28.6.07

Firwat den Zauberstab Zauberstab heescht

Ganz einfach: well e Labyrinther léist. Opmanst kéint een dat mengen wann ee sech dee flotten Gimp/Photoshop-Hack ukuckt dee grad d’Ronn duerch de WWW mécht. An esou léist ee mam Gimp e Labyrinth:
  1. Mam Zauberstab d’Wand lénks oder riets vum An- oder Ausgang markéire loossen. (D’Toleranz héich genuch astellen!)
  2. Per Select/Grow… d’Sélectioun ëm e pur Pixel vergréisseren. (Am Beispill sinn et der 15.)
  3. Mat Edit/Stroke Selection… de Contour afierwen.
Déi Method klappt allerdéngs nëmmen wann e pur topologesch Conditiounen erfëllt sinn. Am einfachsten ass et wann et genau een Agang an een Ausgang gëtt an se alle béid bausse leien. Dann existéiert nämlech opmanst ee Léisungswee deen déi ausgewielte Mauer (plus eventuell Enclaven) vum Rescht vum Labyrinth ofspléckt. D’Vergréissere vun der Sélectioun vereinfacht dee Contour andeems all déi iwwerflësseg Weeër „opgefriess“ ginn.

Mat där Iwwerleeung gëtt awer och kloer dass déi Method net fir all Labyrinth klappt: soubal de Start- oder Endpunkt am Labyrinth läit kann den Zauberstab d’Labyrinth (am Normalfall) net méi an zwee splécken an d’Sélectioun verschléckt och de Léisungswee.

Vill Informatiounen zu allgemengen Algorithmen fir Labyrinther ze erstellen oder ze léisen fënnt een iwwregens hei.

27.6.07

Movie Trivia

Wéi e Film ass an den USA „R Rated“?

a) Le fabuleux destin d’Amélie Poulain
oder
b) Die Hard 4

Et gleeft een et kaum…

Mee anerersäits ass bei eis de Workingman’s Death als „enfants admis“ gelaf. Nuje.

23.6.07

monarchie.lu


Interessante Marketing.

20.6.07

Olympesches

Nom fuerchtbaren London 2012 Logo an dem Epilepsie ausléisenden TV-Clip huet elo d’BBC där ganzer Laachnummer nach een drop gesat an deems se bewisen huet keng Ahnung ze hunn vun — et traut ee sech kaum et sou ze nennen — der internet pop culture. Aus engem Viewer-Contest huet d’BBC dat hei Bildchen an d’Top Twelve gewielt:
“Here is my design for the Olympic logo. It is very simple and so memorable. The hands represent Britain pulling together to reveal the Olympics.”

… zumindest bis se hire Feeler¹ bemierkt hunn.

An deem Sënn: LMAO.

(via The Register)

¹ Warnung: net klicken!

15.6.07

No Censorship on flickr

Wat soll ech soen? Ech hätt net erwoart dass Däitschland elo well als groussen Zensurstaat ugesi gëtt. (Bis op hiren heiansdo iwwerdriwwene Jugendschutz, an deen ass och eventuell Schold um aktuelle Misère.)

An trotzdem geheit flickr momentan Däitschland, Singapur a Korea an een Dëppen an erlaabt Yahoo IDs aus deene Länner just nach den Zougrëff op Fotoen déi als “safe” déclaréiert goufen. Eigentlech hunn ech nach ni bewosst no “moderate” oder “restricted” Biller gesicht an et kéint mer relativ egal sinn. Mee bei enger sou topeger, iwwerdriwwener an onnéideger Zensur wéi bei flickr ginn ech dann awer e bësse queesch.

Hei e klenge Workaround fir all déi déi och onglécklecherweis virun e pur Méint eng däitsch Yahoo ID ugeluecht hunn: de BugMeNot fir de Firefox erméiglecht engem (bis elo mol) den onbürokrateschen Zougrëff op all déi jugendgefährdent Nippelen déi et op flickr ze gesi gëtt. Just dass een déi dann natirlech net bei seng Favoriten am normalen Account bäisetze kann.

Hei ass iwwregens eng vu ménge Fotoen déi ech mol als “moderate” markéiert hunn falls ee säin Account teste wëll. Et géif mech interesséiren wat dobäi rauskënnt. (Déi eege Fotoen schéngen nach net zenséiert ze ginn…)

Update: Ech hunn de Post iwwerlies a complétéiert.

Labels:

14.6.07

nassauern

En interessant däitscht Verb: „nassauern (»jmd. ausnehmen, auf eines anderen Kosten zechen«)“¹.

Och de Wahrig kennt et:
'Nas·sau·er 〈m. 3〉 Einwohner von Nassau; 〈fig.; umg.〉 jmd., der sich einen Genuß verschafft od. Hilfe in Anspruch nimmt, ohne dafür zu bezahlen
'nas·sau·ern 〈V.i.; hat; umg.〉 in der Art eines Nassauers Hilfe, Rat in Anspruch nehmen; auf Kosten anderer leben
En zynesche Geescht kéint et wëlle mat eisem Haff a Verbindung bréngen. Mee och an der ëmstriddener Herkunftslegende sinn et net déi Adleg op déi den Ausdrock zeréck geet.

¹ Hans Joachim Störig (2002): Abenteuer Sprache. München: Deutscher Taschenbuch Verlag.

Labels:

13.6.07

Milk meets Coffee

Wat een net alles verpasst wann ee säi Kaffi schwoarz drénkt…


(Foto vum Irene Müller, via Boing Boing)

Labels:

12.6.07

Layout-Ierger

Haut hunn ech erschreckt festgestallt dass en nëmmen e pur Wochen aalt OpenDocument schonn net méi perfekt durgestallt gëtt. Besonnesch schlëmm woar dass eng Tabell déi ursprünglech nach perfekt ënnen op eng Säit gepasst huet neierdéngs an zwee gespléckt gëtt.

Den exakte Grond dofir kennen ech net, mee et huet sécherlech domat ze dinn dass
  • et op engem anere Computer mat anerer Distributioun ass,
  • déi Distributioun eng aner OpenOffice-Versioun huet,
  • grad wéi eng aner Freetype-Versioun,
  • an eng aner Versioun vum Printer-Driver (och wann dat mëttlererweil am OpenOffice keen Afloss op de Layout méi dierft hunn).
Mee leider limitéiert dee Phänomen sech kengesfalls op den OpenOffice. Och de Word ass berühmt-berüchtegt fir seng „Flexibilitéit“ wat de Layout ugeet. Sougur bei LaTeX kann an ongléckleche Fäll en Update vun engem Package oder de Wiessel vun latex+dvips op pdflatex zu aneren Zeilen- an domat och Säitenëmbrëch féiren.

Trotz ISO-genormtem OpenDocument ginn et zevill Variablen déi méi oder manner subtil Auswierkunge kënnen hunn, sougur wann een nominell de selweschte Programm benotzt. Konklusioun: et féiert näicht laanscht PDF, sougur wann d’Dokument schonn a pur Méint all Relevanz verléire wäert. Et muss ee just oppassen dass och all d’Schrëften an der PDF embedded sinn, soss huet ee fréier oder spéider och domat Ierger…

Labels:

11.6.07

“Can I race in Indianapolis next Sunday?”

De Kubica huet e gudde Schutzengel.
“‘Can I race in Indianapolis next Sunday?’ That was his first question,” Ronald Denis, head of trauma at Sacré-Cœur Hospital in Montreal and at the Formula One site, said with a huge smile after a battery of tests showed the driver had few injuries and none of them serious. (Quell)

9.6.07

SAY WHAT AGAIN

Labels:

Echt Kapitälchen

Kapitälchen (Small capitals op Englesch) sinn — graff gesot — verklengert Groussbuschtawen. Allerdings gëtt et méi dozou ze soen wéi et am Writer oder dem Word den Uschäin huet. Do ass d’Resultat nämlech zimlech onspektakulär:
Nieft dem ze enken Textsaz deen d’Liesen erschwéiert, gesäit et och nach ongläichméisseg aus well déi kleng Buschtawen vill ze reng sinn am Verglach zu deene groussen.
Déi eenzeg qualitativ héichwerteg Léisung besteet doran e separate Schrëftschnëtt fir d’Kapitälchen ze benotzen. Speziell fir déi leider vill zevill verbreeten a benotzten Textveraarbechtungsprogrammer¹ heescht dat dass een den integréierten Kapitälcheneffekt onbedingt évitéire muss wann ee gären e propert Resultat hätt. Mat enger richteger Small Caps-Schrëft gesäit et dann sou aus:
Leider falen sou Schrëften an de Profiberäich an nëmmen déi manste si gratis ze kréien. Mee et ginn der!² Zum Beispill déi schwongvoll an elegant Fontin vum Jos Buivenga. Hei ass e klenge Pangramm als Schrëftprouf³:

Fir Linux ass d’TrueType-Format am onproblemateschsten. Si huet och all d’Zeechen déi néideg si fir Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch a Spuenesch korrekt ze schreiwen. Bei malteseschen Touristenattraktiounen muss se awer passen (an den OpenOffice léint sech en Ħ an e ġ aus enger anerer Schrëft):


¹ Ironescherweis si meng Screenshots trotzdem am OpenOffice Writer entstanen. Hei ass e klenge Verglach tëscht OpenOffice a LaTeX.
² D’Schrëft aus deenen zwee éischte Screenshots ass awer net d’Fontin. Mee op d’Schrëft aus de Screenshots kommen ech nach zeréck. Vläicht erkennt oder erréit jo een se…
³ Et gëtt kee fett-kursive Schnëtt vun der Fontin. Trotzdem erlaabt den OpenOffice se fett-kursiv ze setzen. D’Resultat ass awer einfach eng künstlech geneigte Versioun vun der Fetter! Imaginär Schrëften uweisen: rem e Grond méi Textveraarbechtungen ze évitéiren wou et nëmme geet.

Labels: ,