31.8.05

Guantánamo Bay

Die US-Regierung will den Insassen des Gefangenenlagers Guantanamo mehr Rechte einräumen. Sie sollen unter anderem an ihrem eigenen Prozess teilnehmen dürfen und Einblick ins Beweismaterialien erhalten. (Spiegel Online)

29.8.05

CAPTCHA op Tuxophilia

Et ass jo kaum ze gleewen. Eng handvoll Leit déi d’Blog liesen, awer dauernd Comment Spam. Ech hu Besseres ze dinn wéi Spam ze läschen, dofir heescht et ab elo CAPTCHA virum posten. Sorry.

28.8.05

MSN — keng offline Messages?!

Wow, ech si platt. Ech hu grad mol gekuckt wat op planet.jabber.org alles sou lass ass, wou ech dann net dat hei gelies hunn:
Six Years Later
Rumors are flying that MSN may be adding support for offline messages -- only 6 years after we had that in Jabber. I'm so glad that Microsoft has the freedom to innovate!
Ass dat wierklech wouer? An da ginn et tatsächlech Leit déi MSN benotzen??? Do gesäit een zwar mol wat eng Monopolstellung am Betriebssystemberäich alles bewierkt.

Update: E Kolleg huet mer haut mol den MSN virgefouert. Shocker! Ënner anerem dee Quatsch mat de „Winks“. Dat sinn Animatiounen déi ee sénge Frënn schécke kann, an da spréngt deenen zum Beispill e Schwéngchen iwwert de Schierm. Kee Kommentar. Et erstaunt mech net dass dat zweet Google Resultat zu „winks msn“ dat hei ass: MSN Messenger FAQ > How can I disable Winks in MSN Messenger 7. An dass et keng offline messages ginn stëmmt och. De gudden alen ICQ woar also scho viru Joren dem MSN haushéich iwwerleeën. Et sief dann et zielt een d’Winks zu de Features … A grad wéi beim ICQ muss een och den MSN cracke wann een allergesch op Werbebanner ass.

24.8.05

Interestingness

Säit der Aféirung Ufank des Mounts zitt et mech ëmmer rem dohin: Interestingness ass souzesoen d’Flickr-Versioun vum Pagerank-Algorithmus. Wéivill mol ugeklickt, drop verlinkt, als Favorite gespäichert, dat sinn nëmmen e pur vun de Kriterien déi bestëmme wéi interessant eng Foto ass. An déi interessantst kommen an d’Ausstellung: lescht 24 Stonnen, Kalenner. Wierklech beandrockend.

Bee on flower

Labels:

Phishing mol ganz dreist.

Den neiste Paypal Phishing-Versuch gefällt mer nawell. Elo warnen d’Phisher ee sougur schon op kee Fall e Link an enger Mail unzeklicken, a fir sécher ze goen d’Paypal-URL manuell anzetippen.
PayPal Phishing

Google Talk

Ma effektiv huet Google elo en Jabber-baséierten IM-Programm erausbruet. Allerdings just fir Windows. Mee si verweisen direkt op aner Jabber Clients déi een och problemlos benotze kann. Vläicht kréien ech jo lo e pur Leit iwwerzeegt en Jabber-Account unzeleeën. :-)

Update: Ok, dat vergiesse mer mol. Ee vun den Haaptpunkte vun Jabber, nämlech d’fräi Wiel vum Server (ech sinn z.B. bei jabber.dk), gëtt torpedéiert. Et kann een zwar e beliebegen Jabber-Client benotzen, mee et kann een nëmme Messages un aner Google Talk Leit schécken. Wierklech schued. Mee gläichzäiteg bretzen se sech mat Service Choice. An dobäi gi grad si Jabber an där Hinsiicht künstlech kastréiren.

Et bleift also alles beim alen: Wee fënnt dass IM wéi E-Mail soll sinn, also standardiséiert Protokoller a jidderee ka jidderengem schreiwen (onofhängeg vum Service Provider), fir dee gëtt och weiderhinn just eng vernünfteg Léisung: Jabber.

Labels:

23.8.05

Google Instant Messaging?

Alt erëm gëtt hefteg spekuléiert ob Google no GMail och en IM Déngscht lancéiert. Op talk.google.com ass en aktiven Jabber Server fonnt ginn. Et wir super wann duerch sou eng Aktioun endlech méi géif gejabbert ginn. Wee weess, vläicht man se jo den éischten (anstännegen?) komplett webbaséierten IM. Dass et och ouni Page Reloads geet hu se jo scho bewisen. Wéi och ëmmer, ech wäert wuel bei Kopete bleiwen. ;-)

Labels:

TUX Magazine

“The First and Only Magazine for the New Linux User”, dat ass de Motto vum TUX Magazine. Wéi den Numm et schon undeit, riicht dës Online-Publicatioun sech un den „Duerchschnëtts“-Desktop User. Et ginn also flott Programmer (wéi z.B. amaroK, Digikam oder K3b) virgestallt an erklärt. Et gëtt och eng relativ grouss Sektioun mat Lieserbréifer a Q&A. Den Inhalt eegent sech och einegermoosse fir Leit déi GNU/Linux zwar net benotzen, mee sech dofir interesséiren. Vläicht zécken verschiddener jo och well se mengen GNU/Linux wir just eppes fir Über-Geeks. Dat ass allerdings net (méi) de Fall.

Ganz interessant ass och déi technesch Ëmsetzung: all Mount kann ee sech déi neisten Ausgab gratis als PDF eroflueden (allerdings muss ee sech eemoleg registréiren). D’PDF schalt automatesch an de Full Screen Präsentatiounsmodus wou een d’Zäitschrëft da bequem liese kann. Eng kleng Warnung muss awer och sinn: déi éischt Ausgab (mëttlererweil sinn der 5 eraus) hat 14 MiB! Déi aner hunn awer vernünftegt Gréissten (2–3 MiB). Erausbruet gëtt TUX Magazine iwwregens vun SSC Publishing, déi och Linux Journal erausbréngen.

Labels:

Protected Media Path

Och wann et net méi ganz aktuell ass, d’EFF huet e relativ interessante 4-deelege Bericht (1,2,3,4) iwwert d’WinHEC 2005. Virun allem geet et drëm wéi Microsoft sech d’Multimedia-Fähegkeeten (oder éischter d’Aschränkungen) vun zukünftege PCe virstellt.

Am interessantesten ass awer den 3. Deel, an deem et em de „Protected Media Path“ an em Driver Lockdown geet. Hei e pur Zitater:
PMP includes several phases and features which Microsoft plans to introduce over time. One such feature is COPP, which allows applications to selectively disable the use of particular video cards or particular outputs on a video card. (For example, an application could refuse to output to a DVI output without HDCP encryption, or to an analog VGA output, or to a YPbPr component video output.)
[…]
PMP will create a kernel-enforced construct called a Protected Environment (PE) in which particular software modules, including drivers and other code, that are trusted by particular entertainment companies can run and enforce DRM restrictions.
[…]
Components that are loaded into the PE by the Windows kernel must be signed and authenticated
[…]
Perhaps most significantly, the PE will be subject to a “global revocation list” maintained by Microsoft and distributed through Windows Update and possibly other channels.
Kee Wonner also dass sou laang um Windows Vista (a.k.a. Longhorn) gebastelt gëtt.

Labels:

21.8.05

„Fotos digital – Tipps für die Bildgestaltung“

Wéi den Numm et seet geet et an dësem Buch eenzeg an ëlleng em d’Bildkompositioun. Et ass also keent vun deene sëllege Bicher déi ee wëlle beim Kaf beroden, d’Kamera erklären, Photoshop virféiren, Tipps fir d’Printe ginn, an dann nach e pur Säiten hu fir ze weise wéi een déi Fotoen dann eigentlech gestalte soll. D’Buch huet 127 Säiten, an ass als Täschebuch am vfv (Verlag für Foto, Film und Video) eräuskomm. Et kascht 15,95 €.

Zum Inhalt. D’Buch ass u sech „just“ eng Sammlung vum Jürgen Rautenberg (den Auteur vum Buch) sénge Foto-Tipps op digitalkamera.de. Déi passen dann all Kéiers ganz praktesch op 2–3 Säiten, sou dass een no Loscht a Laun dra bliedere kann a mol eppes iwwert „Farbe, die emotionale Komponente“, mol iwwer „Seltsam, im Nebel zu wandern …“ liest. D’Theme sinn och relativ vielfälteg; d’Haaptdeeler sinn „Grundwissen“, „Generelle Grundlagen“, „Themen: Gestalten“, „Themen: Motive“. D’Tipps si praxisfrëndlech a gi mat Hëllef vu Beispillfotoen erklärt. Beispillsäiten a weider Detailer fënnt een op digitalkamera.de.

Ech weess net wat ech soss nach vill soe kann. Insgesamt ass d’Buch wierklech empfehlenswert. Et ginn allerdings e pur kleng Mängel. Sou ass d’Emsëtzung als Buchform op e pur Plazen zimlech iwwert de Knéi gebrach. Z.B. gëtt an engem Tipp op dee verwisen dee jo d’nächst Woch, de souansouvillten wäert verëffentlecht ginn [op digitalkamera.de]. Oder et gëtt op en [digitalkamera.de-]Tipp verwisen deen awer net an d’Buch opgeholl ginn ass well et näicht mat Gestaltung ze dinn huet. „Stilleben“ a „Stillleben“ kommen ongeféier gläich oft vir. Dat sinn dann awer och déi eenzeg Kritikpunkten.

Labels:

12.8.05

Suchtgefor

E Glanzstéck am Internet: notpron ass e ganzt flott Internetspill. Et gëlt Rätselen ze léisen fir an den nächste Level ze kommen. Kléngt langweileg, ass et awer net. D’Rätsele sinn zimlech intelligent gemaach. Si sinn anspruchsvoll, mee am Beräich vum Méiglechen. Et muss ee sech awer och drop astellen och mol d’URL manuell ze verännere fir weiderzekommen. An dat ass net gefuddelt, mee sou gewollt! Och ass Google eng ganz wertvoll Hëllef fir d’Hinweiser déi ee kritt richteg ëmzesetzen. Natirlech kéint een och no Léisunge googlen, mee domat hëlt ee sech de ganze Spaass. Bei dësem Spill méi wéi bei all anerem.

Vill Spaass!

Ech hunn haut mol Levelen 1–7 absolvéiert.

Update: Ech si richteg stolz. Level 8 och gepackt. :-)

11.8.05

3 Bugs an 512 Byte Code.

Dat résuméiert de Bootcode vun der X-Box. Op xbox-linux.org gëtt et e ganz interessanten Artikel iwwer d’Sécherheetsmoossname vun der X-Box. Do gëtt gewise wéi eng Feeler Microsoft gemaach huet. Insgesamt e flotten Abléck an d’Konsolenhackerei.

(via Schneier on Security)

Labels:

10.8.05

Data retention is no solution

Nëmmen bei konkretem Verdacht op eng Strofdod gi Leit iwwerwaacht? Als Onschëlleger hu mer e Recht op Privatsphär? Jo, mee net méi laang wann d’EU-Kommissioun hir Propos duerchgepusht kritt. Déi gesäit vir d’Telefonsverbindungsdaten (mat weem ee wéi laang telefonéiert huet), E-Mail Kontakter (weem gemailt, wéi oft, etc.) an sou weider fir ee Joer, respektiv en halleft späicheren ze loossen.

Dat ass wuel well sécher gestallt ass dass sou en Agraff och entspriechend Resultater géif mat sech zéien? “Today no verifiable statistics exist at the European level on the usage of traffic data.” heescht et dozou an engem Erklärungstext vun der Kommissioun. Selbstverständlech ginn sou Date jo och schon haut an der Verbriechensopklärung genotzt (dogéint huet jo och keen eppes, soulaang dat rechtsstaatlech einwandfrei ofleeft), well se jo souwisou iwwert e gewëssenen Zäitraum musse gesammelt ginn fir dem Client eng verifizéierbar Rechnung kënnen auszestellen. Statt elo als éischt mol eng Studie ze man op sou en eklatanten Agrëff an d’Privatsphär iwwerhaapt eppes géif brénge, schéngt d’EU léiwer Neel mat Käpp ze man.

Ween sou Hauruckmethode fir onveranwortlech hält, oder soss e gudde Grond dogéint huet, kann elo seng Meenung bei der Petitioun vum EDRI (European Digital Rights) zum Ausdrock bréngen.

Cyberkriminalitéit

Am Pennsylvania hunn elo 13 Schüler (!) e skrupellost Verbriechen ausgeübt: si hunn op Laptops déi vun der Schoul zur Verfügung gestalt goufen — et gleewt een et kaum — gechat a gesurft. Sougur Pornographie! Ee Gléck dass se erwëscht goufen a viru Geriicht kommen. Mee wéi de Register bericht schéngen se net op den elektresche Stull ze kommen.

Ech si just frou dass d’Gefor vu Cyberkriminalitéit och an der EU eescht geholl gëtt, an sou Gangsteren hei an der EU beliebeg kéinten ausgeliwwert ginn. Wann ech eng Kéier Zäit hunn, kucken ech mer déi Saach mat deem europäeschen Haftbefehl mol un.

2.8.05

1 Knäppchen? 2? 4? Kee Problem.

Apple schéngt et endlech bekäppt ze hunn: Hir aktuell Mais (zumindest déi beim eMac) si Wouscht. D’ganz Maus ass de Knäppchen. Dat huet zur Folleg dass een net mol d’Hand ofleeë kann ouni ongewollt rondrem ze klicken. Dass ee kee Scrollrad an och kee rietse Knäppchen huet mécht d’Saach „perfekt“. Ergonomie Null.

Mee elo bréngen se d’Mighty Mouse op de Moart. Do huet een u sech kee Knäppche méi, mee d’Oberfläch ass drockempfindlech, a je no Astellung behëlt se sech wéi wann et een oder eben 2 Knäppecher wiren. Respekt mol fir d’Iddi. E Scroll Ball huet se och. Dat ass Apple hir Bezeechnung fir en Trackpoint. Domat kann een dann 2-dimensional scrollen. Säitlech Knäppecher fir ze „squeezen“ huet déi nei Maus och. Insgesamt verbannen se also d’Einfachheet vun enger klassescher Ee-Knäppche-Maus mat de méi performante Mais aus der PC-Welt. Ech froe mech allerdings just ob et wierklech funktional ass, well ëmmerhinn spiert ee jo net wéini een dann elo geklickt huet a wéini net. D’Problematik ass do déi selwescht wéi bei Touchscreens. Fir dat ze ëmgoen hu se e Lautsprecher integréiert dee „Klick“ oder „Scroll“ seet. Mee op auditive Feedback den taktile wierklech ersetze kann muss d’Praxis weisen.

Wat awer onverännert bleiwt ass déi onbequem oval Form.

Update: No deem ville Gespekuléiers, emol e pur handfest Informatiounen. Arstechnica huet d’Maus getest. Et ass wuel liicht vill eraninterpretéiert ginn an d’Informatiounen déi Apple op hirer Säit huet.
As it turns out, Apple blew the description of its “aural feedback” and “touch sensitivity” out of proportion and led most of us to believe that 1) there was some sort of speaker built into the mouse with synthetic mouse sounds coming out of it, and 2) the shell might be solid-state touch-sensitive like our beloved iPod wheels. […]
Like the Apple Pro Mouse, the upper shell depresses when you press on it in various places with your finger(s), and the clicking noise is an actual, real clicking noise […].

An den Scroll Ball schéngt en Trackball ze sinn a keen Trackpoint. D’nächst Kéier muss ech wuel besser oppasse wat ech schreiwen :-)

Labels:

1.8.05

HD an Aktioun

A méngem „Lieblings“-Butték Hifi International ma se lo mol eppes richteg. Zumindest wat ee vun hiren HD-Ready Fernsehapparater ugeet: Op deem gëtt nämlech keen ultragrotteschlecht Fernsehbild gewisen, oder eng DVD där hirt Signal nach un 20 aner Fernseher geliwwert gëtt (grausam), mee eng Sony HD-Kamera mat 1080 Bildzeilen Opléisung. Déi Kombinatioun mécht och dem Leschte kloer wéi fuerchtbar scheusslesch e PAL-Bild eigentlech ass (oder och eng DVD). Vum technesche Standpunkt aus gesinn ass HD eng enorm Verbesserung a misst eigentlech en Hit gi soubal HD-Content rauskënnt. Et ass en Ënnerscheed wéi Dag an Nuecht. Wierklech beandrockend. (Mee am Géigenzuch gesinn dofir all déi aner Fernseher em sou méi schlecht aus. :-))

Trotzdem hoffen ech dass HD-DVD (oder Blu-ray) e Riseflopp gëtt. Well wat un DRM alles geplangt gëtt ass krass. Dat Neist: Du wëlls HD op déngem 1000+ Zeilen TV kucken? Äh, domm gelaf, kaf der en neien dee wéinstens en HDMI-Agang huet. Ech wäert jiddefalls näicht kafe wat ech net kopéire kann. Kopéiren däerfen hunn ech well ofgeschriwwen. Dass ech et awer och einfach net verstoe kann firwat et kriminell ass mer eng Kopie fir Auto/Computer/Uni ze man.

Labels: