Eye Tattooing
Jo, genee dat. Autsch.
Update: Ech hu jo scho vill Sch*** um Internet gesinn, mee d’Modblog topt villes. Wow. An och nach 16 Säiten därs.
DAT MUSS VERBUEDE GINN!!!!! ;-)
Gedanken, Genörgels a Gemauls vun engem e bëssen ze fanatesche GNU/Linux Benotzer.
Jo, genee dat. Autsch.
Bei dëser Meldung kann ech mer et net verknäife mäi Samsung YP-U2R¹ Muséksplayer ze luewen: et ass am Fong geholl en normalen USB-Stick deen och Musék ofspille kann, sougur där am — tada — Ogg Vorbis Format.… geet dach direkt vill besser vun Hand wann een deen een oder aner gudden Dictionnaire bei Hand huet. Nieft de Klassiker op Pabeier (oder CD) ginn et haut awer och eng Rei interessant Wierker um WWW. Ech hu mol déi pur (a méngen Aan) interessantst erausgepléckt:

Labels: Sproochen, Typographie
Lo wësse mer endlech firwat an all gréissere Stied Wifi-Netzer ageriicht ginn:
Westminster City Council is busy installing networked security cameras that can recognize parking permits and the plates of offending vehicles.
“Parking enforcement is the killer application that everyone is looking for”
(Quell, via engadget)
[…] use technology to prevent people from using or searching dangerous words like bomb, kill, genocide or terrorism (Quell)
[Jo, ech weess, a leschter Zäit woar et zimlech roueg hei, an ech kann och net verspriechen dass dat sech an nächster Zäit ännere wäert.]
20€ de Mount (resp. 60€ fir en 16Mbit/s) fir onlimitéierten Internet? Kléngt gutt, a genee dee Präis gëtt och am Wort vun haut zitéiert. E pur Zeilen driwwer stinn allerdings d’Détailer zu der Remarque « avec Contrat de Téléphonie »:
An anere Wierder: si hu guer keng Offer fir 20€. Entweder ass et ouni Telefon an et kascht 22€ oder et ass mat Telefon an et kascht 24€. Beim Top ass et nach méi lëschteg. Ouni Telefon 70€, mat Telefon 64€. Wann ech mat méngen aktuellen Aboe vergläichen ass hire Service finanziell zimlech interessant, mee op déi do Zort Marketing sinn ech leider allergesch. An et geet an deemselweschte Stil weider: si bidden engem de „Choix“ tëscht zwou Méiglechkeeten ze bezuelen. Dass per Rechnung bezuelen mat enger Taxe vun 1,25€ verbonnen ass stéiert mech schonn e bëssen, nach méi awer dass och d’Réductioun vun ~80€ (12 Méint) oder ~130€ (24 Méint) bei der Installatioun un d’Awëllegung zu enger Domiciliatioun gekoppelt ass. Et gëtt also rem eng Optioun suggéréiert déi et awer de facto net gëtt.
D’Fro déi de Flyer dann definitiv net beäntwert ass firwat ech Geschäfter mat enger Firma maache soll déi mech offensichtlech fir domm verkafe wëll.