12.4.07

Jabber User Directory


Fir iwwer Jabber mat engem ze schwätzen brauch een deem anere seng Jabber User ID, wéi z.B. tuxophil@jabber.ccc.de (net ze verwiessele mat enger E-Mail Adress!). Wann een déi awer net weess kann een e Bléck an den Jabber User Directory werfen. Dat fonktionnéiert awer an all Programm liicht anescht, dofir ginn ech och net weider drop an.
Wat awer wichteg ass, ass dass ee bei Jabber net automatesch an deen zentrale Register agedroe gëtt (fir d’Privatsphär ze schützen). Dat muss een also eng Kéier selwer aus séngem Jabber Client eraus maachen.

A ween einfach mol mat Jabber-User schwätze wëll huet am Beschten e benotzt säi Google Account oder mécht sech een falls en nach keen huet. Den Jabber-baséierte Google Talk ass iwwregens och exzellent an den GMail Web-Interface integréiert.

Labels:

18.1.06

Google XMPP Federation

Oder op Lëtzebuergesch: Google Talk akzeptéiert elo Verbindunge mat externen Jabber-Serveren. Google Talk ass also lo an dat grousst Jabber-Netzwierk integréiert.

(Deemols hat ech mech jo driwwer gëirgert dass se dat net vun Ufank u gemaach hunn.)

Labels:

4.9.05

onlinestatus.org

Et gi vill Méiglechkeeten den eegenen online status aus séngem Lieblings-IM op der eegener Homepage unzeginn. Ënnert onlinestatus.org gëtt sou een ugebueden. Déi gängeg Protokoller ginn ënnerstëtzt.

Dat gëtt elo mol op Tuxophilia getest: dat hei misst den online status vun der JID tuxophil@jabber.ccc.de sinn: Jabber Online Status Indicator

Update: Ok, et fonktionnéiert definitiv net. Ech hunn de Status Indicator rem vun der Säit verbannt. Schued.

Labels:

3.9.05

Jabber File Transfer

An de leschten Deeg hunn ech mol gekuckt de File Transfer un d’Goen ze kréien. Wéi üblech wann een hannert enger NAT-Box ass (z.B. ADSL-„Router“) muss een och bei Jabber eventuell Ports opman a se vum Router op de Computer forwarden.

Wou ech e bësse gebraucht hu fir et ze realiséiren, ass dass bei Jabber prinzipiell den Empfänger eng Verbindung zum Sender opbaut, an net ëmgedréint. D’Detailer fënnt een an de relativ lieserlechen JEPs 0065 a 0096.

Déi bescht Méiglechkeet ass eng direkt Peer-to-Peer Verbindung. Hei schéckt de Sender dem Empfänger eng Noriicht dass e sech mat der IP Adress X um Port Y verbanne soll, wou en dann d’Datei iwwerdroe kritt. De Sender muss also kucken dass op séngem Router/Firewall/NAT den entspriechende Port (Kopete huet standardméisseg 8010) op ass, an och un de Computer weidergeleet gëtt. Well Jabber dofir awer déi extern IP Adress wësse muss, an et net virgesinn ass sech déi vum Jabber-Server soen ze loossen, muss een déi manuell uginn. Wann een awer eng dynamesch IP-Adress huet ass dat méi schwiereg, mee dofir kann een och en Hostname uginn. Bei no-ip.com oder dyndns.org kann ee sech awer gratis sou en dynameschen DNS-Eintrag maache loossen. (Dat ass och abseits vun Jabber ganz praktesch fir Serveren op séngem PC lafen ze loossen.)

Wann dat, aus wéi engem Grond och ëmmer, net klappt da seet den Empfänger dem Sender Bescheed, an da versicht de Sender eng direkt Verbindung mam Empfänger opzeman.

Wann et awer net méiglech ass d’Firewall ëmzekonfiguréiren, oder wann d’Gedeessems mat der dynamescher IP ze komplizéiert ass, gëtt et nach eng zweet Méiglechkeet: en Jabber File Transfer Proxy. An deem Fall schéckt de Sender dem Empfänger eng Noriicht dass e sech d’Datei entweder op X:Y erofluede kann, oder awer op P:Q wou P d’IP vum Proxy a Q de Port um Proxy ass. Den Empfänger versicht dann als éischt eng direkt Verbindung, a wann déi scheitert seet en dem Empfänger dass d’Datei iwwert de Proxy goe muss. Da bauen déi 2 Säiten eng Verbindung zum Proxy op an alles as an der Rei.

Et sief dann de Proxy fonktionnéiert net. Bei méngen Tester (proxy.jabber.org, proxy65.jabber.ccc.de, filetransfer.jabber.freenet.de) huet just den jabber.org Proxy fonktionnéiert. :-/

Fir et kuerz ze man: Jabber huet en zimlech intelligente File Transfer Protokoll: Sougur am komplizéierste Fall (déi zwou Säiten sinn hannert engem NAT verstoppt) geet et dur dass ee vu béide seng Firewall etc. richteg konfiguréiert huet. A wann dat net de Fall ass, e Proxy androen ass definitiv keng Hexerei.

Update: Also dass et och an déi aner Richtung geet (Sender mécht Verbindung op) schéngt net mat all Client ze klappen. Et schéngt wéi wann dat mam Kopete géif goen, mee wann den Adium dem Kopete eppes schécke wëll geet et net dur dass de Kopete um 8010 lauschtere kann. Wéi gesot: prinzipiell geet den Empfänger sech et sichen.

Labels:

24.8.05

Google Talk

Ma effektiv huet Google elo en Jabber-baséierten IM-Programm erausbruet. Allerdings just fir Windows. Mee si verweisen direkt op aner Jabber Clients déi een och problemlos benotze kann. Vläicht kréien ech jo lo e pur Leit iwwerzeegt en Jabber-Account unzeleeën. :-)

Update: Ok, dat vergiesse mer mol. Ee vun den Haaptpunkte vun Jabber, nämlech d’fräi Wiel vum Server (ech sinn z.B. bei jabber.dk), gëtt torpedéiert. Et kann een zwar e beliebegen Jabber-Client benotzen, mee et kann een nëmme Messages un aner Google Talk Leit schécken. Wierklech schued. Mee gläichzäiteg bretzen se sech mat Service Choice. An dobäi gi grad si Jabber an där Hinsiicht künstlech kastréiren.

Et bleift also alles beim alen: Wee fënnt dass IM wéi E-Mail soll sinn, also standardiséiert Protokoller a jidderee ka jidderengem schreiwen (onofhängeg vum Service Provider), fir dee gëtt och weiderhinn just eng vernünfteg Léisung: Jabber.

Labels:

23.8.05

Google Instant Messaging?

Alt erëm gëtt hefteg spekuléiert ob Google no GMail och en IM Déngscht lancéiert. Op talk.google.com ass en aktiven Jabber Server fonnt ginn. Et wir super wann duerch sou eng Aktioun endlech méi géif gejabbert ginn. Wee weess, vläicht man se jo den éischten (anstännegen?) komplett webbaséierten IM. Dass et och ouni Page Reloads geet hu se jo scho bewisen. Wéi och ëmmer, ech wäert wuel bei Kopete bleiwen. ;-)

Labels:

3.5.05

Haut scho gejabbert?

Haut ass e groussen Dag: ech hunn elo ganzer 3 Jabber Contacts a méngem IM Client (Kopete). Vläicht misst mol méi Reklamm fir Jabber gemaach ginn …

Jabber ass kee Programm (wéi ICQ et ass) mee just e Protokoll fir IMs ze verschécken. Et ginn eng Onmass Jabber-Clients déi engem et erméigleche komfortabel ze kommunizéiren, sou wéi een et vun ICQ & Co gewinnt ass. Allerdings ass Jabber en „offene Standard“, dat heescht de Protokoll ass am Detail dokumentéiert a gëtt ëffentlech weider entwéckelt. Et kann also jiddereen et benotzen, an zwar mat engem beliebege Client. Virun allem geet och keen hinn a verännert de Protokoll express fir „net-original“ Clients auszeschléissen (wéi Microsoft an Yahoo et jo all pur Méint versichen). Nach e pur exzellent Argumenter fënnt een am offiziellen Overview.

Wat soll ech scho groussarteg méi soen: eng flott a praktesch Alternativ, déi net versicht engem Reklammen opzezwéngen a kee „Vendor Lock-In“ Effekt huet. Vläicht nach en Tipp: déi meescht Multi-Protokoll-Clients (wéi z.B. Gaim) ënnerstëtzen Jabber och. Firwat also net MSN & Co. duerch ee Programm ersetzen dat niewebäi och Jabber kann?

Labels: