24.10.06

kompakten EPS


Wann ee mat LaTeX schafft an e pur Grafike bastele wëll, ass een oft op de PSTricks ugewisen (och wann PGF/TikZ net oninteressant ass). Da kann een awer leider keng Bitmaps méi am PNG-Format afügen: si mussen als éischt an eng Encapsulated PostScript-Datei ëmgewandelt ginn. Dat ass kee Problem, dem ImageMagick säin convert-Kommando mécht dat ouni mat der Wimper ze zucken. A schons ass aus enger 294 KiB PNG eng ­— oh, hëppla! — 63,3MiB EPS ginn. Dat mécht dem LaTeX zwar näicht aus, mee e pur sou Grafike man d’Weiderschaffen net grad méi komfortabel.

D’Léisung läit an de PostScript-Levels: am Level I (vun 1984) gëtt et nach keng Kompressioun fir Foarfbiller, am Level II sinn eng Rei Optioune bäikomm, mee eréischt am (aktuellen) Level III ass komplette Support fir kompriméiert Bitmaps implementéiert ginn. Fir déi Levelen ze benotze geet et dur dem convert dat matzedeelen. convert pic.png eps2:pic.eps gëtt mer eng Datei vun 2,6 MiB, a mat convert pic.png eps3:pic.eps bleiwe just nach 300 KiB iwwreg.

Iwwert dem Tippen hunn ech och nach festgestallt dass et sougur eng Méiglechkeet gëtt dem dvips ze soen dass e PNGen on-the-fly konvertéire soll. Domadde wier dëse Post also (quasi) komplett iwwerflësseg ;-)

Labels:

23.10.06

Ech si krank

Oder zumindest wëll ee mer dat arieden. Ech hunn haut schon 53mol dee selweschte Spam kritt, dee mer, ënner anerem, „V1agra Professional“, „Suregasm“ (fir d’Fra!) a Prozac ubitt. An nieft deene Klassiker kréich ech awer och eng Rei Antibiotika do ze kafen. Dat muss ech mer mol verhalen: déi nächst Angine kënnt bestëmmt.

Oh, 54.

Gutt dass de Bogofilter keng Problemer domat huet. Virun allem ass de Bogofilter vill méi séier wéi de Spamassassin. Dat awer nëmmen niewebäi.

22" > 19"


Virun allem an der Breet, huet de Pythagore gemengt.

Fir 379€ konnt ech einfach net widderstoen: ech hu mer gëscht en Acer AL2216W Bildschierm kaf. 22 Zoll am 16:10 Format, mat DVI.

A méngem „Lieblingsbutték“ (Hifi International) wosst de Verkeefer och direkt eng kompetent Äntwert op meng Fro ob en DVI-Kabel an der Këscht wir: „Huet dee Schierm en DVI-Uschloss??“.

Well awer tatsächlech e Kabel dobäi woar, hunn ech en direkt digital ugeschloss. Leider krut ech awer nëmmen eng pixeleg Opléisung vun 1024×768 gebueden (also och nach verzerrt). All d’Gefummels mat den X11 Modelines huet och näicht bruecht. Irgendwann hat ech es sat mat de Warnmeldungen (Xorg.0.log) dass 1680×1050 an 1440×900 méi grouss wéi d’BIOS-programméiert Limite vun 1280×1024 wieren.1 Per klasseschem Analog-Uschloss huet alles op Anhieb geklappt. Trotz D/A-A/D Wandlung ass d’Bild einwandfrei an dat ouni musse manuell nozehëllefen.

D’Bild ass och angenehm hell fir Filmer oder Fotoen ze kucken, mee fir ze Schaffe muss ech d’Hellegkeet sougur op 50% erofregele fir net geblend ze ginn.

Alles an allem sinn ech (bis elo) immens zefridden iwwert dat gutt Geschäft.

1 Dat kann effektiv eng Aschränkung vu ménger Grafikkoart sinn. An dëser Diskussioun gëtt vun engem ähnleche Problem geschwat deen och eng GeForce 5200 betrëfft. An dobäi hat ech mer extra eng mat DVI kaf fir zukunftssécher ze sinn. Souvill zum technesche Fortschrëtt.

11.10.06

DVD-Ofspillschutz

Et kënnt wéi et huet misse kommen: grad wéi sou munch Audio-CD kréien och elo DVDen en Ofspillschutz. Mat deem System soll et „onméiglech“ ginn DVDen op engem Computer ofzespillen. Ech fannen dat eng wonnerbar Initiativ déi mech viru finanziellem Ruin bewahrt. Well mäi Widescreen-Notebook huet mer grad rem Loscht ginn méi DVDen ze kucken ­– an ze kafen!

Mat sou massakréierten geschützten DVDen wäert ech et allerdéngs net anescht man wéi mat kopéiergeschütztenen Muséksscheiwen1: ech kafen se net. Och wann et mech wuel net viru gréisser technesch Erausfuerderunge géif stellen, sou sinn ech awer net bereed fir en express mannerwertegt Produkt Suen auszeginn.

E klengen Detail vun deem ech awer bis elo nach näicht gelies hunn ass, dass et net onbedingt méiglech ass eng op déi Manéier verkrëppelt DVD vun enger normaler ze ënnerscheeden. Well och eng ganz Rei normal DVDen droen d’Opschrëft „Diese DVD ist kopiergeschützt“, dat allerdings wéinst dem harmlosen an inefficacen CSS. (Oder iren ech mech?)

Sollt dee proposéierten Ofspillschutz wierklech ëmgesat ginn an net speziell gekennzechent ginn, da bléif fir mech just eng Léisung: komplette Verzicht. Mäi Portmonni seet Merci.


1 Vill Kopéierschutzen verstousse géint de Redbook-Standard an däerfen deementspriechend net als Compact Disc Digital Audio gezeechent ginn!