22.8.08

Tuxophilia goes furl

A leschter Zäit woar et op dëser Plaz nawell zimlech roueg, an ech weess och net ob dat sech soubal rem ännere wäert. Well ech awer trotzdem geleegentlech deen een oder aner Artikel séier an onkomplizéiert verlinke wéilt probéiren ech elo mol e social bookmarking site, de furl.net.

Op furl.net/members/tuxophil ass dann och elo mol en éischten Artikel verlinkt. Et geet ëm ee vu ménge Lieblingssujeten: wéi eis Gesellschaft lues awer sécher an en Iwwerwaachungsstaat iwwergeet. E Paradebeispill dofir ass d’Auswertung vun de Bewegungs- a Kommunikatiounsprofiler vun eisem léifste Spillgezei, dem Handy.
The remaining groups ranged in size from two to 142 subscribers. Members of these groups only ever called each other – clear evidence of antisocial behaviour – and, in one extreme case, a group was identified in which all the subscribers only ever called a single number at the centre of the web. This section of the ThorpeGlen presentation ended with one word: ‘WHY??’

19.4.08

SSH-Abrochsversich

Wéi vill aner Leit och hunn ech op mengem PC bestänneg den sshd lafen fir mech op Distanz kënnen anzeloggen (sief et am LAN oder iwwert den Internet). Dass dat net ganz ongeféierlech weist e klenge Bléck an d’Logfiles. Iwwert déi lescht 366 Deeg hunn ech exakt 2739 fehlgeschloe Loginversich ze verbuchen. Do ass et definitiv net vu Muttwëll anstänneg Passwierder ze benotzen…

Als zousätzlech Sécherheet limitéiren ech och nach d’Verbindungen zum SSH-Port an der Firewall op 6 Versich d’Minutt (och wann ech domat theoretesch eng Denial-of-Service-Attack riskéiren):

iptables -A FROM_INTERNET -p tcp --dport ssh \
-m state --state NEW \
-m limit --limit 6/m --limit-burst 10 \
-j ACCEPT

A wann ech schonn eng Kéier dobäi woar d’SSH-Logs e bëssen auszewerten, hunn ech och direkt déi heefegst invalid usernames aus de leschte Joren erausgefiltert (sortéiert no ofsteigender Frequenz):

183 admin
71 guest
70 oracle
59 webadmin
55 webmaster
45 sales
44 tomcat
42 staff
41 recruit
40 spam
40 office
36 virus
35 michael
25 library
25 info
21 user
21 linux
20 shell
19 unix
17 ftpuser
16 fluffy
15 william
15 trash
15 stud
15 gt05
15 aaron
14 stephanie
14 gary
13 t1na
13 mailtest
13 alessandra
11 master
11 a
10 alex


Dee Listing ass iwwregens den Output vun dësem klenge One-Liner:
grep "ssh.*Invalid user" /var/log/auth.log | awk '{print $8}' | sort | uniq -c | sort -n | tac

Labels:

1.4.08

Spaghetti-Récolte virun 51 Joer

Lëschteg.

18.3.08

Mol rem eng Kéier England

Ech komme geschwënn net méi no. Dofir just e liddrege copy&paste:
Primary school children should be eligible for the DNA database if they exhibit behaviour indicating they may become criminals in later life, according to Britain's most senior police forensics expert.

E liesenswerten Artikel. (via /.)

16.3.08

Pendleriwwerwaachung

17 Millionen Briten pendeln mit Funkchip-Fahrkarten zur Arbeit. In den Zentralrechnern der Verkehrsbetriebe sammeln sich so perfekte Bewegungsprofile an - diese Datenbanken will der Geheimdienst MI5 nun nach Terroristen durchforsten. Link.

Just dat mat de perfekte Bewegungsprofiler halen ech fir iwwerdriwwen: dofir gëtt et Handyen…

5.3.08

Gesellschaftsfeindlech Plakater an England

Wann ech der neister englescher AntiTerrorkampagne gleewen däerf, schéngen ech während menger Studienzäit nieweberufflech Terrorist gespillt ze hunn. Nice.

Update: flott „Remixer“

25.2.08

Jiddereen ass Organspender

Wat eng Heuchelei! Wéi ech grad um Radio héiren hunn gëtt alt mol rem gejéimert a geklot dass et net genuch Organspender ginn an dass dofir eng grouss Informatiouns- a Sensibilisatiounscampagne lancéiert gëtt. Wat bei der Berichterstattung (zumindest um Radio) awer systematesch „vergiess“ gëtt ass ze erwähnen dass dee Problem säit 25 (!) Joer geléist ass!

Hei e pur Extraiten aus der Loi du 25 novembre 1982 réglant le prélèvement de substances d’origine humaine :
Art. 6. Des prélèvements peuvent être effectués à des fins thérapeutiques ou scientifiques sur le cadavre d’une personne n’ayant pas de son vivant fait connaître par écrit son refus à un tel prélèvement.
Richteg, souguer fir wëssenschaftlech Recherche ass a priori keng Erlaabnis néideg:
Art. 1. La présente loi s’applique à tout prélèvement de substances d’origine humaine effectué à des fins de thérapeutique et de diagnostic au profit de personnes autres que le donneur, et à des fins de recherche.
Dat Ganzt betrëfft dann all Verstuerwenen deen net en « incapable mineur ou majeur » woar a bei deem een dovun ausgoe kann dass e säi leschte Wunnsëtz am Grand-Duché hat.

An um Radio schwätzen se nach alleguer (Journalisten, Dokteren, Famill vu Verstuerwener) vun „Erlaabnis froe bei der Famill“. A mengen Aan ass dat d’Leit fir domm verkaf. Dat Gesetz ass jo deemols bestëmmt och net liichtfankeg gestëmmt ginn. Soulues kéint ee sech jo iwwerleeën d’Gesetz einfach mol unzewenden.

Update: Ween nohëllefe wëll ka sech op www.dondorganes.public.lu säi Spenderausweis bestellen. («  Passeport de vie » an « La vie continue » hätten se sech awer kéinte spueren.)

P.S.
Art. 10. Lors de chaque délivrance […] d’une carte d’identité […], l’agent remet en même temps au titulaire de cette pièce une formule de déclaration à deux options que l’intéressé peut remplir et signer s’il entend exprimer qu’il est ou qu’il n’est pas donneur d’organes après sa mort.
Art. 18. Sans préjudice des peines plus fortes édictées par d’autres lois, les infractions à la présente loi et à ses règlements d’exécution sont punies d’un emprisonnement de huit jours à trois ans et d’une amende de 2.501 à 200.000 francs, ou d’une de ces peines seulement.
Kann ech elo dee Gemengebeamte verklape goen dee mer meng Carte d’identité ausgehännegt huet ouni sou eng formule de déclaration bäizeleeën? ;-)

17.2.08

Succé oder succée?


*schudder*
(Quell: rtl.lu, wat soss)

Labels:

2.12.07

PISA 2006

Et ass jo schon sou zimlech iwwerall gemellt ginn dass eis Schüler alt erem schlecht bei PISA ofgeschnidden hunn. E bëssen iwwerrascht sinn ech awer wéi wéineg déi Étude bis elo kritiséiert gouf. (Dat kënnt dann hoffentlech no der offizieller Publikatioun vun de Resultater.)

D’Ëmweltfroen (Quell) sinn nämlech äusserst opschlussräich: wéi soll e Cinquièmes-Schüler déi Froe beäntwere kënne wann en am Regelfall nach keng eng Sekonn Physique oder Chimie hat?

3.11.07

Vernetzte Geiger-Zähler

Et geet ëm Handyen. Dach, éierlech.
So entwickelt die US-Heimatschutzbehörde ein System, mit dem radioaktive oder chemische Gefahren frühzeitig und in Echtzeit erkannt werden können, wenn Handys massenhaft mit entsprechenden Sensoren ausgestattet würden. (Quell)

Eigentlech misst ech eng extra Rubrik iwwer d’Amerikaner an hir kollektiv Paranoia man. Da géif et all Dag eppes ze laachen. Oder ze kräischen.

Randnotiz: Déi liicht subversiv Illustratioun am Artikel gefällt mer nawell. Ech froe mech heiansdo ob d’Politiker – fir se mol all an een Dëppen ze geheien – sech eigentlech bewosst sinn wat hir Totaliwwerwaachung u Konsequenze fir d’Gesellschaft huet.