lenovo-Gamme sou interessant mécht ass hir gutt Linux-Kompatibilitéit. Ech hu mëttlererweil op zwou ähnleche Lenovo-Maschinnen zimlech positiv Erfahrunge gemaach sou dass d’Fro no der Mark sech eigentlech net méi gestallt huet. Eenzegen Hoken: et gëtt net de Windows XP matgeliwwert, mee de Vista. Sou schlëmm wéi een et iwwerall liest wäert et jo dann awer net sinn duecht ech mer. Ma ee Gléck dass d’Maschinn vu vireran dofir geduecht woar ënner Linux benotzt ze ginn!

Seelen hat ech et mat enger Maschinn ze dinn déi sou elendeg lues woar dass se carrément onbenotzbar woar. Konstant Hard-Disk-Aktivitéit (swapping huelen ech un), no all Klick ca. 30 Sekonnen Denkpaus (deelweis sougur e pur Minutten!) No e pur Stonnen hunn ech d’Iddi de Vista zumindest grondlegend ze konfiguréiren (Firefox, OpenOffice.org, Antivirus, Firewall etc. installéiren) missen opginn well et einfach net viru gaangen ass.

Ir ech un d’Partitiounen an den MBR fréckle gaange sinn wollt ech awer eng Sécherungskopie man (och wann ech mech dee Moment gefrot hu firwat ech de Vista iwwerhaapt wéilt sécheren). Dass keng Recovery-CD/DVD bäilouch ass hautdesdags jo schon normal, dass et awer net mol méi eng Méiglechkeet gëtt (et sief dann ech hätt et iwwersinn) sech déi selwer ze brennen wéi et bei deenen zwee anere Lenovoen nach de Fall woar fannen ech e stoarkt Stéck. Ech hunn also vun der Kubuntu-Live CD geboot an einfach e gezipptenen Hard Disk Image gezunn (an direkt per netcat op mäi PC iwwerspillt). De Kubuntu ass iwwregens méi séier vun CD gelaf wéi de Vista vum Hard Disk…

Dono hunn ech da missen d’Windows-Partitioun verklengere fir Plaz ze man fir de Kubuntu. Well et am WWW op ville Plaze recommandéiert gouf wollt ech dat dann och am Vista-eegenen Disk Management man. Dee wollt awer partout net méi wéi 25 GiB raumen (och nom Defragmentéiren). Dunn ass es mer duergaang an ech hunn einfach de Kubuntu gewäerde gelooss. Resultat: de Vista fonktionnéiert (souwäit ech dat beurteele kann) nach ëmmer „perfekt“, an dat obschons wesentlech méi wéi 25 GiB fräigemaach goufen. Firwat net direkt sou?

Fazit:
  • De Vista ass tatsächlech sou extrem ressourcenhongreg wéi iwwerall geschriwwe gëtt.
  • De User Account Control huet schonn no e pur Stonne fatzeg genervt.
  • De Windows Disk Management gëtt net wierklech eens.
  • Et ass scho bal kriminell Windows Vista op där doten Hardware virzeinstalléiren. Ween net wëlles huet en anert Betriebssystem ze installéiren huet gutt 500€ an de Sand gesat.


(Meng Erfahrunge mat Linux op der selweschter Maschinn kommen och nach.)

Labels:

Stärebestëmmung fir Ufänger

Hei fënnt een en interaktive Astronomiescous an deem ee geléiert gëtt dräi Stärebiller an zwee Stären ze erkennen. Et ass flott gemaach an dat obschon (oder grad well?) et just mat einfachsten HTML-Mëttlen ëmgesat ass.

Nach e klengen Tipp: am Éislek ass de Stärenhimmel definitiv vill méi kloer an interessant wéi am Minett.

(via Ehrensenf)

13.7.07

Laïcité à la luxembourgeoise

Le projet de loi prévoit notamment le principe de la neutralité dans l’enseignement en précisant qu’à l’exception des cours d’instruction religieuse et morale, la formation scolaire ne privilégie aucune doctrine religieuse […]
(Quell)

Iwwersetzung: d’réimesch-kathoulesch Léier ass déi eenzeg richteg an dat soll och sou bleiwen.

Update: Ween optimistesch ass ka sech jo mol op der Petitioun fir Trennung vu Kierch a Staat androen.

4.7.07

Gesprengten Autoen

Ech hoffen dass d’Bobbye sech beim Sprenge vun den Autoe gutt amüséiert hunn, well dann hat et wéinstens e bësse Sënn.

Nummer 1 (an Nummer 2?):
Police have carried out a controlled explosion on a car parked at the hospital where one of the suspects from yesterday’s attack on Glasgow airport is being treated.
It is as yet unclear whether any explosives were found at the hospital but the car was believed to be linked to the airport attack, a spokesman confirmed. (Telegraph)

Two controlled explosions were carried out on two vehicles at the hospital. (BBC)
Nummer 3:
Ein Sprengstoffexpertenteam brachte das Auto heute Morgen kontrolliert zur Explosion. Der Wagen stand vor einer Moschee in Glasgow und kam den Ermittlern verdächtig vor. Eine Verbindung des Gotteshauses zu den versuchten Anschlägen in Glasgow und London konnten die Fahnder allerdings nicht finden. (Spiegel)

Net manner schlëmm fannen ech dass déi angeblech „Bommen“ an den Autoe mat deenen alles ugefaangen huet näicht anescht woaren wéi gefëllte Bensinkanisteren a Gasfläschen. Éischt Reaktioun vun de Medien: wann d’Leit nach keng Angscht sollten hunn da musse mer eben mat irrealisteschen Schreckensszenarien nohëllefen:
[...] a bomb that would have killed hundreds of people in central London had it exploded.¹
D’Regierung hirersäits erënnert d’Bevölkerung drun dass se an Angscht liewe soll:
UK terror threat now ‘critical’
[Erklärung:] Critical ­– an attack is expected imminently (BBC)

Ech perséinlech hat geduecht d’Fäerten doen wir d’Aufgab vun den Terroristen an déi vun offizieller Säit wir éischter d’Leit opzeklären a virun irrationaler Hysterie ze warnen. Zum Beispill kéint mol erwähnt ginn dass et méi wahrscheinlech ass² duerch e Blëtzschlag, eng allergesch Reaktioun op eng Cacahuète, Wëld dat virun den Auto leeft oder Erdrénken an der Buedbidden ze stierwen wéi duerch en terroristeschen Akt. Mee dat gëtt wuel keng gutt Schlagzeil.

¹ Dat hat d’BBC an engem Artikel stoen. Nodeems jiddereen den Artikel bis gelies hat hu se dee Passage awer gestrach. Ech hunn en just nach am Google Cache erëmfonnt.
² Ech si mer der Absurditéit vu soue pseudo-mathemateschen Argumenter duerchaus bewosst. Et setzt den Terrorismus awer mol an en anere Kontext.

Update: Eeng kontrolléiert Sprengung schéngt dann awer méi harmlos ze sinn wéi et kléngt:

3.7.07

Endlech keng Word-Dokumenter méi verschécken!

Endlech muss een net méi bei all OpenDocument dat ee verschéckt eng exportéiert Variant am Word-Format drunhänken. Sun Microsystems huet elo nämlech en ODF Plugin fir de Microsoft Office verëffentlecht. Mat deem Plugin kann een dann am Office¹ (2000, XP oder 2003) Textdokumenter, Tabellen a Präsentatiounen an engem vun den OpenDocument Formater opman an ofspäicheren.

Vläicht (loosst mech dach dreemen!) gëtt irgendwann wéinstens e pur Leit kloer dass den OpenOffice, speziell de Writer, d’Aarbecht an den meeschte Fäll grad sou gutt, wann net besser, mécht wéi d’Konkurrenz vu Microsoft.

Méi Info op heise.de

¹ Wéi een un de Versiounsnummeren onschwéier erkennt gëtt et de Plugin (nach) net d’Mac-Variant vum Office.

Labels: