eBay-Geschichten (an aner Saachen)
Firwat sinn ech äusserst skeptesch wat eBay ugeet? Eigentlech ginn et dofir zevill gutt Grënn fir se opezlëschten, mee 2 interessant Saache wëll ech rauspicken.
Als éischt mol den obligatoreschen P-P-P-Powerbook. Ech hu gëscht mol déi 28 Säite-PDF duerchgelies. Einfach nëmme brilliant. Do ass de Betrüger selwer beduxt ginn. Mee op wéi eng Manéier, dat ass just nach genial. (Dat schlëmmt dorun ass dass eBay Sëcherheet leider net eescht genuch hëlt, an dass et dowéinst vill Scammer bei eBay gëtt.)
An dann eppes méi Allgemenges (well et fir all Kaf/Verkaf gëlt). Et schéngt sech nach ëmmer net (zumindest a méngem Bekanntekreess) erëmgeschwat ze hunn dass et säit 2002 nei Gewährleistungsbestëmmunge gëtt. Op Basis vun der EU-Directive 1999/44/EG (de, fr) muss elo och e private Verkeefer 2 Joer (!) Gewährleistung op verkaaften Artikelen ginn! (z.B. bei eBay, oder Auto privat verkafen.) Et sief dann et schléisst een dat ausdrëcklech aus. An anere Wierder kann ee sech ganz gewalteg usch*** wann een en Auto privat verkeeft ouni an de Contrat ze schreiwen dass et „Unter Ausschluss jeglicher Gewährleistung“ ass. An et ass ganz wichteg dat absolut korrekt ze formuléiren. An dat ass net sou ohne, wéi d’PC Magazin bericht.
Update: Ahem, an elo rectifiéire mer dee Quatsch aus dem Abschnitt virdrun. Wat ech do beschriwwen hunn ass d’Situatioun an Däitschland. Dat gëlt do säit der Ëmsetzung vun der 1999/44/CE, mee gläichzäiteg hu se an Däitschland och dat bestehend Garantierecht komplett iwwerschafft. An anere Wierder, mat der Directive hunn déi Saachen nëmme bedingt ze dinn. Et ass also vill méi sënnvoll mol e Bléck an de Mémorial, an op den Artikel vum Konsumenteschutz ze geheien. Wann ech dat richteg verstinn (an IANAL), geet et am grousse Ganzen drëm dass de Verkeefer 2 Joer laang kann ugesicht ginn wann de „Bien“ deen e verkaf huet net conforme ass zu deem wat am Kontrakt steet. An anere Wierder wann ech no e pur Woche mol mierken dass eppes u méngem neien Occasiouns-Auto net an der Rei ass däerf de Verkeefer mech net einfach ofweisen a soen „domm gelaf“. Mee no lëtzebuergeschem Gesetz ass et och elo sou dass beim Verkaf vun Occasiounsgüter déi Frist kann op 1 Joer verkierzt ginn.
Ech misst och nach betounen dass déi üblech Händlergarantie (déi opkënnt wann en Apparat futti fiert; an 2 Joer minimum dauert) näicht mat där heite Saach ze dinn huet.
Elo froen ech mech awer wat déi Problematik mat der däitscher „Gewährleistung“ iwwerhaapt mat der 1999/44/CE ze dinn huet, well an der Directive steet:
Im Fall gebrauchter Güter können die Mitgliedstaaten vorsehen, daß der Verkäufer und der Verbraucher sich auf Vertragsklauseln oder Vereinbarungen einigen können, denen zufolge der Verkäufer weniger lange haftet als in Artikel 5 Absatz 1 vorgesehen. Diese kürzere Haftungsdauer darf ein Jahr nicht unterschreiten.