Guantánamo Bay
Die US-Regierung will den Insassen des Gefangenenlagers Guantanamo mehr Rechte einräumen. Sie sollen unter anderem an ihrem eigenen Prozess teilnehmen dürfen und Einblick ins Beweismaterialien erhalten. (Spiegel Online)
Gedanken, Genörgels a Gemauls vun engem e bëssen ze fanatesche GNU/Linux Benotzer.
Die US-Regierung will den Insassen des Gefangenenlagers Guantanamo mehr Rechte einräumen. Sie sollen unter anderem an ihrem eigenen Prozess teilnehmen dürfen und Einblick ins Beweismaterialien erhalten. (Spiegel Online)
Et ass jo kaum ze gleewen. Eng handvoll Leit déi d’Blog liesen, awer dauernd Comment Spam. Ech hu Besseres ze dinn wéi Spam ze läschen, dofir heescht et ab elo CAPTCHA virum posten. Sorry.
Wow, ech si platt. Ech hu grad mol gekuckt wat op planet.jabber.org alles sou lass ass, wou ech dann net dat hei gelies hunn:
Six Years LaterAss dat wierklech wouer? An da ginn et tatsächlech Leit déi MSN benotzen??? Do gesäit een zwar mol wat eng Monopolstellung am Betriebssystemberäich alles bewierkt.
Rumors are flying that MSN may be adding support for offline messages -- only 6 years after we had that in Jabber. I'm so glad that Microsoft has the freedom to innovate!
Säit der Aféirung Ufank des Mounts zitt et mech ëmmer rem dohin: Interestingness ass souzesoen d’Flickr-Versioun vum Pagerank-Algorithmus. Wéivill mol ugeklickt, drop verlinkt, als Favorite gespäichert, dat sinn nëmmen e pur vun de Kriterien déi bestëmme wéi interessant eng Foto ass. An déi interessantst kommen an d’Ausstellung: lescht 24 Stonnen, Kalenner. Wierklech beandrockend.
Labels: Foto
Ma effektiv huet Google elo en Jabber-baséierten IM-Programm erausbruet. Allerdings just fir Windows. Mee si verweisen direkt op aner Jabber Clients déi een och problemlos benotze kann. Vläicht kréien ech jo lo e pur Leit iwwerzeegt en Jabber-Account unzeleeën. :-)
jabber.dk
), gëtt torpedéiert. Et kann een zwar e beliebegen Jabber-Client benotzen, mee et kann een nëmme Messages un aner Google Talk Leit schécken. Wierklech schued. Mee gläichzäiteg bretzen se sech mat Service Choice. An dobäi gi grad si Jabber an där Hinsiicht künstlech kastréiren.Labels: Jabber
Alt erëm gëtt hefteg spekuléiert ob Google no GMail och en IM Déngscht lancéiert. Op talk.google.com ass en aktiven Jabber Server fonnt ginn. Et wir super wann duerch sou eng Aktioun endlech méi géif gejabbert ginn. Wee weess, vläicht man se jo den éischten (anstännegen?) komplett webbaséierten IM. Dass et och ouni Page Reloads geet hu se jo scho bewisen. Wéi och ëmmer, ech wäert wuel bei Kopete bleiwen. ;-)
Labels: Jabber
“The First and Only Magazine for the New Linux User”, dat ass de Motto vum TUX Magazine. Wéi den Numm et schon undeit, riicht dës Online-Publicatioun sech un den „Duerchschnëtts“-Desktop User. Et ginn also flott Programmer (wéi z.B. amaroK, Digikam oder K3b) virgestallt an erklärt. Et gëtt och eng relativ grouss Sektioun mat Lieserbréifer a Q&A. Den Inhalt eegent sech och einegermoosse fir Leit déi GNU/Linux zwar net benotzen, mee sech dofir interesséiren. Vläicht zécken verschiddener jo och well se mengen GNU/Linux wir just eppes fir Über-Geeks. Dat ass allerdings net (méi) de Fall.
Labels: Linux
Och wann et net méi ganz aktuell ass, d’EFF huet e relativ interessante 4-deelege Bericht (1,2,3,4) iwwert d’WinHEC 2005. Virun allem geet et drëm wéi Microsoft sech d’Multimedia-Fähegkeeten (oder éischter d’Aschränkungen) vun zukünftege PCe virstellt.
PMP includes several phases and features which Microsoft plans to introduce over time. One such feature is COPP, which allows applications to selectively disable the use of particular video cards or particular outputs on a video card. (For example, an application could refuse to output to a DVI output without HDCP encryption, or to an analog VGA output, or to a YPbPr component video output.)Kee Wonner also dass sou laang um Windows Vista (a.k.a. Longhorn) gebastelt gëtt.
[…]
PMP will create a kernel-enforced construct called a Protected Environment (PE) in which particular software modules, including drivers and other code, that are trusted by particular entertainment companies can run and enforce DRM restrictions.
[…]
Components that are loaded into the PE by the Windows kernel must be signed and authenticated
[…]
Perhaps most significantly, the PE will be subject to a “global revocation list” maintained by Microsoft and distributed through Windows Update and possibly other channels.
Labels: Hardware
Wéi den Numm et seet geet et an dësem Buch eenzeg an ëlleng em d’Bildkompositioun. Et ass also keent vun deene sëllege Bicher déi ee wëlle beim Kaf beroden, d’Kamera erklären, Photoshop virféiren, Tipps fir d’Printe ginn, an dann nach e pur Säiten hu fir ze weise wéi een déi Fotoen dann eigentlech gestalte soll. D’Buch huet 127 Säiten, an ass als Täschebuch am vfv (Verlag für Foto, Film und Video) eräuskomm. Et kascht 15,95 €.
Labels: Foto
E Glanzstéck am Internet: notpron ass e ganzt flott Internetspill. Et gëlt Rätselen ze léisen fir an den nächste Level ze kommen. Kléngt langweileg, ass et awer net. D’Rätsele sinn zimlech intelligent gemaach. Si sinn anspruchsvoll, mee am Beräich vum Méiglechen. Et muss ee sech awer och drop astellen och mol d’URL manuell ze verännere fir weiderzekommen. An dat ass net gefuddelt, mee sou gewollt! Och ass Google eng ganz wertvoll Hëllef fir d’Hinweiser déi ee kritt richteg ëmzesetzen. Natirlech kéint een och no Léisunge googlen, mee domat hëlt ee sech de ganze Spaass. Bei dësem Spill méi wéi bei all anerem.
Dat résuméiert de Bootcode vun der X-Box. Op xbox-linux.org gëtt et e ganz interessanten Artikel iwwer d’Sécherheetsmoossname vun der X-Box. Do gëtt gewise wéi eng Feeler Microsoft gemaach huet. Insgesamt e flotten Abléck an d’Konsolenhackerei.
Labels: Hardware
Nëmmen bei konkretem Verdacht op eng Strofdod gi Leit iwwerwaacht? Als Onschëlleger hu mer e Recht op Privatsphär? Jo, mee net méi laang wann d’EU-Kommissioun hir Propos duerchgepusht kritt. Déi gesäit vir d’Telefonsverbindungsdaten (mat weem ee wéi laang telefonéiert huet), E-Mail Kontakter (weem gemailt, wéi oft, etc.) an sou weider fir ee Joer, respektiv en halleft späicheren ze loossen.
Am Pennsylvania hunn elo 13 Schüler (!) e skrupellost Verbriechen ausgeübt: si hunn op Laptops déi vun der Schoul zur Verfügung gestalt goufen — et gleewt een et kaum — gechat a gesurft. Sougur Pornographie! Ee Gléck dass se erwëscht goufen a viru Geriicht kommen. Mee wéi de Register bericht schéngen se net op den elektresche Stull ze kommen.
Apple schéngt et endlech bekäppt ze hunn: Hir aktuell Mais (zumindest déi beim eMac) si Wouscht. D’ganz Maus ass de Knäppchen. Dat huet zur Folleg dass een net mol d’Hand ofleeë kann ouni ongewollt rondrem ze klicken. Dass ee kee Scrollrad an och kee rietse Knäppchen huet mécht d’Saach „perfekt“. Ergonomie Null.
As it turns out, Apple blew the description of its “aural feedback” and “touch sensitivity” out of proportion and led most of us to believe that 1) there was some sort of speaker built into the mouse with synthetic mouse sounds coming out of it, and 2) the shell might be solid-state touch-sensitive like our beloved iPod wheels. […]
Like the Apple Pro Mouse, the upper shell depresses when you press on it in various places with your finger(s), and the clicking noise is an actual, real clicking noise […].
Labels: Hardware
A méngem „Lieblings“-Butték Hifi International ma se lo mol eppes richteg. Zumindest wat ee vun hiren HD-Ready Fernsehapparater ugeet: Op deem gëtt nämlech keen ultragrotteschlecht Fernsehbild gewisen, oder eng DVD där hirt Signal nach un 20 aner Fernseher geliwwert gëtt (grausam), mee eng Sony HD-Kamera mat 1080 Bildzeilen Opléisung. Déi Kombinatioun mécht och dem Leschte kloer wéi fuerchtbar scheusslesch e PAL-Bild eigentlech ass (oder och eng DVD). Vum technesche Standpunkt aus gesinn ass HD eng enorm Verbesserung a misst eigentlech en Hit gi soubal HD-Content rauskënnt. Et ass en Ënnerscheed wéi Dag an Nuecht. Wierklech beandrockend. (Mee am Géigenzuch gesinn dofir all déi aner Fernseher em sou méi schlecht aus. :-))
Labels: Hardware