27.2.07

Endlech — eis Fernseher gi verkrëppelt


Sou oder sou ähnlech wäerte wuel vill Leit d’Noriicht vum Dag opgeholl hunn:
Ab Januar 2008 gëtt et keen analogt Signal méi um Gemeinschaftsantennekabel. Also muss fir all Fernseh, all Hard Disk-Recorder an all TV-Koart fir de Computer en Decoder kaf ginn. Eigentlech verfluchen ech jo d’PAL-Technik wéinst der dach, fir heiteg Standarden, miserabler Qualitéit. Dass meng e pur Méint al TV-Koart Enn des Joers awer rem wertlos ass iergert mech dach zimlech. An da bleift d’Fro inwifern een mat der Decoder-Télécommande de Fernseh steire kann an ëmgedréint.

Dat eenzegt gutt schéngt ze sinn dass e sënnvollen Accord fonnt ginn ass deen — hoffentlech — dofir suergt dass de ganzen Duercherneen (gratis/net gratis, chip card, Kompatibilitéit, etc.) vun deem ech schon gelies hunn (iwwer d’Situatioun an Däitschland) hei net antrënnt.

Fir de Rescht: ech kucken, grob geschätzt, eng 5—10 Stonne Fernseh. De Mount. Soulaang kee mer den DSL ofschalt ass alles am gringe Beräich =)

Update: Humoristesche Kommentar vun eiser Regierung:
En outre, l’installation sera plus facile qu’avec l’analogique […]
Situation de proportionnalité: Wann d’Zuel vun de Geräter sech verduebelt, gëtt d’Verkablen duebel sou einfach. Oder hunn ech dat falsch verstanen?

De Commerce wäert sech jiddefalls freeën: 100€ fir 1 Decoder, 1 Decoder pro Gerät, e pur Geräter pro Stot, 90% vun de Stéit si betraff.

3.2.07

Wee Musék online keeft ass selwer schold

„Besonders ärgerlich dürfte für betroffene Kunden sein, dass sich unter Umständen nach der Umstellung eines Windows-2000- oder Windows-XP-Systems auf Windows Vista die im iTunes Store gekauften Songs nicht mehr abspielen lassen.“ (Quell: heise.de)


Mat enger normaler MP3 oder Vorbis-Datei wir dat net geschitt. Dat kënnt dohir dass Mediekonzerner hir Clienten an éischter Linn als potentiell Krimineller gesinn a behandlen. Anescht ass et net ze erklären dass alles duerch Digital Rights Management verkrëppelt gëtt, bis et vu lauter Inkompatibilitéiten an anere Problemer just nach eng Lotterie ass, ob ee seng Musék iwwerhaapt nach ka lauschtere. Anert Beispill: Musékstitelen déi ënnert dem Microsoft-DRM-Label „Plays For Sure“ verkaaft goufen, kënnen net vum neiste Microsoft-Player, dem Zune, ofgespillt ginn.

CDen déi ech virun 10 Joer kaf hunn, leeën ech an irgend e Player a ka se lauschteren. An dat onofhängeg vun der Mark, dem Playermodell, der Firmware-Versioun oder sonstegen Détailer.

Fir den Titel dann awer nach ze korrigéiren: et ginn och Online-Shops déi DRM-fräi Musék verkafen, do brauch een sech awer net ze erwoarden Mainstream-Stécker ze fannen. Dat heescht awer sëcherlech net dass et do just schlecht Musék géif...
mp3tunes, magnatune, emusic, bleep, mindawn