Endlech — eis Fernseher gi verkrëppelt
Sou oder sou ähnlech wäerte wuel vill Leit d’Noriicht vum Dag opgeholl hunn:
Ab Januar 2008 gëtt et keen analogt Signal méi um Gemeinschaftsantennekabel. Also muss fir all Fernseh, all Hard Disk-Recorder an all TV-Koart fir de Computer en Decoder kaf ginn. Eigentlech verfluchen ech jo d’PAL-Technik wéinst der dach, fir heiteg Standarden, miserabler Qualitéit. Dass meng e pur Méint al TV-Koart Enn des Joers awer rem wertlos ass iergert mech dach zimlech. An da bleift d’Fro inwifern een mat der Decoder-Télécommande de Fernseh steire kann an ëmgedréint.
Dat eenzegt gutt schéngt ze sinn dass e sënnvollen Accord fonnt ginn ass deen — hoffentlech — dofir suergt dass de ganzen Duercherneen (gratis/net gratis, chip card, Kompatibilitéit, etc.) vun deem ech schon gelies hunn (iwwer d’Situatioun an Däitschland) hei net antrënnt.
Fir de Rescht: ech kucken, grob geschätzt, eng 5—10 Stonne Fernseh. De Mount. Soulaang kee mer den DSL ofschalt ass alles am gringe Beräich =)
Update: Humoristesche Kommentar vun eiser Regierung:
En outre, l’installation sera plus facile qu’avec l’analogique […]Situation de proportionnalité: Wann d’Zuel vun de Geräter sech verduebelt, gëtt d’Verkablen duebel sou einfach. Oder hunn ech dat falsch verstanen?
De Commerce wäert sech jiddefalls freeën: 100€ fir 1 Decoder, 1 Decoder pro Gerät, e pur Geräter pro Stot, 90% vun de Stéit si betraff.