PDF-Dateie verschaffen
Wéi jidderee weess ass et eng Doudsënn Word-Dokumenter ze e-mailen wann dat net ausdrécklech erwënscht ass. D’Virdeeler vu PDF-Dateie sinn hoffentlech bekannt. Heiansdo stellt sech dann awer d’Fro, wéi een déi Dateie weiderverschaffe kann. Iwwer d’Joren hunn ech e pur nëtzlech Programmer kennegeléiert.
- De PDF Toolkit (
pdftk
) ass de wuel wichtegste Programm: et ass eng virtuell Agrafeuse mat där ee Säiten aus PDF-Dokumenter beliebeg zu neie PDFe kombinéiren kann. Uwendungsméiglechkeeten: Annexen un e Rapport drunhänken; am OpenOffice Draw en Deckblat fir epdflatex
-Dokument man. - Net ze ënnerschätzen: pdfjam. Domat kann een PDFen ëm 90° dréien oder e pur Säiten op eng man (ähnlech wéi mam
psnup
fir Postscript-Dateien). - A verschiddene Grafikprogrammer kann een EPS-Dateien afügen, awer keng PDFen. Dee Problem ass awer séier geléist: mat
pdftops
(gehéiert zu Poppler/xpdf) oderpdf2ps
a PS ëmwandelen, an duerno mamps2epsi
eng EPS-Datei erstellen. - Mam
pstoedit
kann ee PDFen deelweis editéierbar man. Zum Beispill kann een eng PDF an eng SVG-Datei ëmwandelen an dann am Inkscape eng Vektorgrafik erausplécken. Dat ass allerdings alles anescht wéi zouverlässeg. - Zu gudder Lescht nach e bëllegen Hack: wann een eppes op eng PDF bäimole wëll (z.B. am OOo Draw), kann ee sech hëllefen andeems een d’PDF am Gimp opmécht, 300dpi astellt, copy, an den OOo Draw pasten.