4.2.05

Dat ass mol e PDF Viewer!

Ech hu mol aus Jux déi éischt Beta vum KDE 3.4 installéiert. Eigentlech ginn et jo keng grandios Ännerungen, mee ee Programm interesséiert mech besonnesch: de KPDF. Am KDE 3.2 an 3.3 hunn ech mer eigentlech gewënscht e sollt (temporär) aus dem KDE geholl ginn well e sou onbrauchbar woar dass et just dem Image vum ganze KDE geschuet huet.

Majo, d’Entwécklung ass net stoe bliwwen an de Fortschrëtt ass effektiv sou sensationell dass ech just eppes soe kann: et ass de beschte PDF Viewer deen ech je benotzt hunn.

En ass quasi grad sou séier wéi den Acrobat Reader, mee en huet kee vum Reader sénge lästegen Nodeeler (Mausrad, Look&Feel, Printen...). De KPDF ass insgesamt zimlech stoark un de Reader ugeleent an huet op den éischte Bléck keng funktional Defiziter. Ganz am Géigendeel, duerch déi perfekt Integratioun an de KDE huet en automatesch eng Rei Virdeeler géinteniwwer dem Reader: bessere Printdialog, besser Open/Save Dialoger, d’Mausrad klappt, a virun allem huet en eng iwwersiichtlech Bedienerführung. Sichen, “Continuous Mode”, 2 Säiten niefteneen, Links, Text a Grafike kopéiren klappt och alles. Ech woar ze liddreg selwer Screenshots ze man, mee hei sinn der. (hei fonnt)

Dass ech e mam Reader vergläichen huet domatt ze dinn, dass de KGhostView oft Problemer mat verschiddene PDFen huet, den XPDF dodergéint vum Ausgesinn hir, mee och vun der Funktionalitéit hir, och genuch Nodeeler huet. Ech selwer benotzen de Reader nëmmen ongär, mee et ass awer deen zouverlässegsten.

Déi eenzeg Nodeeler vunn deenen ech bis elo weess sinn, dass Vektorgrafiken net antialiased ginn, an dass ee keng Formularen ausfëlle kann.

Fazit: wann och (nach) net perfekt, et ass dee bis elo insgesamt beschte PDF Viewer.

Labels:

2.2.05

Apple & DVD Region Codes

Wéi allgemeng bekannt ass, gëtt de Keefer vun DVDe dofir bestroft déi onsënneg Iddi ze hunn en hätt e Recht se ze kucken. Riets geet dës Kéier vun de Region Codes. Besonnesch interessant ass dass een de Region Code vun engem Computer-DVD-Lafwierk 5mol wiesselen däerf, dono kann dee Compteur nach 4mol op null gesat ginn, awer dofir muss een d’Lafwierk zeréck a Reparatur droen. Insgesamt also 25mol wiesselen. Kommt also och gur net réischt op d’Iddi eng DVD an der net-Zone-2-Vakanz ze kafen oder an d’USA ze plënneren an sou weider.

Souwäit de Prinzip. Wat huet dat mat Apple ze dinn? Déi refuséiren dee Compteur op null ze setzen. Aus 25mol wiessele ma se 5. Dat flott dorun ass dass d’Filmindustrie de Client jo scho genuch schäissen deet, mee Apple setzt nach een drop.

Mech reegt dat dann awer net besonnesch op; dat ass leider eng Konsequenz dovun dass Apple, grad wéi Microsoft, just drop aus ass lukrativ Geschäfter mat de Mediekonzerner ze man. De Client ass do just en Hinderniss. Dass et ganz kloer ass: MS an Apple schäissen op hir Clienten. Dat ass leider d’Realitéit. Dat hei ass just ee Beispill vu villen.

Als Géigebeispill wéilt ech d’FOSS-Community erunzéien: Déi wëlle mat hiren DVDen dat kënne man wat se wëllen, an net wat vun de Mediekonzerner grad mol geduld gëtt. A wee wëll schonn net an der Lag sinn DVDen oder CDen déi ee legal kaaf huet ze kucken oder ze läuschteren?! D’Resultat? Mplayer a Xine këmmere sech net ëm Region Codes: si spillen alles of an dat obschons sougur d’DVD-Lafwierk dat eigentlech ënnerbanne sollt. Et ass leider ëmmer méi sou dass een als éierleche Keefer den Domme bei der Saach ass: illegal Downloads hu keng Region Codes a kee Kopéierschutz a scho gur keen CSS. Mat GNU/Linux hunn ech déi Suerge wéinstens manner. Do steet keng Firma dohannert déi just drun interesséiert ass mech ze versklaven.

Labels: