Schaltsekonn
Dass sou eng hënt bäigefléckt gëtt misst jo mëttlererweil jidderee matkritt hunn. Wat awer direkt d’Fro opwerft wat dann elo GNU/Linux dozou seet. Weist deen déi ominös Sekonn 23:59:60 UTC tatsächlech un? Leider ass d’Äntwert jein. Jo, wann een als Zäitzon
/usr/share/zoneinfo/right/Europe/Luxembourg
astellt, mee dat ass mat Schwieregkeete verbonnen. Wann een allerdings en alternative Wee geet misst et méiglech sinn, well C
weess dass et Schaltsekonne ginn.Am Normalfall ass d’Äntwert awer leider Nee. Mee wéi kënnt et dass eng Programméiersprooch aus de 70er sou eppes kennt, mee och de modernste Unix net? (Zur Erënnerung:
C
ass entwéckelt ginn fir Unix ze programméiren!) Ee Wuert: POSIX.TheDen eenzege Schéinheetsfehler vum POSIX Standard? Net wierklech:asctime()
,ctime()
,difftime()
,gmtime()
,localtime()
, andmktime()
functions conform to ISO/IEC 9899:1990 (“ISO C89”), and conform to ISO/IEC 9945-1:1996 (“POSIX.1”) provided the selected local timezone does not contain a leap-second table [emphasis added] (schamlos vun hei iwwerholl)
Fortunately, the POSIX rules are so outrageously dumb—for example, they require that 2100 be a leap year, contradicting the Gregorian calendar—that no self-respecting engineer would obey them. (Zitat vum DJB sénger Säit)Wee wësse wëll wéi d’Schaltsekonn am Normalfall (also Synchronisatioun duerch den
ntpd
) bäigefléckt gëtt, kann dat an der Beschreiwung noliesen.Labels: Linux